Apollo (Mythologie)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem griichesche Gott Apollo. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Apollo.
Apollo
Apollo vu Belvedere, réimesch Kopie vun engem Original aus dem 4. Joerhonnert v. Chr. vum Leochares, Musée Pio-Clementino.
Ass en(g) Sonnegott
Deel vun Olympesch Gëtter
Geschlecht männlech
Famill
Bestuet mat Urania
Liewenspartner(in) Kalliope, Terpsichore, Klio, Thalia
Papp Zeus
Mamm Leto
Geschwëster Artemis
Kanner Asklepios, Aristaios, Orpheus, Amphiaraos
Universum
Present am Ilias

Den Apollo (gr.: Ἀπόλλων / Apóllôn; lat.: Apollo) ass an der griichescher Mythologie de Gott vun der Sonn, dem Verstand an der Konscht, besonnesch der Musek an der Poesie. Hien ass ausserdeem eng Purifikatiouns- an Heelgottheet, mä ka mat sengem Bou awer och d'Pescht ruffen. Den Apollo ass ausserdeem ee vun den Haaptgëtter, déi capabel zu der Divinatioun sinn, an hie gouf ënner anerem zu Delphi ëm Rot gefrot, wou hie seng Orakele via Pythia matgedeelt huet. Hie gouf och am anticke Roum veréiert, wou d'Réimer hie séier an hire Pantheon opgeholl hunn, ouni säin Numm z'änneren. Den Apollo war wuel ee vun de Gëtter, déi am Meeschten an der griichesch-réimescher Mythologie veréiert ginn ass, an och e vun de méi komplexe Gëtter. Hie war dacks mat de Musen ënnerwee, wat him säin zweeten Numm Mousagétês (deen, deen d'Muse féiert) abruecht huet.

Genealogie[änneren | Quelltext änneren]

Den Apollo a seng Schwëster Artemis (ëm 470 v. Chr.).

Den Apollo war de Jong vum Zeus a vun der Titanin Leto. Seng Zwillingsschwëster war d'Artemis.

Eng vun den Homereschen Hymnen erzielt seng Geschicht am Detail: D'Hera, déi jalous war, well hire Mann hir op en Neits friemgaange war, hat der Äerd verbueden, déi schwanger Leto z'empfänken. Dës Titanin ass ronderëmgeiert, fir eng Plaz ze fannen, wou si hir Kanner kéint op d'Welt bréngen. Nëmmen d'Insel Delos, déi och heiansdo Asteria genannt gouf, an déi net fest war, konnt si ophuelen, well hire Status vun enger Insel déi geschwommen ass, huet si weeder zu enger richteger Insel, nach zu wierklechem Festland gemaach. D'Leto huet am Géigenzuch versprach, aus der Insel eng fest Insel ze maachen, mä d'Leto konnt hir Kanner nawell net op d'Welt bréngen. Néng Deeg an néng Nuechten huet d'Leto ënner de Schmerze gelidden, mä ëmsoss: d'Hera hat d'Eileithyia, d'Gëttin vun der Gebuert, zeréckgehalen. Aner Gëttinnen hunn hir d'Iris geschéckt, fir d'Eileithyia ze befreien. D'Leto konnt endlech hir Kanner op d'Welt bréngen, fir d'éischt d'Artemis déi hir duerno bei der Gebuert vum Apollo gehollef huet. D'Themis huet dem neigebuere Jong den Nektar an den Ambrosia ugebueden. D'Insel gouf zu engem hellege Buedem, wou keen op d'Welt kommen, a kee stierwe konnt, an huet den Numm Delos ugeholl.

Well den Apollo immens schéi war, huet et net laang gedauert, bis déi jonk Griichen, d'Nymphe vum Olymp an d'Schofhierten aus Arkadien op hien opmierksam gi sinn.

Sou soll hie mat der Nymph Psamathe d'Kanner Phokos a Linos gehat hunn. Mat der Nymph Kyrene hat hien e Bouf. Hien huet d'Kyrene entfouert, an an Afrika verschleeft, an eng Regioun déi den Numm Kyrenaika krut.

Hien huet d'Nymph Koronis bestuet, a si huet de Gott Asklepios op d'Welt bruecht. Wéi den Apollo awer erausfonnt huet, dat seng Fra eng Affär mat engem Stierflechen hat, huet hie si verbrenne gelooss.

Duerno huet hien d'Mus Kalliope bestuet, obscho si d'Fra vum Kinnek vun Thrakien, dem Oiagros, war. Si krut dräi Jongen: den Hymenoes, Gott vum Bestietnes, den Orpheus, e grousse Museker, an de Ialenos.

Hien hat och eng Affär mat der athenescher Prinzessin Creusa, si huet den Ion op d'Welt bruecht. Ausserdeem hat den Apollo Affäre mat de jonke Griichen Cyparissus an Hyakinthos.

Mythen[änneren | Quelltext änneren]

Den Apollo an d'Python, Gravur vum Virgil Solis fir d'Metamorphoses vum Ovid.

D'Grënnung vun Delphi zielt zu de wichtegste Mythe vum Apollo. No senger Gebuert huet den Apollo Delos verlooss, fir bei d'Hyperboreaner ze goen, bei deenen hien e Joer bliwwen ass (periodesch ass hien och ëmmer nees dohin zeréckgaangen). No sengem Retour huet hien decidéiert, aus Delphi säin nächst Hellegtum ze maachen. D'Plaz soll den Zentrum vum Universum gewiescht sinn, mä war an den Hänn vun ale chtonesche Gëtter: d'Gaia (oder d'Themis) gouf hei veréiert, an eng fantastesch Schlaag, d'Δράκαινα / drákayna. Laut enger anerer Versioun huet den Apollo d'Schlaang Python verfollegt, well si d'Leto wärend hirer Schwangerschaft belästegt hat. Nodeem hien d'Schlaang ëmbruecht hat, huet hien Delphi zu sengem Territoire gemaach. Aus der Schlaang gouf d'Πυθώ(ν) / Pythố(n), an d'Prophetin vum Apollo huet sech Pythia genannt. Och bei aneren Hellegtemer wéi zu Klaros an Ionien huet den Apollo eeler chtonesch Gëtter ersat, déi virun him hei veréiert goufen. Nom Doud vun der Schlaang huet den Apollo sech misse wäschen, wat seng Roll als Purifikatiounsgottheet confirméiert huet.

Hien huet sech duerno an en Delphin verwandelt, an e kretescht Schëff ugelackelt, fir Paschtéier fir säin Hellegtum ze sammelen. Heimat krut d'Stad den Numm Delphi (Δελφοί / Delphoí), vun δελφίς / delphís, « Delphin ».

Apollo-Phoibos[änneren | Quelltext änneren]

Den Apollo gëtt och heiansdo Phoibos (och Phœbus, Φοῖϐος / Phoĩbos) genant. D'homeresch Gedichter ernimmen dacks e "Phebus Apollo". Doraus koum séier d'Vermuddung, datt den Apollo an de Phebus eng an déi selwecht Persoun wieren, wat awer nëmmen zur Hallschent wouer ass. Den Apollo hat als Kand dem Zeus seng Blëtzer benotzt, fir de Won vum Helios ofzeschéissen. Als Strof krut hien d'Aufgab, mam Won ze fueren, an ass zum Phoibos ginn. Sou sinn den Apollo an de Phoibos engersäits déi selwecht Persoun, hunn awer als Gëtter weeder déi selwecht Attributer, nach de selwechten Domaine.

Epitheten an Attributer[änneren | Quelltext änneren]

  • Seng Epitheten:
    • ἑκηϐόλος / hekêbólos, « dee wäit uviséiert »,
    • ὑπερϐόρεος / hyperbóreos, « aus dem extremen Norden »,
    • ἀργυρότοξος / argyrótoxos, « mam Bou aus Sëlwer »,
    • ἑκάεργος / hekáergos, « dee wäit ewech stéisst »,
    • μουσαγέτης / mousagétês, « deen, deen d'Muse leet »,
    • χρυσολύρης / khrusolúrês, « mat der gëllener Lyra »,
    • ἀλεξίκακος / alexíkakos, « deen dat Schlecht ewechhëlt »,
    • λοξίας / loxías, fir den Apollo als Gott vun den Orakelen ;
  • Seng Attributer: de Bou, d'Lyra, d'Flütt, an de Lorber ;
  • Déieren: Kueb, Schwan, Hong, Wollef a Schlaang ;
  • Hellegtemer: Delphi, Delos, Klaros, Argos, Thasos ;
  • Fester: Karneia an Actia.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Apollo – Biller, Videoen oder Audiodateien
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.