| Numm: Roum |
Numm: Griicheland |
Funktioun |
Kennzeechen |
| Jupiter |
Zeus |
Papp vun de Gëtter, zoustänneg fir Blëtz, Donner a Loft |
Aadler, Blëtzbëndel, Zepter |
| Juno |
Hera |
Famillje-Gëttin, zoustänneg fir Hochzäit, Mamm sinn a Gebuert, hëlleft bei Problemer beim Accouchement |
Pohunn, kinneklecht Kappduch |
| Neptunus (Neptun) |
Poseidon |
Gott vum Mier, vum Äerdbiewen a vun de Päerd |
Dräizack, Sträitwon |
| Minerva |
Athena |
jongfreelech Gëttin vun der Wäisheet, Schutzpatréinesch vun den Helden, de Stiet, dem Akerbau, de Kënscht an de Wëssenschaften, vum Handwierk, vum (strategesche) Krich a vum Fridden |
Helm, Schëld, Lanz an Eil |
| Mars |
Ares |
Gott vum zerstéierende Krich a vun de Schluechten |
Schwäert, Schëld, Helm |
| Venus |
Aphrodite |
Gëttin vun der Léift an der Schéinheet |
Dauf, Muschel, Rimm, Spigel |
| Apollo |
Apollon |
Gott vun der Poesie, vum Liicht, vun de Mais, der Pescht an der Prophetie |
Säiteninstrument Kithara, Feil a Bou |
| Diana |
Artemis |
jongfreelech Gëttin vun der Juegd a vum Mound |
Feil a sëlwere Bou, Kächer, Hirschkou, Moundséchel |
| Vulcanus |
Hephaistos |
Gott vun de Vulkaner, vum Feier a vun der Konscht vum Schmidden |
Hummer respektiv Zaang fir ze schmidden, Handwierkerkap |
| Vesta |
Hestia |
jongfreelech Gëttin vum Feier am Uewen a vum Familljenzesummenhalt |
|
| Mercurius (Merkur) |
Hermes |
Gott vun den Déif, vum Handel a vun de Reesenden; Gëtterbuet |
Petasos oder Fligelhelm, Hermesstaf, Fligelschong, Portmonni |
| Ceres |
Demeter |
Äerdgëttin, Gëttin vun der Fruchtbarkeet |
Ähren, Fakel |