Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Déi sougenannt Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 war ee vum Chef der Zivilverwaltung Gustav Simon organiséierte Recensement vun der Bevëlkerung am vun Nazidäitschland besate Lëtzebuerg. Hir historesch Bedeitung krut se, well verschidde Froe sou gestallt waren, datt d'Äntwert "deutsch" hätt solle sinn, sou datt se herno als Bekenntnis zum "Deutschtum" (am nationalsozialistesche Sënn) hätte kéinten ausgeluecht ginn. Well awer vun enger grousser Majoritéit vun der Bevëlkerung mat 3-mol Lëtzebuergesch geäntwert gouf, ass s'am leschte Moment ofgeblose ginn.

De Questionnaire

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

D'Personenstandsaufnahme ass als Deel vun der brutal a fanatesch duerchgefouerter "Germanisiéierungspolitik" vum Gauleiter Simon ze gesinn. Am Hierscht 1941 ass den Drock op hie méi grouss ginn, Erfolleger op Berlin ze vermellen: hie stoung zesoen an direkter 'Konkurrenz' mat de Gauleiteren aus dem Elsass an der Westmark (d'Saarland an dat annexéiert Loutrengen). An obwuel d'Memberschaft an der Volksdeutsche Bewegung vun e puer Dausend op 65.000 geklomme war, wousst en nëmmen ze gutt, datt déi allermeescht vun den Neizougäng net aus Iwwerzeegung geschouchen, mä op d'Menace, d'Aarbecht ze verléieren, zréckzeféiere waren. D'genee Hannergrënn vun der Motivatioun, an deem Moment e Recensement ze maachen, sinn net bekannt. Et schéngt awer, wéi wann déi éischt Motivatioun war, d'"fremdes Volkstum" (d. h. besonnesch Italiener, mä och Fransousen, Wallounen, asw., an hir Nokommen) zu Lëtzebuerg feststellen ze loossen, vun deem et an der Nazi-"Logik" erschreckend vill gouf. Well datt d'Lëtzebuerger zum "Deutschtum" gehéiere géife, stoung aus hirer Siicht ausser Zweiwel. Dofir waren dann och déi ominéis Froen no Nationalitéit, Mammesprooch a "Volkszugehörigkeit".

Wat stoung dran[änneren | Quelltext änneren]

D'Froen 1-4 a 6 waren "normal" Froen zum Etat civil: Numm, Virnumm, Beruff, Adress, Familljestand, asw. D'Fro 5 ("jetzige Staatsangehörigkeit") huet awer schonn zécke gelooss well firwat gëtt "jetzige" preziséiert, wann net Intentioune bestéingen, datt et eng "zukünftige", deemno eng aner, sollt ginn?

Da waren do d'Froen zu "Muttersprache" a "Volkszugehörigkeit". Am Klenggedréckten ënner de Froe stoung, wéi dës auszefëlle wieren. Bei der Fro "7. Muttersprache" stoung ze liesen, datt "Dialekte (Mundarten), z. B. luxemburgisch, plattdeutsch (...) nicht als Muttersprache (gelten)". A bei der 8. Fro "Volkszugehörigkeit, d. h. das Volk, dem der einzelne sich verbunden fühlt und zu dem er sich bekennt", stoung ausdrécklech, datt hei net d'"Stammeszugehörigkeit (wie z. B. luxemburgisch, bayrisch, sächsisch)" unzegi wier.

D'Fro 9 huet no der Relioun gefrot, an an der Fro 10 waren d'Nimm, d'Gebuertsdeeg a -plazen an d'Relioun ("Jude: ja - nein") vun den Elteren a Grousselteren unzeginn.

Propaganda a Géigepropaganda[änneren | Quelltext änneren]

Soubal den Inhalt vun de Froebéi bekannt war, stoungen d'Resistenzorganisatiounen an héchster Alarmbereetschaft. Fir si war et kloer: Wann d'Lëtzebuerger, besonnesch bei de Froe 7 an 8, wéi praktesch virgeschriwwen, "deutsch" géifen ausfëllen, da géife se dem Gauleiter domat d'Argument um sëlwere Plateau liwweren, Lëtzebuerg fir zerguttstert z'annektéieren, wat och bedeite géif, datt d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht missten. Sou huet eng Fluchblatcampagne ugefaangen, wéi et se virdrun nach net gouf. Zu Zéngdausende si se heemlech verdeelt ginn. Et gouf Opriff, de Bou net auszefëllen oder en ze zerstéieren, et gouf eng Ofschrëft vun engem "Geheimbréif" vum Goebbels un de Gauleiter (eng Fälschung, wéi mer haut wëssen), déi zirkuléiert gouf, an an deem de Goebbels de Simon dozou opgefuerdert huet, vun de Lëtzebuerger e "Bekenntnis fir Däitschland" z'erreechen. Zum Schluss huet sech alles am Slogan "3-mol Lëtzebuergesch" kondenséiert.

Wat den Datum vum 10. Oktober méi no koum, wat och déi däitsch Propagandamaschinnerie méi an d'Rulle koum, wéi se gespuert hunn, wat déi "Flugblattseuche" (wéi et an engem Zeitungsartikel housch) kéint uriichten. An der Press vum 8. Oktober z. B. stoung den Artikel "Zur Personenstandsaufnahme" nieft engem mam Titel "Ins Konzentrationslager. Allerschärfste Maßnahmen des Chefs der Zivilverwaltung" - en däitleche Wénk mat der Scheierpaart. Den Dag drop stoung d'Gebrauchsanweisung nieft engem Artikel mam Titel "Politischer Verbrecher zu Tode verurteilt." [1] A fir déi, déi Zweiwelen hätten, stoung op derselwechter Säit en Artikel "Ist Luxemburgisch eine Sprache? Ein Beitrag zur Klärung der Muttersprache", deem seng Conclusioun war: "Also: Unsere 'Sprache' ist keine Sprache, sondern eine amtlich nicht einmal anerkannte Mundart, sie ist ferner eine unbestritten deutsche Mundart, und darum gibst du nur der Wahrheit eine Ehre, wenn du ohne weiteres erklärst, dass deine Muttersprache deutsch ist".

D'Froen no der Relioun, déi besonnesch op d'jiddesch Bierger gemënzt gewiescht wäerte sinn, goufen do dergéint kaum diskutéiert, respektiv kontestéiert.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Oktober, den Dag, wou d'Froebéi hu missten ausgefëllt ofgi ginn, huet d'Zivilverwaltung Stéchprouwe vun de Froe gemaach. D'Resultat huet un Däitlechkeet net ze wënschen iwwereg gelooss: Zuelen, déi zirkuléiert sinn, schwätze vun iwwer 90 % vun de Béi, op deene bei de verfängleche Froe "Lëtzebuergesch" stoung. Och wann déi Zuelen, déi vun der Resistenz an Ëmlaf bruecht gi sinn, liicht iwwerdriwwe kéinte gewiescht sinn, war d'däitsch Äntwert op dëse Recensement e kloert Agestoe vun hirem Echec: déi ganz Aktioun ass kuerzerhand den 11. Oktober ofgeblose ginn.

D'Personenstandsaufnahme war vun de Lëtzebuerger an eng Zort Referendum fir hir Eegestännegkeet a géint d'Besatzung ëmgewandelt ginn.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Dës Episod, eng Zort Victoire vum David géint de Goliath, war e grousse Succès fir d'Resistenz an huet de Leit fir kuerz Zäit Mutt gemaach, huet et hinnen dach gewisen, datt de Besatzer net sou iwwermächteg war, wéi et geschéngt huet. Mä d'Gefor vun der Annexioun an dem Anzéien an d'Wehrmacht war domat net vum Dësch, am Géigendeel: den 30. August 1942 huet de Gauleiter d'"allgemeine Wehrpflicht für die deutschen Volkszugehörigen in Luxemburg", an anere Wierder, d'Lëtzebuerger jonk Männer, agefouert.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zwangsrekrutéierten (Lëtzebuerg)

Nom Zweete Weltkrich gouf dës Episod zu engem wichtegen Evenement vum nationale Gediechtnes ausgebaut: Schonns 1946 huet d'Regerung de Sonnde virun oder nom 10. Oktober als Datum vum Nationale Kommemoratiounsdag festgeluecht, op deem vun do un un "den heroeschen a viktoriéise Kampf vum Lëtzebuerger Vollek géint den Nazi-Okkupant" erënnert soll ginn, dat "de perfiden a luussege Feind iwwerdubbert huet, andeems et sech sengem Versuch vun enger Annexioun mat engem kategoreschen a generelle Veto entgéintgestallt huet." [2]

Och den Dag vun der Aweiung vum Monument vun der nationaler Solidaritéit], 1971, gouf op en 10. Oktober geluecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Olivier Worré: Le recensement du 10 octobre 1941. Mémoire de master, Université catholique de Louvain, 2011.
  • Paul Dostert: "Die Personenstandsaufnahme vom 10. Oktober 1941 und ihre Folgen für die deutsche Zivilverwaltung"; Emile Krier: "Nationalsozialistische Volkstumspolitik und Personenstandsaufnahme von 1941", in: Luxemburger Wort Nr. 233, 10. Oktober 1991, S.13-16.
  • Gilbert Trausch: "Le 'référendum' du 10 octobre 1941 dans sa signification historique", in: Dees.: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeoise. Luxembourg: Lions Club Luxembourg Doyen, 1995 (fir d'éischt publizéiert am Wort vum 10. Oktober 1981).
  • Henri Koch-Kent, André Hohengarten: Aus den Besatzungsjahren 1941/42: 'Peronenstandsaufnahme' und 'Volkstumskartei': Versuch einer Analyse der Absichten des Okkupanten, Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 1972.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort für Wahrheit und Recht, Amtliches Blatt für sämtliche Behörden, 9.10.1941, S.8.
  2. Elisabeth Hoffmann, Benoît Majerus: " 'Nation branding' avant la lettre: Le 10 octobre 1941 dans la mémoire collective luxembourgeoise." in: Die Warte/perspectives, Nr.26/2519, 6. Oktober 2016, S.2-3.
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.