Wëll Käschtebeem

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Käschtebeem)
Wëll Käschtebeem
An anere Sproochen fr: Marronier
de: Rosskastanie
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Sapindales
Famill Seefebamplanzen
Wëssenschaftlechen Numm
Aesculus
Linnaeus

D'Wëll Käschtebeem (Aesculus) si Beem aus der Famill vun de Seefebamplanzen (Sapindaceae) mat ronn 25 Aarten an Nordamerika, Europa an an Asien. An der Cronquistklassifizéierung gehéiere s'an d'Famill vun den Hippocastanaceae.

Et si Beem déi séier wuessen, an iwwer 20 Meter héich ginn. Hiert Holz ass mëll an et eegent sech dofir gutt fir Schnëtzereien.

Wéinst hirem séiere Wuesstem, hirer dichter Kroun déi vill Schiet garantéiert, an der grousser opfälleger Bléi, si s'als Park- an Alleebeem beléift. D'Friichten, déi Käschte genannt ginn an de Maroune gläichen, si batter a kënne just vun Hirschen, Réi a Wëllschwäin als Fudder opgeholl ginn. En Entbatterungsprozess mécht et méiglech datt se och beim Hausvéi verfiddert kënne ginn.

Den däitschen Numm Rosskastanie kënnt dohier well se fréier bei Päerd als Medezin géint den Houscht gebraucht goufen.

Knäpp[änneren | Quelltext änneren]

Wann am Hierscht d'Blieder vum Bam fale bleift eng houfeisefërmeg Bless um Aascht. Op där Bless sëtzt de Knapp, dee sech am Summer an der Achsel vum Blat gebilt hunn. Wa mer sou e Kapp opmaachen, musse mer fir d'éischt e puer schuppefërmeg Blieder ewechhuele vun deenen déi baussenzeg haart a brong sinn. All déi Schuppe vum Knapp si mat enger haarzfërmeger Mass verpecht. Si sinn ëm e jonken Schotz, d. h. e ganz klengen Aascht mat Blieder (Blatknapp) oder mat Blieder a Bléien (Bléieknapp). Déi eenzel Deeler si mat seidegen Hoer bedeckt. Am Fréijoer gëtt de Knapp lues a lues méi grouss, an den Haarz drëpst eraus. Déi bannenzeg gréng Schuppe vum Knapp strecke sech mat deem jonken Aascht, deen ufänkt mat wuessen, an d'Längt a protegéieren e weider bis se zum Schluss ganz opginn, an den Aascht fräiginn. Duerno fale s'erof.

Jonkt Blat[änneren | Quelltext änneren]

Dat jonkt Blat ass am Ufank ganz mat renge wäissen Hoer bedeckt. Déi eenzel Bliedercher sinn der Längt no zesummegefaalt a sti riicht aus dem Knapp eraus. Duerno gi se an d'Breet an hänken eng Zäit laang no ënnen. Schliisslech riicht d'Blat sech op a kritt lues a lues seng definitiv Form. Déi kleng Hoer um Blat protegéieren d'Blat virun der Sonn, a verhënneren doduerch eng staark Verdonstung, duerch déi dat jonkt Blat verdréchne géif.

Fäerdegt Blat[änneren | Quelltext änneren]

All Blat besteet aus 7 reng gerëppten Eenzelblieder déi um Wutz vun engem Laange Still sëtzen, sou wéi d'Fangeren op enger Hand. Si sinn eefërmeg a ginn no ënne spatz zesummen, soudatt keent dat anert iwwerdeckt. Op vertikalen Äscht sti sech all Kéier zwee Blieder vis-à-vis a bilde mat der Koppel déi duerno kënnt e Kräiz. Se si kräizstänneg. Op den horizontalen Äscht si se och kräizstänneg, et fält awer manner op well d'Blieder d'Tendenz hunn, fir sech an engem horizontale Plang ze verdeelen, woubäi déi bannenzeg méi laang Stiller maachen, a sou net am Schiet vun de baussenzege sinn.

Bléi[änneren | Quelltext änneren]

Käschtebléi

Well d'Bléie schonn am Knapp fäerdeg ausgebilt sinn, falen se sech kuerz nodeem d'Blieder do sinn auserneen. Si bilde grouss Bouqueten, déi, wat se méi no bausse vun der Kroun stinn, och méi grouss sinn. All Bléi huet e Kielech mat 5 Wutzen, deen awer relativ séier eroffält, a 5 wäiss Blummeblieder déi e gielen, a méi spéit e roude Fleck kréien. Nieft de siwe Stëpsblieder fënnt een nëmmen an e Puer Bléien e Stempel. Déi onfruchtbar Bléien hunn awer och hiren Zweck. Si produzéiere Bléiestëps, a maachen d'Bléi méi grouss a méi opfälleg. Am Ufank kuckt de laange Griffel aus der Bléi eraus, gëtt awer duerno vun de Stëpsblieder iwwerdeckt. D'Befruchtung geschitt doduerch datt d'Beien de Bléiestëps vun alle Bléien op méi Jonker schleefen.

Fruucht[änneren | Quelltext änneren]

D'Friichten

D'Fruucht huet e grénge Mantel mat Stachele ronderëm. Wa se zeideg ass fält se vum Still, de Mantel fiert auserneen an dee grousse bronge Somkär, d'Käscht, gëtt doduerch fräi.

Blieder a Bléie vun enger rouder Käscht

Déi bekanntst Aarte si follgend:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Käschtebeem – Biller, Videoen oder Audiodateien