Revolutioun vun 1848 zu Lëtzebuerg
D'Revolutioun vun 1848 war eng Revolutioun zu Lëtzebuerg, ënnert der Herrschaft vum Wëllem II., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
D'Geschicht vum Lëtzebuerger Land ass komplex a vu verschiddene Krise markéiert. Dorënner fält och d'Revolutioun vun 1848 an de Vott vun enger liberaler Verfassung am selwechte Joer. En Deel vum Territoire war no der belscher Revolutioun vun 1830 un d'Belsch ofgetruede ginn an e groussen Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung huet an Aarmut gelieft an hat nëmme wéineg Fräiheeten.
D'Situatioun zu Lëtzebuerg ëm 1848
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt verschidde Grënn firwat d'europäesch Revolutioun vun 1848 („Fréijoer vun de Vëlker“) och op Lëtzebuerg iwwergesprongen ass. Déi schlecht Recolten an de Joren 1846 bis 1848 an déi héich Broutpräisser hunn eng Roserei an der Ënner- a Mëttelschicht ausgeléist, besonnesch well se och schonn ënnert engem Gesetz vun 1845 gelidden hunn, mat deem stréien Diech wéinst Feiergefor verbuede gi waren a sech déi aarm Leit keng nei Diech leeschte konnten. Déi onpopulär Steieren an dem Kinnek seng héich Zivillëscht hunn och net derzou bäigedroe fir d'Protester kleng ze halen. D'Roserei huet nach weider zougeholl, well d'Handwierkergesellen an d'Déngschtmeedercher vu Paräis hu missen heem kommen, well se wéinst den Onrouen do entlooss gi waren. Déi eng hunn d'franséisch Fändelen opgehaange fir ze weisen, datt se hannert den Idealer vun der Revolutioun stéingen, iwwerdeems anerer de belsche Fändel erausgehaangen hunn, fir un d'belsch Revolutioun vun 1830 z'erënneren.
De Jean-Théodore Laurent, Apostoulesche Vikar zu Lëtzebuerg, huet déi sozial Fuerderunge vum Vollek ënnerstëtzt an d'Presse- a Versammlungsfräiheet gefuerdert. De “progressiv-liberale” biergerleche Camp huet doriwwer eraus eng parlamentaresch Constitutioun gefuerdert. An den Aarbechterquartiere gouf sech fir d'allgemengt Walrecht, eng Schoulausbildung fir jiddereen, staatlech Moossname fir d'Aarbechtsbeschafung, Héchstpräisser a Mindestléin agesat. Iwwert d'ganzt Land goufen eng Abberzuel vu Petitiounen agereecht.
Den Ausléiser vun der Revolutioun
[änneren | Quelltext änneren]Zu Ettelbréck koum et den 11. Mäerz zu Zesummestéiss mat der Gendarmerie. E puer Fanatiker hunn d'Republik glorifizéiert an d'« Marseillaise » – d'Revolutiounslidd par excellence – gesongen, sech de Gendaarmen an de Wee gestallt a se provozéiert. Den 20. Mäerz 1848 huet de Groussherzog Wëllem II. dem Drock vum Vollek noginn an d'Pressefräiheet grad wéi eng Revisioun vun der Constitutioun vun de Stänn guttgeheescht.
Fënnef Deeg méi spéit hunn d'Katholicken d'Luxemburger Wort gegrënnt, eng éischter däitschfrëndlech Zeitung, déi souwuel um Land wéi och am Aarbechtermilieu Uklang fonnt huet. Et ass der konservativer Regierung awer gelongen, dat restriktiivt Zensus-Walrecht bäizebehalen. Trotzdeem konnt déi liberal Fraktioun duerchsetzen, datt eng Verfassung nom belsche Virbild ausgeschafft gouf. Lëtzebuerg gouf eng konstitutionell Monarchie, ouni datt awer de Prinzip vun der Souveränitéit vum Vollek am Verfassungstext verankert gouf. Eng Léisung fir déi sozial Problemer déi bestoungen, huet d'Parlament awer net fonnt.
D'Revolutioun vun 1848 ass deels e Kulturkampf ginn. Et ass der antiklerikaler Regierung gelongen, den Apostoulesche Vikar Jean-Théodore Laurent ofzesetzen, absënns well se him virgeworf hunn, en ze vill staarke klerikalen Afloss op den Enseignement auszeüben, sech géint d'Fräimaurer anzesetzen a well en eng Demonstratioun géint de liberale Stater Buergermeeschter Ferdinand Pescatore soll ugestiwwelt hunn.
En Uschloss un d'Däitscht Räich?
[änneren | Quelltext änneren]Déi decisiv Fro war awer déi iwwer d'Eegestännegkeet vum Lëtzebuerger Staat. Als Zeeche géint déi revolutionär franséisch a belsch Fändelen hat d'Regierung den 3. Abrëll nieft dem Lëtzebuerger och nach den däitsche Bundesfändel opzéie gelooss, a follgendes un d'Vollek proklaméiert:
„Diese Fahne ist der Schirm für alle deutschen Nationalitäten. Sie ist das Symbol der Freiheiten und der föderativen Wiedergeburt Deutschlands. … Die innige Vereinigung mit Deutschland ist unser Recht, unsre Pflicht, unser Heil.“
An de Regierungspresident Ignace de la Fontaine huet gemengt:
„Wir können unsere Natur nicht verleugnen, wir sind Deutsche.“
Trotzdeem huet d'Parlament den dräi Lëtzebuerger Vertrieder an der Frankfurter Nationalversammlung (“Paulskirchenversammlung“) de kloren Optrag ginn, fir fir d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg anzestoen an all Decisioun der Chamber an dem Kinnek-Groussherzog zur Ratifizéierung virzeleeën. Well et op der Frankfurter Nationalversammlung awer net zu engem vereenegten Däitschland koum, war och d'Fro vum Uschloss vu Lëtzebuerg un d'Däitscht Räich séier vum Dësch. Déi politesch Klass déi am Gaang war z'entstoe war du gezwongen, sech Gedanken iwwer d'Selbstännegkeet vum neie Staat ze maachen.
De Wëllem II. ass 1849 gestuerwen a säi Bouf, de Wëllem III., huet am Kader vun der Restauratiounspolitik vum Däitsche Bond nees en autoritäre Regierungsstil agefouert.
De Staatsstreech vun 1856 an d'Zäit duerno
[änneren | Quelltext änneren]1853 huet de Wëllem III. eng nei Regierung nominéiert, déi der Chamber 1856 e reforméierte Verfassungstext virgeluecht huet. D'Chamber huet awer refuséiert den neie reaktionären Text unzehuelen an se huet der Regierung hiert Mësstrauen ausgeschwat. De Wëllem III. huet dat als Virwand benotzt fir de 27. November 1856 e Staatsstreech ze maachen, andeems en d'Chamber opgeléist an eng nei Constitutioun ordonéiert huet, mat där déi demokratesch Tendenzen aus där vun 1848 ofgeschaaft goufen.
Nodeems den Däitsche Bond 1866 opgeléist gouf, haten eng ganz Partie Bestëmmungen aus der Constitutioun vun 1856 keng Basis méi. Doduerch datt de Londoner Traité vun 1867 Lëtzebuerg als onofhängeg an neutral erkläert huet, war et néideg, datt en neie Verfassungstext ausgeschafft géif.
D'Constitutioun vun 1868 huet gréisstendeels d'Texter aus där vun 1848 iwwerholl, mam Ënnerscheed, datt dem neien internationale Statut vum Groussherzogtum Rechnung gedroe gouf. All fréier Verknëppunge mam Däitsche Bond goufen opgeléist, d'Neutralitéit vum Land gouf festgeschriwwen an de Staatsrot gouf confirméiert.
Ausstellung
[änneren | Quelltext änneren]Am Kader vum 175-järegen Anniversaire war vum 10. Juli bis den 2. Dezember 2023 eng Ausstellung « 1848 – Revolutioun zu Lëtzebuerg » an de Lëtzebuerger Nationalarchiven organiséiert ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Calmes, Albert. Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg, Vol. 5: La révolution de 1848 au Luxembourg. Luxembourg, Imprimere Saint-Paul, 1982. (2e édition)
- Scuto, Denis. 1848 - Die erste Revolution des industriellen Zeitalters: Zum Geburtsakt der Luxemburger Arbeiterbewegung. In: forum, No. 185 (Juillet 1998), p. 42- 47
- Pauly, Michel. Geschichte Luxemburgs. 2., überarb. Aufl. München: C.H. Beck, 2013. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Schoentgen, Marc. Die März-Revolution von 1848 in Luxemburg archivéiert Versioun. In: forum, No. 185 (Juli 1998), p. 21-24
- Thewes, Guy. La révolution de 1848: la deuxième archivéiert Versioun. In: forum, No. 193 (Juli 1999), p. 80-82
- Maas, Jacques. La révolution de 1848 n'a pas eu lieu: L'historiographie de tradition orangiste et l'oeuvre d'Albert Calmes archivéiert Versioun. In: forum, No. 185 (Juli 1998), p. 52-53
- Jacquemin, Marie, 1848, De la Révolution à la Constitution, In: City Septembre 2023 by Maison Moderne - issuu.com, p. 64-69
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Text zitéiert aus: Geschichte Luxemburgs. 2., überarb. Aufl. München: C.H. Beck, 2013. S. 74
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Pauly, Michel. Geschichte Luxemburgs. (cf. Literatur)