Jean-Pierre Beckius
Jean-Pierre Beckius | |
---|---|
Jean-Pierre Beckius, Autoportrait (1930) | |
Gebuertsnumm | Johann Peter Beckius |
Gebuer |
4. August 1899 Mäertert |
Gestuerwen |
11. Dezember 1946 Mäertert |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Gabrielle Breyer |
Papp | Peter Beckius |
Mamm | Catherine Thull |
Kanner | Triny Beckius |
De Jean-Pierre Beckius, gebuer als Johann Peter Beckius de 4. August 1899 zu Mäertert[1], an och do, no schwéierer Krankheet, a senger Villa gestuerwen den 11. Dezember 1946, war e lëtzebuergesche Moler.
De Jean-Pierre Beckius stoung den Impressionisten no, déi e vun 1919 bis 1926 zu Paräis studéiert huet. Hien huet och laang Reesen an Italien (Neapel a Roum, 1928-1930) an an Holland (1933-1934) gemaach. Hie war ee vun deene Moler, déi an hire Biller eng grouss Léift fir hiert Land zum Ausdrock bruecht hunn. Vu senge Sujeten hier gëtt hien allgemeng als Moler vun der Musel bezeechent, obschonn hie méi wéi e "Muselmoler" war.[2]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Jean-Pierre Beckius gouf als éischte vun zwee Kanner an enger Wënzerfamill gebuer. Säi Papp war vu Kapenaker, seng Mamm, d'Catherine Thull, war vu Mäertert. De Jean-Pierre sollt an der Traditioun dat weiderféiere wat seng Elteren a Grousseltere geschafft hunn.
De Pierre Frieden, sengerzäit jonke Student, konnt dem Beckius säi Papp awer iwwerzeegen, datt de Jean-Pierre weider an d'Schoul goe kéint a sou koum dee jonke Beckius dunn an d'Handwierkerschoul, wou hien tëscht 1914 an 1918 ë. a. de Pierre Blanc an de Ferdinand d'Huart als Professer hat.
1919 ass hien dunn op Paräis gaangen, wou hie siwe Joer laang gewunnt huet. Hie war op der École nationale supérieure des beaux-arts an huet do déi fréier grouss Meeschtere studéiert. Beim Fernand Cormon huet hien d'Portraitmolerei studéiert. De Beckius gouf staark vum Corot a vum Impressionismus markéiert, deem en duerno a senge Wierker ëmmer trei bliwwen ass.
Am Joer 1924 war de Beckius beim Biisser Paschtouer Jean-Pierre Molitor op Besuch. Just zu där Zäit gouf d'Parkierch vu Biissen faarweg ausgemoolt. De Beckius huet d'Geleeënheet benotzt, fir véier Zeenen aus dem Neien Testament op d'Chouerwänn ze molen.
Am mondäne Paräis huet sech de Jean-Pierre Beckius net wierklech wuel gefillt an hien huet och ëmmer léiwer déi roueg Gaassen, de Montmartre oder d'Seine mat hire Brécke gemoolt.
Mat der finanzieller Hëllef vum Joseph Bech ass de Beckius tëscht 1928 an 1930 duerch Italie gereest. Do huet hie seng Technik verfeinert an huet geléiert mam Liicht an der Hellegkeet am Mëttelmierraum ze spillen.
1933 huet de Beckius sech mat der Gabrielle Breyer vun Arel bestuet. Wéinst senger Léift fir de Rembrandt ass de Beckius dunn an Holland gaangen; et war am Fong eng Hochzäitsrees déi zwee Joer gedauert huet. Seng léifst Motiver zu Amsterdam waren déi schmuel Gaassen an typesch Haiser vun Amsterdam an d'Grachte mat de Booter. Duerno zu Volendam hunn him déi al Fëscher et ugedoe, vun deenen hie ganz vill Portraite gemoolt huet. Fir eng méi laang Zäit huet hien a seng jonk Fra an engem Fëscherhaischen zu Edmond-aan-Zee gewunnt. Hei huet hie ganz vill Dünen- a Mierlandschaften op d'Toile bruecht.
No der Hochzäitsrees ass hien 1934 zeréck op Mäertert gaangen an ass do wunne bliwwen. Hien huet sech am Ufank vun den 1940er Jore vum Hubert Schumacher an der Mompecher Strooss e Wunnhaus baue gelooss. An engem Säitefligel vun der Villa gouf en Atelier mat grousse Fënsteren amenagéiert. Laang konnt de Beckius awer net do schaffen, well 1946, zwee Joer nodeem d'Haus fäerdeg war, ass hie mat nëmme 47 Joer gestuerwen. Säin Haus ass am September 2023 ofgerappt ginn, fir e privaten Immobiliëprojet kënnen ze realiséieren[3].
Krichsjoren
[änneren | Quelltext änneren]Bei der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 soll hie mat "Lëtzebuergesch" als Volkszugehörigkeit geäntwert hunn.
1942 gouf hie Member bei der Nationalsozialistescher Volkswohlfahrt an Enn 1943 war hien an der Reichskulturkammer, eng Vereenegung vu Kulturschafenden am Drëtte Räich. Dëst huet him Zougang zu méi Ausstellunge ginn: 1940 an 1942 am Konschthaus zu Lëtzebuerg, 1941 op enger Wanderausstellung zu Gerolstein an am Schlass Schönhausen zu Berlin. Wéi aus der Dissertatioun "Die nationalsozialistische Kunst- und Kulturpolitik im Grossherzugtum Luxemburg 1934–1944" vun der Chercheuse Catherine Lorent vun der Uni Lëtzebuerg ervirgeet, gouf groussen Drock op d'Lëtzebuerger Kënschtler gemaach hei matzemaachen fir weider däerfen an hirem Beruff ze schaffen.[4] An den Zeitungsartikelen iwwer des Ausstellunge fënnt een d'Nimm vu praktesch all de Lëtzebuerger Kënschtler aus där Zäit. A wéi vill aner vun hinnen huet och de Jean-Pierre Beckius parallel dozou Iwwerweisungen un d'Resistenz gemaach. Den 20. Juni 1946 gouf säin Dossier vun der "10e Commission d'enquête en matière d'épuration de la vie artistique et littéraire" eestëmmeg klasséiert.
Am Wanter 1944/45 bei der Ardennenoffensiv gouf och seng Villa zu Mäertert net verschount. Am Dezember 1945 huet hie beim Kriegsschädenamt de Verloscht vu 25 Zeechnungen a 50 Wierker an engem Wäert vun 120.000 Frang gemellt.[5]
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Dem Beckius säi Wierk ass enorm villsäiteg. Hien ass bekannt fir seng Landschaften - dorënner fënnt e wuel Musellandschaften, mä hien huet och vill Bëscher mat Baachen, Landschafte mat Bongerten, Felder a Gaarwen an och gär vereenzelt Beem gemoolt. Aus senger Zäit am Ausland huet hie groussaarteg Vuë vu Paräis, Roum, Neapel an Amsterdam hannerlooss. Mä hien huet sech och fir den architektoneschen Detail interesséiert. Anersäits huet de Beckius och immens vill Portraite gemoolt. Dacks huet hie seng Mamm, seng Fra, säi Brudder a seng Kanner portraitéiert mä hien huet och d'Leit an d'Kanner aus dem Duerf gemoolt a vu senge Reesen aus Italien an Holland huet hie Portraite vu Fëscher mat heem bruecht.
Auswiel vum Beckius senge Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- 1924: an der Parkierch vu Biissen, véier Zeenen aus dem Neien Testament op d'Chouerwänn: d'Abendmahl, d'Doudenerweckung vum Jünger vun Naim, Jesus de Kannerfrënd an d'Biergpriedegt. Dës Freske si bis haut erhalen a stinn zanter 1987 ënner Denkmalschutz;
- 1939: eng Serie vun néng Aquarellen déi de Beckius am Kader vum Centenaire vun der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg gemoolt huet an déi hien der Groussherzogin Charlotte geschenkt huet, wéi déi zu Gréiwemaacher op Besuch war.
-
De fréieren Institut Saint-Joseph zu Betzder
-
D'Musel zu Wuermer
-
D'Sirbréck bei Manternach
- Famill
-
seng Fra Gabrielle
-
seng Duechter Marianne
-
säi Jong François
-
seng Mamm (1940)
De Beckius hat seng Wierker ë. a. an de Salone vum Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt an awer och an der Galerie Bradtké an der Stad: 1931 (italieenesch Biller), 1935 (hollännesch Biller) an 1939.
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]individuell Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1931 Galerie Bradké, Luxemburg - Ausstellung vun den Italien-Biller
- 1935 Galerie Bradké, Luxemburg - Ausstellung vun den Holland-Biller
- 1947: J. -P. Beckius: Semences et Récolte
- 1967: J.-P. Beckius: Exposition rétrospective. Luxembourg: Musée de l'Etat, 1967.
- 1996/97: Jean-Pierre Beckius 1899-1946: Peintures. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art
- 2006 Jean-Pierre Beckius im Kulturzentrum Mertert
- 2024-2025 Jean-Pierre Beckius: Impressions d'ici et d'ailleurs, Villa Vauban Luxemburg
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- France Clarinval, 2024. Redécouverte. Exposées à l'occasion de son 125e anniversaire, les oeuvres de Jean-Pierre Beckius montrent des aspects méconnus du « peintre de la Moselle ». d'Lëtzebuerger Land vum 20. Dezember 2014, S. 15-16.
- Madeleine Frieden, Gaston Mannes: “Jean-Pierre Beckius”, Publications Mosellanes (1977)
- Musée national d'histoire et d'art Luxembourg: “Jean-Pierre Beckius: catalogue d'exposition” (1996), édition Gérard Klopp, ISBN 2-87985-022-3
- Jean Luc Koltz: “Jean-Pierre Beckius (1899-1946) et Nico Klopp (1894-1930): peintres de la Moselle luxembourgeoise.” an: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 23 (2002), N° 2, p. 243-247, ill.
- Georgette Bisdorff: “La Collection Luxembourgeoise du Musée National d'Histoire et d'Art: Jean-Pierre Beckius” an onsstad (2006), N° 81, S. 36-37
- Nathalie Becker: “Hommage à Jean-Pierre Beckius”, in: LW 31-10-2006
- Guy Thurmes: “Jean-Pierre Beckius - Der Maler der Mosel”, am Télécran 44/2006, p. 166-167, ill.
Unerkennung
[änneren | Quelltext änneren]- 1922 huet de Jean-Pierre Beckius de Prix Grand-Duc Adolphe kritt
- 1947 an 1967: Retrospektiv vum Beckius senge Wierker am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad
- 1989: Ausstellung zu Mäertert
- 2024-2025: Ausstellung: Jean-Pierre Beckius: Impressions d'ici et d'ailleurs an der Villa Vauban
- D'Stad Lëtzebuerg a Mäertert hunn enger Strooss säin Numm ginn
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean-Pierre Beckius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Wierker vum Jean-Pierre Beckius um Site vum MNAHA
- De Jean-Pierre Beckius am Lëtzebuerger Konschtlexikon
- Wierker vum Jean-Pierre Beckius um Site beckius.art
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Mertert, Grevenmacher, Luxembourg documents Image 535 sur 869. Archives de l'Etat (Luxembourg) (04.08.1899). Gekuckt de(n) 07.12.2024.
- ↑ Ben Ferring, Jean-Pierre Beckius war mehr als nur ein „Moselmaler“. wort.lu [€] (4.8.2024). Gekuckt de(n) 4.8.2024.
- ↑ (de)Bingenheimer, Volker, „Damit verschwindet wieder ein Stück des alten Mertert“. luxemburger-wort-online. (och an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 2. Oktober 2023 (S. 8-9)) (02.10.2023). Gekuckt de(n) 02.10.2023.
- ↑ (de)Catherine Lorent, Die Nationalsozialistische Kund- und Kulturpolitik im Grossherzogtum Luxemburg 1934–1944. Université du Luxembourg (17.09.2010). Gekuckt de(n) 07.12.2024.
- ↑ cf. Jean-Pierre Beckius war mehr als nur ein „Moselmaler“