Verwaltungskommissioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Geschicht vu Lëtzebuerg
Flag of Luxembourg.svg Portal:Lëtzebuerg

Verwaltungskommissioun (Commission administrative) gouf zu Lëtzebuerg am Ufank vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich eng Kommissioun genannt, déi vun der Regierung agesat gouf, just ier se den 9. Mee 1940, op der Flucht virum däitschen Envahisseur, sech an dat alliéiert Ausland ofgesat hat. Si huet bis den 23. Dezember 1940 bestanen.

D'Aufgaben an d'Membere vun der Kommissioun[änneren | Quelltext änneren]

Dës Kommissioun war domat chargéiert, fir d'Lëtzebuerger Interesse virun den däitsche Besatzer ze vertrieden. An enger Resolutioun vun der Chamber vum 16. Mee 1940 krut dës Kommissioun e legale Kader a gouf "Regierungskommissioun" genannt.

No enger Entrevue den 18. Mee 1940 mam Kommandant vun der Oberfeldkommandatur 520, dem Generol Otto Gullmann, huet den Albert Wehrer virgeschloen d'Komissioun a "Verwaltungskommissioun" ëmzebenennen. Den 23. Mee 1940 huet d'Chamber duerch eng zweet Resolutioun dës Nummännerung virgeholl.[1]

Och d'Kompetenze vum "Ermächtegungsgesetz" vum 29. August 1939 an 28. September 1939, dat et der deemoleger Regierung erlaabt huet, wann néideg ouni e Vote an der Chamber Gesetzer z'erloossen, oder aussergewéinlech Budgetskreditter ze benotzen, goufen der Verwaltungskommissioun iwwerdroen.[2]

D'Memberen an hir Responsabilitéite waren:[3]

  • Albert Wehrer, President vun der Kommissioun: de Staatsministère, Ausseministère a Justiz.
  • Jean Metzdorff [4]: den Intérieur, Ëffentlech Aarbechten, Transport an Elektrizitéit.
  • Joseph Carmes: d'Finanzen, Aarbecht a Soziales, d'Sanitéits- an Aarmewiesen.
  • Louis Simmer: d'Ëffentlech Erzéiung, Konscht a Wëssenschaften, Kultus.
  • Mathias Putz [5]: den Aker- a Wäibau, Commerce, Industrie an Handwierk.

Den 23. Dezember 1940 gouf d'Verwaltungskommissioun opgeléist.

Dokumenter[änneren | Quelltext änneren]

70 Joer duerno: d'Opschaffe vun der Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Réckbéck gëtt déi kuerzlieweg Aarbecht vun der Verwaltungskommissioun méi kritesch analyséiert: Engersäits war et séier kloer, datt den däitschen Okkupant keen Intressi un enger eegener Lëtzebuerger Verwaltung hat an huet séier domat ugefaangen, seng eege Strukturen anzeféieren, an d'Verantwortungsposten zum Deel mat Leit aus Däitschland ze besetzen. Den 22. Oktober 1940 gouf den Albert Wehrer dann och ofgesat, agespaart an duerno no Däitschland deportéiert. De Gauleiter Gustav Simon soll bei der eenzeger Géigeniwwerstellung den Albert Wehrer ugebrëllt hunn: "Wir sind mit Schuchnigg fertig geworden, wir werden auch mit Ihnen fertig!". [9]

Op der anerer Säit huet d'Verwaltungskommissioun bis zum Schluss gemengt, si kéint Afloss um Gauleiter seng Politik huelen, woubäi s'awer ëmmer méi d'Ausféierungsorgan vun dëser gouf. Sou och bei der nazistescher Politik géint d'Judden, déi vum September 1940 un och am besate Lëtzebuerg ausgerullt gouf: Déi däitsch Zivilverwaltung huet d'Verwaltungskommissioun de 6. September 1940 ugestallt, jiddesch Schoulkanner z'identifizéieren an aus dem Unterrecht auszeschléissen.[10] D'Kommissioun huet dësen Uerder un d'Kreisleiter weiderginn, déi hirersäits d'Gemengen informéiert hunn. Jee no Gemeng oder Schoul goufe mat méi oder manner Fläiss méi oder manner prezis Lëschten zréckgemellt.

Am November 1940 huet d'Verwaltungskommissioun, op eng Nofro vun der Zivilverwaltung hin hir d'Zuel vun de polnesche Judde matzedeelen déi am Land géife wunnen, där net nëmmen d'Zuel, mä gläich d'Nimm, d'Virnimm an de Wunnuert vu 471 Leit geschéckt. Se huet nach houfreg ugemierkt, datt dës Lëscht "auf Grund der Namen und Vornamen der Interessenten aufgestellt [wurde], da die Anmeldungen eine Rubrik über Religion oder Rassenzugehörigkeit nicht enthalten." géifen. An dat obwuel se d'Méiglechkeet gehat hätt, dat, well et keng konkret Donnéeë géif, negativ ze beäntweren.[11]

No der Publikatioun vun dësen Informatiounen, Enn 2012, an dem deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker senger Ausso, et géif e "Flou" iwwer de Grad vu Kollaboratioun vun der Verwaltungskommissioun mat der Zivilverwaltung, huet d'Regierung der Uni Lëtzebuerg den Optrag ginn, déi Roll méi genee ënner d'Lupp ze huelen. De Vincent Artuso huet dee Rapport ausgeschafft an am Februar 2015 virgestallt. E kënnt zum Schluss, datt d'Verwaltungskommissioun an 3 Beräicher mat der däitscher antisemitescher Politik kollaboréiert huet: beim Identifizéiere vun de Judden, beim Expulséieren aus dem ëffentlechen Déngscht, de Fräiberuffer an dem Schoulwiesen an drëttens bei der Spoliatioun vun hirem Besëtz.[12][13]

Den 9. Juni 2015 huet d'Chamber eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där se sech bei der jiddescher Communautéit fir d'Verhale vun Deeler vun de Lëtzebuerger Verwaltungen (dorënner d'Verwaltungskommissioun) virun a während dem Zweete Weltkrich entschëllegt huet. Dës Resolutioun huet sech op d'Conclusioune vum Artuso sengem Rapport gestäipt.[14] Och d'Regierung huet sech deenen Entschëllegungen ugeschloss.[15]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Artuso, Vincent: La « question juive » au Luxembourg (1933-1941) : L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies. Rapport final remis au Premier ministre le 9 févirer 2015. Uni Lëtzebuerg, 2015. PDF Download bei rtl.lu; PDF-Download bei gouvernement.lu.
  • Artuso, Vincent: La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940-1945) - Accommodation, adaptation, assimilation ; Luxemburg-Studien / Études luxembourgeoises 4; Frankfurt a. M. (Peter Lang Verlag), 2013; 394 Säiten (Quellen & Bibliographie: Ss. 369-394). ISBN 978-3-631-63256-7
  • Artuso, Vincent: "Des excuses, mais au nom de qui? L'administration luxembourgeoise et la Shoah." in: forum Nr.322, Oktober 2012, S.9-11.
  • Scuto, Denis: "La liste des 471 Juifs polonais (novembre 1940); Un exemple flagrant de zèle de la Commission administrative." In: Tageblatt, 13. Mäerz 2013, S.13.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artuso 2013, S.57-58.
  2. Artuso 2012, S.9-10.
  3. Memorial Nr 31 vum 30. Mee 1940
  4. Artuso 2013, S.58-59: Le 20 février 1946, Jean Metzdorff se voyait notifier la sanction de la réprimande avec retenue de traitement (ANL EPU 27, document 25, décision du Commissaire général à l'enquête administrative concernant Jean Metzdorff, 20 février 1946). Cette décision fut toutefois cassée le 13 juillet 1946 (ANL, EPU 27, document 24, décision du Commissaire général à l'enquête administrative concernant Jean Metzdorff, 13 juillet 1946)
  5. Artuso 2013, S.58-59: Il en alla de même pour Matthias Pütz, à légard duquel fut prononcé un avertissement (ANL EPU 27, document 26, décision du Commissaire général à l'enquête administrative concernant Matthias Pütz, 28 février 1946), avant que son dossier ne soit classé sans suites (ANL EPU 27, document 27, décision du Commissaire général à l'enquête administrative concernant Matthias Pütz, 26 juin 1946).
  6. De Friedrich Münzel, Stellvertrieder vum Gustav Simon, schreift der Verwaltungskommissioun datt se sech well just nach Verwaltungskommission in Luxemburg ze nennen hätt a verbitt de Gebrauch vum Wopen a vun der Bezeechnung Grossherzogtum
  7. De Louis Simmer verlaangt no enger Lëscht vun de "Schülerinnen israelitischer Konfession".
  8. Aus den Bibliothéike mussen all d'Bicher ecartéiert ginn: 1) vu jüddeschen Auteure; 2) all aner Wierker déi irgendwelche Anschuldigungen oder Beleidigungen gegen das deutsche Reich enthalten.
  9. Paul Weber: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, S. 69.
  10. Denis Scuto: "D'Lëscht vun de jüdesche Schoulkanner (September 1940): Letzebuerger Staat hëlleft dem Gauleiter Simon bei der Judeverfolgung." 11 S.; als Download bei rtl.lu (publizéiert a gekuckt: 2013-02-22.)
  11. Artuso 2012, S.11, Scuto: "Un exemple flagrant de zèle..." an der Literatur
  12. "'Die Regierung ist bereit, Verantwortung zu übernehmen'." wort.lu, 10. Februar 2015 um 16:00.
  13. "Rapport Artuso a Reaktiounen: Kollaboratioun vun der Verwaltungskommissioun vun 1940." rtl.lu, 12.02.2015, 07:29:31.
  14. "D'Chamber entschëllegt sech bei jiddescher Communautéit". op rtl.lu, Leschten Update: 09.06.2015, 17:03:51.
  15. "Deuxième Guerre mondiale: le gouvernement luxembourgeois présente ses excuses à la communauté juive." Communiqué op gouvernment.lu. 09.06.2015 (16:46).