Inciona

Vu Wikipedia
Ex-voto fir de Veraudunus and'Inciona, deen um Widdebierg fonnt gouf.

D'Inciona war eng keltesch Gëttin aus der Géigend vun den Treverer. Et gëtt ugeholl, datt si eng Lokalgottheet vum Widdebierg war, wou déi zwou Inskriptioune fonnt goufen, op deene s'ernimmt ass.[1] An den zwéi Fäll gëtt se mam Gott Veraudunus genannt, dee warscheinlech hire Compagnon war. Op enger Plackett aus Bronze ginn déi zwéin mam Lenus Mars ernimmt (wann een déi Buschtawen, déi feelen, ergänzt), woubäi net ganz kloer ass, ob sech Veraudunus direkt op de Lenus bezitt oder ob s'als zwéi verschidde Gëtter ugesi goufen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. H. Finke, Neue Inschriften, in: Bericht der Römisch-Germanischen Kommission 17, 1927, S. 1-107 und 198-231, Nr. 69: In h(onorem) d(omus) d(ivinae) d[e]o Verauduno / et Inciona[e] M(arcus) Pl(autius?) Restitutus / ex voto;
    Charles-Marie Ternes: Les inscriptions antiques du Luxembourg (IAL), in: Hémecht 17, 1965, S. 267–478, Nr. 136: Incion(a)e.