Eugène Reichling

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eugène Reichling
Gebuer 26. Januar 1892
Biereng
Gestuerwen 24. Dezember 1939
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker


Den Eugène Reichling, gebuer de 26. Januar 1892 zu Biereng a gestuerwen de 24. Dezember 1939 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

Hie war Direkter vun der Clausener Brauerei an duerno vun der Firma Ferroknepper.

Vun 1931 bis zu sengem Doud war hien Deputéierte vum Bezierk Süden an der Chamber. Hie gouf du vum Nicolas Quiring ersat. De Reichling war Member vun der Rietspartei a President vum Südbezierk vun där Partei.

Hie gouf och 1935 Schäffen an der Gemeng Esch-Uelzecht.

Vun 1939 bis zu sengem Doud war hie President vun der Fédération des commerçants.

Zu Esch ass eng Strooss no him benannt ginn.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce an Noruff am Escher Tageblatt vum 26. Dezember 1939
  2. Doudesannonce vum Eugène Reichling am Luxemburger Wort vum 27. Dezember 1939
  3. (fr)Les promotions dans l’Ordre de la Couronne de Chêne c) le grade de Chevalier: Digitised by the National Library of Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxembourg: journal du matin (27. Januar 1938). Gekuckt de(n) 2023-12-30.
  4. (fr)DANS LE PAYS - Esch-s.-Alzette. — Distinctions Digitised by the National Library of Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu. viewer.eluxemburgensia.lu 3. L'Indépendance luxembourgeoise (4. Abrëll 1933). Gekuckt de(n) 2023-12-30.