Alexandre Marius Dées de Sterio

Vu Wikipedia
Alexandre Marius Dées de Sterio
Gebuer 21. Abrëll 1944
Gestuerwen 11. Oktober 2006
Zuchongléck zu Zoufftgen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École supérieure de journalisme de Paris
Aktivitéit Journalist

Den Alexandre Marius Dées de Sterio, gebuer den 21. Abrëll 1944, a gestuerwen den 11. Oktober 2006 war e lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser en Sciences de l'Information et de la Communication, op der Paul Verlaine-Universitéit zu Metz a Journalist. D'Lëtzebuergesch Nationalitéit krut hien den 12. Abrëll 1975 duerch Naturalisatioun. Hie war mat der Marie-Anne Mersch, Duechter vum Liichtathleet an Editeur François Mersch, bestuet.

Den Alexandre Marius Dées de Sterio ass zu Königsberg (zanter 1946 Kaliningrad), als Fils vun engem ungaresche Papp, dem Alexandre Leonidas Simon Reinhardt Edler de Dées, Baron de Sterio, an enger lëtzebuergescher Mamm op d'Welt komm. Duerch säi Papp hat hien d'Recht op den Titel "Baron", op deen hie verzicht huet.

Zu Lëtzebuerg huet hie seng Primärschoul gemaach, ass duerno an de Kolléisch an an de Jongelycée um Lampertsbierg gaangen. Säi Studium huet hien zu Paräis a Stroossbuerg gemaach. Hien ass diploméiert vun der École supérieure de journalisme de Paris a vun der École pratique des hautes études fir seng historesch Aarbecht iwwer d'Judden an der UdSSR. A senger Studentenzäit zu Paräis war den Dées de Sterio niewelaanscht Korrespondent vum Lëtzebuerger Journal. Hie war Dokter a Soziologie an Humanwëssenschaften a war fir d'éischt Professer op der Uni Stroossbuerg II, duerno zu Düsseldorf a schliisslech zu Metz.

Seng Virléift fir den däitsche Schrëftsteller Wolfgang Borchert huet munnech Publikatioune mat sech bruecht.

Den Dées de Sterio war jorelaang am Kommitee vun der Liberté de conscience a.s.b.l. a war Freelance-Mataarbechter beim Radio 100,7.

Um Wee op d'Uni Metz ass de Marius Dées de Sterio am Alter vun 62 Joer, den 11. Oktober 2006 am Zuchaccident bei Zoufftgen ëmkomm.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • La franc-maçonnerie au Luxembourg, Encyclopédie maçonnique, Edimaf, 1999, ISBN 2903846448, ISBN 978-2903846442
  • Les juifs en U.R.S.S. (1969)
  • Les œuvres de jeunesse de Wolfgang Borchert (1972)
  • Littérature et société en Allemagne (1981)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Beschass, den Alexandre Marius Dées de Sterio hëlt sech dem Theema un.