Den Amphiaraos huet trotz schwéiere Bedenken dach um Zuch vun de Siwe géint Theben deelgeholl, obwuel e virausgesinn huet datt all déi déi Deel geholl hunn, mat Ausnam vum Adrastos géife stierwen. Hie selwer ass zesumme mat Won a Päerd vun enger Spléck am Buedem, déi den Zeus mat engem vu senge Blëtzer opgerappt hat, verschléckt ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.