Geld

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Barréierten Englesche Scheck
Kreditkaarten

Geld, (ofgeleet vu: gelt = Bezuelen, Tausch), oder Suen, ass en Tauschmëttel vum 2. Grad, dat e benotze ka fir ze kafen, ze bezuelen, Besoinen ze befriddegen a Verflichtungen anzegoen oder opzeléisen. An der Reegel ass d'Geldwiese staatlech organiséiert. An de vollekswirtschaftlechen Theorië gëtt d'Notioun vum Geld ausféierlech behandelt.

Funktioune vum Geld[änneren | Quelltext änneren]

D'Geld erfëllt zwou Funktiounen:

Mëttel fir ze bezuelen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Benotze vum Geld gëtt et einfach, fir ze bezuelen. Mä et gëtt och méi einfach, duerch d'Zwëscheschalte vu Geld, Saachen ouni Verloscht ze tauschen, wéi dat fréier beim Troc (Tausch ouni Geld) de Fall war. Dat selwecht ass och wouer fir d'Ofgläiche vun enger Schold. Fir d'Funktioun als universellt Mëttel beim Tausch erfëllen ze kënnen, muss genuch Geld am Ëmlaf sinn, an och an enger konstanter Quantitéit. Ass dat net de Fall, verännert sech de Wäert vum Geld an den Tausch gëtt schwiereg. Et kënnt dann zur Inflatioun zu engem Wäertverloscht vum Geld an deem enge Fall oder zur Deflatioun am ëmgekéierte Fall.

D'Reservefunktioun vum Geld[änneren | Quelltext änneren]

D'Geld ka gespäichert ginn, duerch de Verzicht op eng Consommatioun. Sou erméiglecht d'Geld datt een eng Ausgab op méi spéit verleeë kann. D'Geld erlaabt also d'Spueren, d'Uleeë vu Reservepolsteren, d'Iwwerdroe vu Reserve vun enger Plaz op déi aner, an d'Formatioun vu Kapital.

Zorte vu Geld[änneren | Quelltext änneren]

Boergeld[änneren | Quelltext änneren]

  • Geldschäiner. Mat Schäiner gi grouss Zomme bezuelt. Beim Euro, fir nëmmen ee Beispill ze huelen, gëtt et Coupuren, vu 5 Euro u bis zu 500 Euro.
  • Mënzen. Mënze si Geldstécker aus Metall. Dës Geldstécker erméigléichen d'Bezuelen a klenge Beträg an hu beim Euro e Wäert vun héchstens 2 Euro. Hei si Biller als Beispill vu Mënzen an Eurowährung:

Kontegeld oder Giralgeld[änneren | Quelltext änneren]

Dat ass d'Geld op de Konten, dat kurzfristeg disponibel ass. Zesumme mat dem Boergeld ergëtt sech d'Geldmass déi am Ëmlaf ass.

Scheck[änneren | Quelltext änneren]

E Scheck ass eng schrëftlech Uweisung un eng Bank, fir e festgeluechte Betrag un de Proprietär oder de Porteur vum Scheck kurzfristeg ze bezuelen. Wa keen Numm um Scheck vermierkt ass, handelt et sech ëm en Inhaberscheck (fr.: chèque au porteur). E gëtt dann un deen, deen e presentéiert, bezuelt, soss muss d'Persoun, bei senger Aléisung sech ausweisen. E nominative Scheck kann awer och un eng Drëttpersoun duerch e Vermierk op senger Rëcksäit weidergereecht ginn. Da gëtt vun endosséieren oder engem Endossement geschwat. Wie sécher goe wëll, datt de Scheck net gestuel gëtt oder verluer geet, dee barréiert säi Scheck mat zwéin paralleel Strécher, an der Mëtt oder am lénksen Eck vum Scheck (Barréierte Scheck: kuckt méi héich d'Bild). Da gëtt de Scheck nämlech net boer ausbezuelt mä op engem Kont guttgeschriwwen.

Kaartegeld (Kreditkaarten)[änneren | Quelltext änneren]

Et kann en och mat enger Kreditkaart bezuelen. Dat ass eng Kaart aus Plastik, déi vu Kreditkaartegesellschaften oder Banken emettéiert gëtt, déi dem Keefer erlaabt bis zu enger gewësser Kreditlimite anzekafen. De Keefer gëtt dann um Enn vum Mount fir den Total vu sengen Akeef mat der Kaart belaascht an de Verkeefer kritt dann, no Ofzug vun enger Kommissioun, déi eenzel Zomme gutt geschriwwen. Meeschten erlaben d'Kreditkaarten et och, fir Geldberträg bis zu enger fester Limitt aus Bankautomaten opzehiewen. Et existéieren haut um internationale Plang follgend Kreditkarten:

  • American Express
  • Diners Club
  • MasterCard (fréier an Europa ënner dem Numm Eurocard)
  • Visa.

Elektronesch Kaarten (franséisch:carte à puces)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Money – Biller, Videoen oder Audiodateien