Intarabus

Vu Wikipedia
Intarabus-Statu vu Foy-Noville, ewell am Musée archéologique d'Arlon.

Intarabus oder Entarabus, ass eng keltesch Gottheet vun den Treverer an der Provënz Gallia Belgica. All bekannt Inskriptioune goufen an engem relativ begrenzte Raum ronderëm Lëtzebuerg fonnt. Der Interpretatio Romana no gëtt e mam Mars gläichgesat, eventuell awer och mat der keltescher Gottheet Narius.

Mythologie[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt néng bekannt Dedicace-Inskriptiounen, op deene den Intarabus genannt gëtt. Eng dovunn ass op enger Statu[1] aus der Géigend vu Foy, am Arrondissement Baaschtnech [2]. Och zu Tréier (Augusta Treverorum)[3][4] an zu Niersbach[5] goufen der fonnt. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Fonntplaz aus der Géigend vun Iechternach.[6] Op enger Opschrëft, déi zu Mackwiller, am Departement Bas-Rhin am Elsass fonnt gouf, hat en de Bäinumm Narius.[7] Op där Plaz stoung schonn am 1. Joerhonnert n. Chr. en Hellegtum fir de Genius loci Narius Intarabus, am Zesummenhang mat enger lokaler Quelleveréierung. An engem Mithräum, dat am 2. Joerhonnert opgeriicht gouf, bezeien Inskriptiounen, datt do de Mithras an de Narius Intarabus zesumme veréiert goufen. An der zweeter Hallschecht vum 3. Joerhonnert gouf d'Mithräum zerstéiert an an d'Plaz gouf en traditionelle galleschen Tempel ronderëm déi helleg Quell gebaut, wat bedeiten dierft, datt de Mithraskult zu Gonschte vun den ale keltesche Gottheeten nees opgi gouf.[8]

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Xavier Delamarre no géif sech den Numm aus de protokeltesche Wierder enter ("tëschent") an ab(us) ("Floss") zesummesetzen.[9] Déi meescht Keltologe bezeechnen awer d'Origine vum Numm als ongekläert.[10]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut Birkhan: Kelten. Versuch einer Gesamtdarstellung ihrer Kultur. Verlag der Österreichischen Akademie der Wissenschaften, Wien 1997, ISBN 3-7001-2609-3.
  • Bernhard Maier: Lexikon der keltischen Religion und Kultur (= Kröners Taschenausgabe Band 466). Kröner, Stuttgart 1994, ISBN 3-520-46601-5.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. David Colling: La statuette d'Intarabus de Foy-Noville, in Annales de l'Institut Archéologique du Luxembourg, 142, 2011, S. 83–89
  2. Deo Entarabo et Genio / |(curiae) Ollodag(i?) porticum quam / Velugnius Ingenuus promi/serat post obitum eius / Sollavius Victor fil(ius) adoptivos(!) / fecit
  3. In h(onorem) d(omus) d(ivinae) deo Marti Inta/rabo Vitalius Victorinus / et Novellinius Maiius fa/num et simulacrum a fundam/[ent]is ex voto r[e]stituerunt
  4. Numinib(us) Aug(ustorum) deo Intarabo et [Genio coll(egii) fabr(um) do]/labrarior(um) quib(us) splendidissim(us) o[rdo 3] / templ(um) sicut cons(a)eptum est au[guratum? 3] / c(uram) a(gente) Magissio Maina tum praef(ecto) eo[rum 3] // dec(uria) I / Borinius Merit() / Latinius Veco / Covirius Saturn[3] / Iul(ius) Sevia[nus] / Arvesc(ius) Nitiu[s] / Merca[t]or(ius) [3] / Quad[3] / Ioinci[on(ius) 3] / Securiu[s 3] / Main[utius 3] / Ner[3] / Quintiu[s 3] / So[le]mn(ius) [3] / Io[in]cion(ius) Cossus / Ilvatius Priman(us) / Mansuet(ius) Primus // Dagissius Albin(us) / Excingon(ius) Secund(us) / Covirius Tertius / Secundi(us) [S]ecun[d]in(us) / Mainut(ius) Silvin(us) / Secun[d(ius?)] Primu[s] / [6] / [6] / [6] / [6] / [3]issiu[s] / A[3]OTEG[3] / Messor(ius) Prim[us] / Iul(ius) [3]SA[3] / Blus[s]in(ius) Sennaug(us) / Victor(ius) Rustic(us) / Iul(ius) Lallus // Secund(ius) Secund[inus(?)] / VI[3]T[1]iu[s 3] / Vi[3]alti(us) / [3]iallus / [3] Drappus / [3] Maciatus / [3 R]usticus / [3] Va[3]cian(us) / [3] Ammia[n(us)] / [3]O[ // d[ec(uria) I]I / [6] / B[3] / [6] / [6] / CI[3] / CI[3] / BE[1]BV[3] / [6] / [6] / [6] / [6] / O[3] / Romac[3]r[3] / Secund(ius) Ibli[omarus] / Secund(ius) Ses[3] / Lugissiu[s
  5. Deo Intarabo / ex imperio Q(uintus) / Solimarius / Bitus aedem / cum suis orna/mentis consa/cravit l(ibens) m(erito)
  6. ]abo et / [3]atrum / [3]ento eius / [3] Sorin[3] / [3]VN[
  7. ]us eq(ues) Rom[anus(?) 3] / [3]nario in[3]
  8. Helmut Birkhan: Kelten. Versuch einer Gesamtdarstellung ihrer Kultur. S. 280.
  9. Xavier Delamarre: Dictionnaire de la langue gauloise : Une approche linguistique du vieux-celtique continental. 2. Edition. Éditions Errance, (2003), ISBN 2-87772-237-6, S. 29, 162.
  10. Bernhard Maier: Lexikon der keltischen Religion und Kultur. S. 179.