Paul Weber

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Paul Weber
Gebuer 3. Oktober 1898
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Dezember 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist
Famill
Papp Pierre Weber

De Paul Weber (Pol, Pöt), gebuer den 3. Oktober 1898 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 22. Dezember 1976, war e lëtzebuergeschen Ekonomist, Jurist, Schrëftsteller an Historiker. Säi Papp war de Pierre Weber.

Wärend dem Zweete Weltkrich war en ongeféier zwee Joer am KZ Dachau internéiert (1943-1945).

Hie war virum Carlo Hemmer Direkter vun der Chambre de commerce an eng Zäit Chargé de cours op der ULB, wou e Virliesungen iwwer de lëtzebuergeschen Droit ginn huet.

De 7. August 1961 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bliwwe bis hien den 2. Oktober 1973 d'Alterslimit erreecht huet.[1]

Vun 1928 bis 1929 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Nom Zweete Weltkrich gouf e Consul honoraire vu Japan zu Lëtzebuerg.

Vun 1964 bis 1976 war hie President vum Verwaltungsrot vun der Bourse vu Lëtzebuerg.

Hien ass besonnesch bekannt fir seng historesch Publikatiounen. Nieft senge Reesreportagen, déi am Luxemburger Wort publizéiert goufen, huet de Paul Weber, deen eng remarkabel Sammlung vun asiatescher Konscht zesummegedroen hat, och e Buch iwwer Japan geschriwwen.[2]

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Paul, 1939. Geschichte des Luxemburger Landes. Victor Bück, Luxemburg. [3., erweidert a verbessert Ausgab, 1948; 342 S.]
  • Weber, Paul, 1946. Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg. Victor Bück, Luxemburg. [(2., erweidert Oplo: 1948; 159 S.]
  • Weber, Paul, 1950. Histoire de l'économie luxembourgeoise. Victor Bück, Luxemburg. 432 S. [Erausgi bei Geleeënheet vum honnerste Grënnungsdag vun der Chambre de Commerce].
  • Weber, Paul, 1956. Kleine Weltreise über Japan. 135 S. Verlagsanstalt Hermann Klemm, Freiburg i. Breisgau.
  • Weber, Paul, 1961. Histoire du Grand-Duché de Luxembourg. 4., akt. an erweidert Ausgab, 132 S. Office de Publicité, S.A., Bruxelles.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Cf. Weber 1956 an der Bibliographie.
  3. Memorial A N°10 vun 1956 mat der Lëscht vun de Leit déi 1956 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-03-01.