Joseph Simon
| Joseph Simon | |
|---|---|
| Gebuer |
30. August 1886 Wolz |
| Gestuerwen |
23. September 1954 Wolz |
| Alter | 68 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Geschäftsmann, Brauer |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Member vun der Assemblée consultative vun 1945 |
|
| |
De Philippe Joseph Simon, gebuer den 30. August 1886 zu Wolz, an do gestuerwen den 23. September 1954[1], war e lëtzebuergesche Brauereisbesëtzer a Politiker.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Bei de Partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 gouf de Joseph Simon mat 15.683 Stëmmen am Walbezierk Norden als Deputéierten an d'Chamber gewielt[2]. Hien ass bei de Chamberwalen 1937 erëmgewielt ginn a sou bis 1945 Deputéierte bliwwen. Den 12. Mäerz 1945 gouf hien als fréieren Deputéierten an d'Assemblée consultative genannt.
Hie war vun 1935 bis de Juli 1941 a vu September 1944 bis Dezember 1945 Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz[3].
Berufflech Karriär
[änneren | Quelltext änneren]1938 huet de hien d'Gerance vun der Brasserie Simon vu sengem Papp Jules Simon iwwerholl. Nom Doud vum Joseph Simon him huet seng Duechter Jacqueline d'Brauerei weider gefouert. [4][5]
Gielchen an Éierung
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1950)[6]- Zu Wolz gouf 1965 d'Brauereistrooss, an där och d'Brasserie Simon ass, a rue Joseph Simon ëmbenannt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Joseph Simon op www.deltgen.com
- ↑ Resultat vun de Chamberwale vum 7. Juni 1931 am Tageblatt vum 11. Juni 1931 an am Luxemburger Wort vum 11. Juni 1931
- ↑ Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Gemeng Wolz um site vun der Gemeng Wolz
- ↑ (de) Rues sous les projecteurs. www.wiltz.lu. Gekuckt den 21.01.2026.
- ↑ Brasserie Simon, Brasserie Simon - Historique. Brasserie Simon. Gekuckt den 21.01.2026.
- ↑ Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
