Op den Inhalt sprangen

Widdebierg

Vu Wikipedia
Widdebierg
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Plaz Menster
Fluessweiler
Koordinaten 49° 39’ 23.7’’ N
      06° 19’ 32.4’’ O
Dimensiounen a Geographie
Fläch ± 211 ha

De Widdebierg ass en Hiwwel um Territoire vun de Gemenge Fluessweiler a Betzder.

En ass zanter dem 18. Juni 2021 en Deel vum Naturschutzgebitt Widdebierg-Hierden.

E läit um Terrain vun den Uertschafte Menster am Westen a Fluessweiler am Osten; Rued-Sir läit nordwestlech vum Bierg, Banzelt am Nordosten dovun. Déi héchst Plaz läit op 387,4 m (NG-L). En ass geologesch gesinn, genee wéi säin Noper, de Kréckelsbierg, e Relikt[1] vum Lëtzebuerger Sandsteen am Sirdall. E besteet[2] aus zwee typesche Plateauselementer tëscht 375 an 386 m, 200 bis 350 m laang, déi duerch e Suedel getrennt sinn. De Widdebierg ass e wichtege Waasserreservoir mat ville Quellen.

Am Norde féiert d'Nationalstrooss 1 vu Rued-Sir op Banzelt laanscht, am Süden d'Autobunn A1 (Europastrooss E 44) mat der Deelstreck vun der Ausfaart 11 (Mënsbech) an 12 (Fluessweiler).

Réimesch Schrëfttafel vum Widdebierg.

Wat d'Bedeitung vum Numm ugeet, do gëtt den Nicolas van Werveke déi follgend Erklärung[3]: Dat latiniséiert dunum, vum kelteschen dunon, bedeit eng Buerg, an déi heefeg Zesummesetzung Virodunum – deen alen Numm vu Verdun – stéing da fir „die wahre, die rechte Festung“, „la forteresse par excellence“. 't kann een net widderleeën, datt de „Wirtenberg“ - wéi en nach bis virun 100 Joer genannt gouf - e keltesche Virodunum ass, well de beschte Bewäis ass déi réimesch Schrëfttafel „Deo Verauduno“, déi um Widdebierg fonnt gouf.[4]

Buggi als Erënnerung un d'Steekaul.
Fréier Steekaul.

Et kann een dovun ausgoen, datt de Widdebierg schonn an der Jongsteenzäit vu Mënsche bewunnt war.[5] Ausser réimesche Mënzen a Figure sinn och Spuere vun trevereschen a keltesche Gottheeten (Lenus Mars, Veraudunus an Inciona) uewen um Bierg fonnt ginn.[6]

Ufanks vum 19. Joerhonnert si Steebréch um Widdebierg ageriicht ginn, wou bis an d'1960er Jore souwuel Bau- a Paweesteng wéi och Sand ofgebaut goufen.[7]

1880 goufen et déi éischt Kontrakter op Basis vun deenen de Pawee an der „Paweekaul“ oder „Al Kaul“ ofgebaut gouf, ier dunn 1902 d'Karriär vun der belscher Société de Montfort iwwerholl gouf. 1921 ass eng zweet Karriär – „Lampecht“ oder „Nei Kaul“ – opgaangen.

Et hu bis zu honnert Aarbechter an de Kaule geschafft. Vill vun hinne waren italieenesch Immigranten. Se hunn an Ekippe fir wéineg Loun an ënnert schwéiere Konditiounen alt bis zu 16 Stonnen den Dag geschafft. Déi eng hunn de Fiels gebrach iwwerdeems déi aner en zu Bau- oder Paweesteng geklappt hunn. Dat typescht Aarbechtsgeschier war d'Schëpp, d'Briecheisen, d'Speespëtz, de Paweehummer, d'Schlo, d'Piosch, de Käil, d'Schubbkar an de Buggi. D'Geschier gouf vun engem Feldschmadd an der Rei gehalen.

Um Enn vun den 1920er Jore ass d'Produktioun wéinst der Weltwirtschaftskris erofgaangen an 1962 goufen d'Karriären zerguttst zougemaach[8].

Gedenksteen um Widdebierg fir de Bëschinspekter Viktor Steffes

Um Widdebierg steet och e Gedenksteen fir de Viktor Steffes (1887-1935) vu Fluessweiler, Bëschinspekter zu Gréiwemaacher. Dëse Gedenksteen gouf ursprénglech 1936 "am Rangels" opgestallt, ier en 2013 op de Widdebierg koum. De Viktor Steffes war derbäi wéi de "leschte" Wollef den 28. Februar 1920 erschoss gouf.[9]

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]
  • Binsfeld, Wolfgang, 1974. Der Gott auf dem Widdenberg. Hémecht 26: 216-217.
  • Gengler, Gaston, 1991. Demographisch-soziologisches aus der Geschichte der Ortschaft Mensdorf und ihrer weiteren Umgebung. S. 148–223 in: 1891-1991 : Centenaire des Choeurs mixtes Sainte Cécile Mensdorf. Mensdorf.
  • Lucius, Michel, 1948. Erläuterungen zu der Geologischen Spezialkarte Luxemburgs - Geologie Luxemburgs - Das Gutland. Publications du Service de la carte géologique de Luxembourg Bd. 5. Luxembourg: Service géologique de Luxembourg.
  • Modert, Paul, 1947. Vor- und Frühgeschichte Luxemburgs. Luxemburg: P. Worré-Mertens.
  • Molitor, Joseph, 1964. Quelques aspects de la géomorphologie du Grès de Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 66: 13-94. PDF
  • Ternes, Charles-Marie, 1965. Les inscriptions antiques du Luxembourg. Hémecht 17, H. 3/4.
  • Van Werveke, Nicolas, 1983. Kulturgeschichte des Luxemburger Landes. Herausgegeben von Carlo Hury. 2 Bd. Neue Aufl. Esch-sur-Alzette: Schortgen.
Commons: Widdebierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Cf. Lucius 1948: 339–340 an der Bibliographie.
  2. Cf. Molitor 1964: 28 an der Bibliographie.
  3. Cf. Van Werveke 1983: 41-42 an der Bibliographie.
  4. Cf. Binsfeld 1974: 216-217 an der Bibliographie.
  5. Cf. Modert 1947: 19, 22, 36 an der Bibliographie.
  6. Cf. Ternes 1965: 425 an der Bibliographie.
  7. Cf. Gengler 1991: 161, 178 an der Bibliographie.
  8. Quell vum Abschnitt iwwer d'Steekaulen: Informatiounstafel um Widdebierg
  9. Massard, Jos. A., 2015. Der Mythos vom letzten Wolf in Luxemburg. Der 1893 bei Olingen erlegte Wolf war nicht der letzte. Wölfe traten noch viel später als bisher angenommen in Luxemburg auf. Eine Aufarbeitung in drei Teilen. — Teil I: Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 258 (5. November): 19. — Teil II: Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 259 (6. November): 19 (Der Erste Weltkrieg brachte die Wölfe zurück). — Teil III: Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 260 (7. November): 19 (1920 – Ein Wolf bei Berg). Erweiterte Online-Version.