Nationale Kommemoratiounsdag

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den nationale Kommemoratiounsdag (fr: Journée de la commémoration nationale) erënnert un de Widderstand vum Lëtzebuerger Vollek géint d'Nazi-Okkupatioun am Zweete Weltkrich.

D'Kommemoratioun ass am Oktober, um Sonnden deen am nooste beim 10. Oktober läit. Se erënnert domat un de Mësserfolleg vun der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941.

Feierlechkeete ginn a ville Gemengen ofgehalen; an der Stad Lëtzebuerg sinn et der gläich dräi: Beim Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit um Kanounenhiwwel, bei der Gëlle Fra op der Constitutiounsplaz a beim Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht.

Biller vun den Zeremonien 2016[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Journée de la commémoration nationale – Biller, Videoen oder Audiodateien