Op den Inhalt sprangen

Treverer

Vu Wikipedia
Rekonstruktioun vun der treverescher Héichtesiidlung Altburg (~ 300–50 v. Chr.)
Treveresche Gold-Stater.
De Rempart vun Otzenhausen.

D'Treverer oder Trevirer (laténgesch: Treveri, gallesch: Treviri, Treveri) waren e Volleksstamm vun de Kelten an Nordostgallien mat Kontakter op der rietser Säit vum Rhäin. Dem Tacitus no hätten d'Treverer probéiert, sech vun den anere Gallier ofzegrenzen, andeems se hir Originnen op germanesch Wuerzelen zeréckgefouert hätten[1].

Hiren Territoire goung, dem De bello Gallico vum Gaius Iulius Caesar no, vum Rhäin[2] bis zum Land vun de Remer[3]. Am Westen huet d'Meuse d'Grenz gemaach. De Vinxtbach war déi nërdlech Grenz, op der anerer Säit hunn d'Eburonen an Condruser gewunnt, si ware clientes vun den Treverer. Den Caesar huet a sengem Buch keng befestegt Plaz (Oppidum) resp. Haaptuertschaft vun den Treverer ernimmt. Augusta Treverorum ("Stad vum Augustus am Land vun den Treverer", dat haitegt Tréier), ass eréischt zu provënzialréimescher Zäit als Haaptstad vun den Treverer opkomm.

D'Treverer hunn hir Haiser aus Leem a geflechtem Material, op der Grondlag vun enger hëlzener Konstruktioun, gebaut. Déi hunn eng bis zwou Generatioune laang gehalen. Si hunn entweeder op eenzelen Häff oder a klengen Dierfer gelieft. An der Spéit-Latènezäit gouf et eng ganz Partie befestegt Héichtesiidlungen a fënnef Oppida: de Martberg op der ënneschter Musel, Wallenduerf op der Sauer, Otzenhausen am Honsréck, Kastel bei der Saar an den Tëtelbierg am Südweste vu Lëtzebuerg. Augusta Treverorum huet seng Bedeitung eréischt kritt, wéi d'Réimer an Nordostgallien hir Provënzen etabléiert hunn. Wat Tréier méi dichteg gouf, wat déi aner Oppida u Bedeitung verluer hunn.

Den Caesar huet ausserdeem d'Reiderei vun den Treverer an De bello Gallico besonnesch ernimmt[4].

Kultur an Ekonomie

[änneren | Quelltext änneren]

D'Treverer haten dräi sozial Klassen: den Adel, dat einfacht Vollek, an d'Ambacten (Sklaven). Si hu mat Sue bezuelt, an et gouf spezialiséiert Handwierker fir verschidde Fäegkeeten. D'Oppida, déi befestegt Stied, hunn als Handwierks- an Handelszentren eng wichteg Roll an der Spéit-Latènezäit gespillt. Et gouf scho virun de Réimer iwwerregionalen Handel, och mam Mëttelmierraum.

D'Treverer ware Polytheisten an hate warscheinlech en änleche Glawe wéi déi aner keltesche Stämm. No der réimescher Eruewerung goufe vill vun hire Gëtter deene réimesche gläichgesat oder mat hinne verbonnen. Hir Stammesgëtter waren de Mars Lenus an den Ancamna, de Mercurius an d'Rosmerta, de Iupiter Optimus Maximus, den Apollon (Grannus) an d'Sirona, den Intarabus an d'Minerva. Do derbäi kommen d'Epona, d'Inciona, de Veraudunus, d'Ritona an d'Xulsigiae.

  • Caesar, De bello Gallico I 37; II 24; III 11; IV 6, 10; V 2-4, 24, 47, 53, 55, 58; VI 2, 3, 5-9, 29, 32, 44; VII 63.
  • Rheinisches Landesmuseum Trier: Trier. Augustusstadt der Treverer. Philipp von Zabern, Mainz 1984, ISBN 3-8053-0792-6.
  • Wolfgang Binsfeld: Zum Namen der Treverer und der Stadt Trier. In: Trierer Zeitschrift 33, 1970, S. 35 ff.
  • Marcello Ghetta: Spätantikes Heidentum. Trier und das Trevererland. Kliomedia, Trier 2008, ISBN 978-3-89890-119-2.
  • Edith Mary Wightman: Roman Trier and the Treveri. Rupert Hart-Davis, London 1970, ISBN 0-246-63980-6.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Tacitus, Germania 28; Strabon 4,3,4.
  2. Caesar, De bello Gallico Buch III,11: (…) Treveros, qui proximi flumini Rheno sunt. („D'Treverer, déi no beim Rhäin liewen.“)
  3. Caesar, De bello Gallico Buch V,3 quae ingenti magnitudine per medios fines Treverorum a flumine Rheno ad initium Remorum pertinet („[D'Ardennen], déi sech an hirer gewalteger Gréisst duerch d'zentraalt Gebitt vun den Treverer vum Rhäin bis zum Territoire vun de Remer ausdeenen.“)
  4. Caesar, De bello Gallico Buch V,3: Haec civitas longe plurimum totius Galliae equitatu valet („Dëse Stamm ass, wat d'Reiderei betrëfft, deen Dichtegsten a ganz Gallien.“)