Tréin

Vu Wikipedia
Anatomie vum Tréinenapparat:
a) Tréinendrüs
b) Iewescht Offlosslächelchen (punctum) fir Tréinen
c) Ieweschten Tréinekanal
d) Tréinesak
e) Ënnescht offlosslächelchen
f) Ënneschten Tréinekanal
g) Nasolakrimal-Kanal

Eng Tréin (lat: lacrima) ass eng salzhalteg Kierperflëssegkeet, déi kontinuéierlech vun den Tréinendrüse vum Mënsch a soss Mamendéiere produzéiert gëtt. Si dingt primär dozou, de Sak vun der Conjonctive (de: Bindehaut) vum A propper ze halen an d'Hornhaut (fr: Cornée) ze befiichten an z'ernieren. Ausserdeem hëlleft d'Tréineflëssegkeet, d'optesch Eegenschafte vun der Fläch vun der Hornhaut ze verbesseren, andeems se physiologesch Onreegelméissegkeeten, déi entstinn, well d'Hornhaut net perfekt glat ass, ausgläicht.

D'Tréinesekret besteet aus dräi Schichten: déi bannescht Schicht, déi op der Hornhaut läit, huet Muciner a Glykoproteiner, déi hëllefen, s'op der Hornhaut ze verdeelen. Déi mëttelst, stäerkst Schicht ass kloer, wässereg Tréineflëssegkeet, an déi baussecht Couche huet eng uelegzech Konsistenz.

Nieft Waasser besteet d'Tréineflëssegkeet aus verschiddene Proteinnen (ënner anerem Immunglobulinen) an Enzymer (ënner anerem Lysozymer), anorganeschen a stéckstoffhaltege Substanzen souwéi Kuelenhydrater mat hire Metabolitten, an 9 Gramm Kachsalz pro Liter (0,9 %). Beim Kräischen ännert sech hir Zesummesetzung.

Tréine beim engem Kand, dat kräischt.

Et gëtt geschat, datt e Mënsch pro Dag bis zu engem hallwe Liter Tréineflëssegkeet produzéiert, wouvun e groussen Deel duerch den Tréinekanal ofleeft oder verdonst.

Et gëtt dräi Zorten Tréinen:

  • déi normal ("basal"), déi d'A propper halen, fiicht maachen an d'Hornhaut ernieren;
  • déi duerch Reflex entstinn, wann e Friemkierper an d'A geroden ass, fir bäizedroen, en erauszekréien;
  • déi Tréinen, déi duerch emotionale Stress entstinn (Freed, Leed, Trauer, Péng,...) a wou ee vu Kräische schwätzt. An deem Fall sinn dacks aner Kierperreaktiounen dermat verbonnen, wéi konvulsivt Schluchzen, e rout Gesiicht, eng speziell Mimik, asw.

Phraseologesches[änneren | Quelltext änneren]

  • Krokodilstréine kräischen: Ofwäertend iwwer een, dee just esou mécht, wéi wann en traureg wier;
  • Eng Tréin am Knäpplach hunn: verschimmt oder heemlech kräischen;
  • Kräische wéi eng Muedeléin: vill a staark kräischen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tréinen – Biller, Videoen oder Audiodateien