Vulcanus

Vu Wikipedia
Vulcanus
De Vulcanus ouni Pileus bei der Aarbecht
Geschlecht männlech
Famill
Bestuet mat Venus
Papp Jupiter
Mamm Juno

De Vulcanus ass de réimesche Gott vum Feier, vun de Blëtzer, vun de Vulkaner a vun der Schmëdd souwéi vun alle Metallhandwierker. De Vulcanus entsprécht dem griichesche Gott vun der Schmaddkonscht Hephaistos. Seng Eltere sinn de Jupiter an d'Juno a seng Kanner de Caeculus an de Cacus. De Vulcanus wunnt ënner dem Etna respektiv ënner der Insel Vulcano, déi no him benannt gouf. Do misst en als Schmadd ënner anerem och Wonnerwaffe fir d'Gëtter an Hallefgëtter erschafen, zum Beispill d'Blëtzer fir säi Papp.

De Vulcanus war e gescheiten Erfinder a gëtt als handwierklech begaabt, schro mä friddlech beschriwwen. Seng Attributer sinn Hummer, Zaang, Schmaddschiertech an Amboss, ausserdeem huet en eng himmelblo Pileus (Filzmutz) un. Den Hunn, de Léiw, d'Fiicht an d'Eise waren him helleg.

Legenden[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no war de Vulcanus sou ellen, datt d'Gëtter bei senger Gebuert vu Laachen Tréine kruten. Dowéinst geheit d'Juno hiert eegent Kand vum Olymp a verleegent et. No dësem Stuerz hippt de Vulcanus fir ëmmer. Fir sech bei senger Mamm ze räche baut en e gëllenen Troun. Nodeems d'Juno sech drop sëtzt, ka se net méi opstoe well onsiichtbar Fesselen se festhalen. Fir si ze befreie verlaangt de Vulcanus fir sech e Gottestatus. Ausserdeem gëtt de Jupiter him déi schéi Venus als Fra. D'Venus bleift him net trei a schléift z. B. mam Mars. De Vulcanus kritt dat awer mat a baut en onsiichtbaart Netz an deem de Mars an d'Venus bei hirem Rendez-vous in flagranti gefaange ginn. Dat weist en allen anere Gëtter a jiddwereen am Himmel laacht doriwwer. Soumadder gouf de Vulcanus gerächt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]