Fräimaurerei zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
D'Gebai vun der Fräimaurerloge an der Rue de la Loge an der Stad.

Et gëtt zwar 1729 schonn eng éischt Mentioun vun enger Loge zu Lëtzebuerg, mee et ass réischt ëm 1759 wou sécher eng éischt militäresch Loge an der Festungsstad funktionnéiert huet (vgl. Guy Wagner, Bruder Mozart, S. 243, Foussnott 21!).

1770 huet déi provënzial Groussloge vun den éisträicheschen Nidderlanden déi éischt fest Fräimaurerloge am Herzogtum Lëtzebuerg gegrënnt. Déi Loge war deelweis militäresch an deelweis zivil an hat den Numm 'La Parfaite Union'.

Mam 'Freimaurerpatent' vum Keeser Joseph II. goufen all Fräimaureraktivitéiten aus der ganzer Regioun zu Bréissel zentraliséiert an doduerch huet 1786 dës éischt Loge zu Lëtzebuerg opgehalen offiziell ze funktionéieren.

D'Fräimaurerei ass eréischt mat de militäresche Logë vun den Truppe vum Napoléon nees zu Lëtzebuerg aktiv ginn.

Déi éischt zivil Loge zu Lëtzebuerg gouf den 28. Mee 1803 ënner dem Numm Les Enfans de la Concorde fortifiée an ënner dem Grand Orient de France installéiert.

Nom Enn vum franséischen éischten Empire, wéi Lëtzebuerg a Personalunioun bei d'Kinnekräich vun den Niederlande koum, gouf déi Loge an de Grootoosten der Nederlanden integréiert.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Rousseau, La Franc-Maçonnerie au Duché de Luxembourg au 18e siècle; in: Jean-Paul Lehners, Claude Bruneel & Helmut Reinalter (Éditeuren), L'Autriche, les Pays-Bas [méridionaux] et le Duché de Luxembourg au 18e siècle [= Akte vum internationale Colloque zu Lëtzebuerg, vum 21. bis zum 23. November 1996, publizéiert an de 'Cahiers d'Histoire IV' vun de 'Publications du Centre universitaire de Luxembourg]; Lëtzebuerg, 1999; Ss. 91-99. ISBN 2-87971-212-2
  • Alexandre Marius Dées de Sterio, La franc-maçonnerie luxembourgeoise; in: Jacques Lemaire (Éditeur), La franc-maçonnerie et l'Europe (Revue La Pensée et les Hommes, nei Zerie, 19); Bréissel, 1992; Ss. 39-49.
  • 1848-1998 - 150e anniversaire de la respectable Loge Saint-Jean de l'Espérance à l'Orient de Luxembourg; Lëtzebuerg (Grande Loge de Luxembourg), 1998; 82 S. (ill.); nëtzlech Bibliographie op de Ss. 51-53.
  • Les francs-maçons dans la vie culturelle du Luxembourg; Lëtzebuerg (Éditions de la Grande Loge), 1995; 108 S.; ISBN 2-9599875-0-0.
  • Aperçu historique sur la Franc-Maçonnerie à l‘occasion de son tricentenaire, par Paul Geisen, ancien Grand Maître et Grand Maitre d'honneur de la Grande Loge de Luxembourg, in: 1717-2017 - Quelques réflexions sur le Tricentenaire de la Franc-Maçonnerie; Lëtzebuerg (Éditions de la Grande Loge de Luxembourg); ISBN 978-2-9199475-0-8
  • Jean Schiltz, mam Jeremy Zabatta (-> Interview), "Essayer d'améliorer l'homme" - Grand Maître de la Grande Loge de Luxembourg, Jean Schiltz fait la lumière sur ce qu'est la franc-maçonnerie; in: Le Quotidien, Éditioun vum 19. Juni 2017; Ss. 2 & 3.
  • Frank Wilhelm, La franc-maçonnerie à Echternach - Au sujet d'une causerie historique de Paul Rousseau; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 19. Oktober 1989.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]