Walmonarchie

Vu Wikipedia

Eng Walmonarchie ass eng Monarchie an där den Herrscher gewielt gëtt. Deem géigeniwwer steet d'Ierfmonarchie, bei där d'Kroun vun engem Member vun der regéierender Famill op en aneren iwwerdroe gëtt.

An der Vergaangenheet goufen et vill Fäll vu Walmonarchien, dorënner ënner anerem am Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun, am mëttelalterleche Schweden oder a Polen-Litauen.

Haut gëtt et offiziell just nach an e puer Staate Walmonarchien. A Malaysia gëtt de Kinnek mam Titel Yang di-Pertuan Agong fir e Mandat vu fënnef Joer vun engem Rot gewielt, deen aus den Herrscher vun de verschiddene malaysesche Staate besteet. Dem Kinnek seng Positioun ass reng zeremoniell a representativ. A Kambodscha gëtt de Kinnek och vun engem Trounrot gewielt, awer op Liewenszäit. Hie muss op d'mannst 30 Joer al sinn an aus enger vun de Kinneksfamille stamen.

E besonnesche Fall ass zum Beispill Andorra, wou zanter 1993 déi zwéi Koprënzen, de franséische President an de Bëschof vum nordspuenesche Bistum Urgell ass. Si ginn also net vum andorranesche Vollek gewielt mä berouen op der Amtsnofolleg vun den uewe genannte Persounen. Bis 1993 war Andorra e Kondominium ënner der Verwaltung vun deenen zwéin.

Och d'Vatikanstad ass eng absolut Monarchie, bei där de Poopst an der Konklav vun de Kardineel gewielt gëtt.

Aner Forme vu Walmonarchië gëtt et ënner anerem an de Vereenegten Arabeschen Emirater, bei verschiddene Vëlker an Nigeria an op Wallis a Futuna.