Gaston Mannes

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gast Mannes)
Gaston Mannes
Gebuer 5. Mäerz 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Literaturwëssenschaftler, Universitéitsprofesser

De Gaston ("Gast") Mannes, gebuer de 5. Mäerz 1947 zu Waasserbëlleg, ass e lëtzebuergeschen Däitschprofesser, Literaturwëssenschaftler an Auteur.

De Gast Mannes huet op de Cours supérieurs an der Stad (1967/68), zu Paräis (1968-1970), zu Saarbrécken (1970/71) an zu Montpellier (1972-1974) Däitsch a Franséisch studéiert. Op dëser leschter Statioun huet hien eng Dissertatioun iwwer de Gebrauch vum Personalpronomen am André Malraux senge Mémoirë geschriwwen: Le Je et les autres dans les Antimémoires d'André Malraux: Thèse pour le Doctorat de spécialité (3e cycle). Université de Montpellier, 1974.

Am Kader vum Stage fir Professer am Secondaire ze ginn, huet hien 1976 eng Aarbecht iwwer dem Bertolt Brecht seng Sonette verdeedegt. Als genannte Professer war hien ë. a. am Lycée Michel-Rodange (1981-1998) an der Stad. Hie war Mataarbechter vum CNL (1995-2008) a Bibliothecaire um groussherzoglechen Haff (1998-2012).

De Gast Mannes ass mat der Germanistin Josiane Weber bestuet a wunnt an der Stad.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Michels, P.: Choix de textes. 1917-1922; Textes présentés, annotés et commentés par Gast Mannes, Centre national de littérature, Miersch 2004, ISBN 2-919903-13-6
  • Luxemburgische Avantgarde. Zum europäischen Kulturtransfer im Spannungsfeld von Literatur, Politik und Kunst zwischen 1916 und 1922. Éditions phi, Esch-Uelzecht / CNL, Miersch 2007, 422 S. ISBN 978-2-87962-235-4
  • Rockstrohs Gespräche mit Heinrich von Kleist: Etüden der Aufklärung. Berlin, 2011 ISBN 978-3-89479-690-7. Och als Kindle Editioun fir erofzelueden.
  • Der Abschied des Hofbibliothekars - Kulturhistorische Tableaus; Hildesheim (Georg Olms Verlagsbuchhandlung), 2017 (= néng literaresch, ënnerschiddlech konzipéiert Essayen iwwer d'Verhältnes tëscht bekannten Haffbibliothecairen an hirem jeweilegen Här, engem Monarch oder Fürst. Dee leschten Essai handelt vum Auteur sengem eegenen Ofschidd vum Haff) ISBN 978-3-48708-593-7.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture Gearchiveerd op 2013-10-10. Gekuckt de(n) 2015-01-24.