Op den Inhalt sprangen

Konstitutionell Monarchie

Vu Wikipedia
Weltkaart mat ënnerschiddlech gefierfte Flächenunterschiedlich eingefärbten Flächen no Regierungssystemer
Staats- a Regierungsformen op der Welt

██ Parlamentaresch Monarchie
██ Parlamentaresch Republik
██ Parlamentaresche Direktorialsystem
██ Parlamentaresch Republik mat parlamentsgebonnener Exekutivgewalt
██ Semipresidentiell Republik
██ Presidentiell Republik
██ Konstitutionell Monarchie
██ Absolutt Monarchie
██ Eeparteiesystem
██ Islamesch Republik
██ Militärdiktatur/Militärjunta
██ Iwwergangsregierung
██ Keng eegestänneg Regierung

(Stand: 2026)
██ Parlamentaresch Monarchie
██ Commonwealth Realm
██ Konstitutionell Monarchie
██ Absolutt Monarchie
██ Subnational Monarchie(n) existent

Eng konstitutionell Monarchie ass eng Regierungsform, déi e Monarch, gewielt oder duerch Ierfschaft als Staatschef unerkannt huet, mä wou d'Muecht vum Monarch duerch eng Constitutioun limitéiert ass.

Déi modern konstitutionell Monarchië si meeschtens parlamentaresch Monarchie mat engem System vun der Gewaltentrennung, wou de Monarch de symbolesche Chef vun der Exekutiv ass. An der Praxis iwwerhëlt e Premierminister, dee vum Parlament ënnerstëtzt gëtt, déi Roll.

De Monarch, deen onofhängeg vu politesche Parteien ass, huet virun allem eng symbolesch Roll, als Garant vun der Constitutioun an der Demokratie, dem nationalen Zesummenhalt, der Integritéit vum Territoire, mä och als Symbol vun der historescher Kontinuitéit vum Staat, Representant a Garant vu sengen Intressen am Ausland. De Monarch kann och e Recht op Rotschléi a Warnungen zu der Politik vum Gouvernement hunn, an en Arbitter am Fall vun enger politescher Kris sinn. Aus dësem Grond spillt de Monarch eng neutral Roll, a kënnt och als Mediateur zum Asaz[1]. De parlamentaresche Monarch regéiert, mä gouvernéiert net, oder fir et mam Adolphe Thiers senge Wierder ze soen:

Le roi n'administre pas, ne gouverne pas, il règne.

De Monarch duerch Ierfschaft kann e Kinnek oder eng Kinnigin sinn, wéi et an de meeschten europäesche Monarchien de Fall ass, mä och e Groussherzog, wéi zu Lëtzebuerg, oder e Prënz, wéi zu Monaco oder Liechtenstein, oder och e Keeser, wéi a Japan.

D'Konzept vun enger konstitutioneller Monarchie kënnt aus den absolutte Monarchië vum Enn vum Mëttelalter, wéi de Monarch a säi Gouvernement d'Autoritéit haten. Duerch d'Entwécklung vun der Bedeelegung vun der Bevëlkerung an den Demokratien ass d'Muecht op Versammlungen a Parlamenter iwwergaangen, fir méi demokratesch Systemer an d'Liewen ze ruffen.

An enger konstitutioneller Monarchie geet de Poste vum Staatschef an der kinneklecher Famill weider. De Staatschef ass an der Theorie responsabel fir d'Exekutive, wat och Ausdréck a Formele wéi « Le gouvernement de Sa Majesté » erkläert.

Verschidde Constitutioune schléissen allerdéngs eng Participatioun um Gouvernement aus. Dëst ass de Fall a Schweden an a Japan.

Konstitutionell Monarchien an der Welt

[änneren | Quelltext änneren]
StaatZanter der
Constitutioun vun
TypWal vum Monarch
Andorra1993CoprincipautéitBëschof vu La Seu d'Urgell a President vun der franséischer Republik
Antigua a Barbuda1981KinnekräichIerflech
Australien1901KinnekräichIerflech
Bahamas1973KinnekräichIerflech
Bahrain2002KinnekräichIerflech
Barbados1966KinnekräichIerflech
Belsch1831KinnekräichIerflech
Belize1981KinnekräichIerflech
Kambodja1993WalmonarchieGewielt vun den néng Membere vum Trounrot
Kanada1867KinnekräichIerflech
Dänemark1849KinnekräichIerflech
Vereenegt Arabesch Emirater1971WalmonarchieGewielt vun de siwen Emiren
Spuenien1978KinnekräichIerflech
Grenada1974KinnekräichIerflech
Salomonen1978KinnekräichIerflech
Jamaika1962KinnekräichIerflech
Japan1946KeeserräichIerflech
Jordanien1952KinnekräichIerflech
Kuwait1962EmiratIerflech, mat der Zoustëmmung vun der Famill Al-Sabah an der Majoritéit vun der Nationalversammlung
Lesotho1993KinnekräichIerflech mat der Zoustëmmung vum Cheffekollegium
Liechtenstein1862PrincipautéitIerflech
Lëtzebuerg1868GroussherzogtumIerflech
Malaysia1957WalmonarchieGewielt vun den néng Sultane vun de malaiesche Staaten
Monaco1911PrincipautéitIerflech
Marokko1962KinnekräichIerflech
Nepal1991KinnekräichIerflech
Neiséiland1840KinnekräichIerflech
Norwegen1814KinnekräichIerflech
Papua-Neiguinea1975KinnekräichIerflech
Holland1815KinnekräichIerflech
Vereenegt Kinnekräich1688KinnekräichIerflech
Saint Kitts an Nevis1983KinnekräichIerflech
Saint Lucia1979KinnekräichIerflech
Saint Vincent an d'Grenadinnen1979KinnekräichIerflech
Schweden1719KinnekräichIerflech
Thailand1997KinnekräichIerflech
Tonga1970KinnekräichIerflech
Tuvalu1978KinnekräichIerflech

Eeler konstitutionell Monarchien

[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Länner haten och de Versuch vun enger konstitutioneller Monarchie gewot, allerdéngs si si spéider nees zum republikanesche System zeréckkomm:

 Commons: Konstitutionell Monarchie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Benjamin Constant