Josiane Weber

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Josiane Weber, gebuer 1957, ass eng lëtzebuergesch Germanistin an Historikerin.

No hire Secondairesstudien am Lycée Hubert-Clément vun Esch (1976; C moderne), huet d'Josiane Weber op der Universitéit vun Tréier Germanistik a Geschicht studéiert. Am Kader vun hirem Stage fir Professer am Secondaire ze ginn huet si 1986 eng Aarbecht iwwer d'Receptioun vun der däitscher Literatur zu Lëtzebuerg tëscht 1815 an der Mëtt vum 19. Joerhonnert verdeedegt.

D'Josiane Weber ass Professesch am Lycée technique école de commerce et de gestion an der Stad Lëtzebuerg, an ass och - zanter 2007 - wëssenschaftlech Mataarbechterin am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch.

2011 huet d'Josiane Weber eng Dokterthes op der Universitéit vun Tréier iwwer d'Thema Familien der Oberschicht in Luxemburg (1850-1900): Elitenbildung und Lebenswelten verdeedegt. Dës koum 2013 als Buch eraus.

D'Josiane Weber ass mam Gast Mannes bestuet a wunnt an der Stad Lëtzebuerg.

Publikatiounen & Konferenzen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Zensur im Vormärz (1815 - 1848). Literatur und Presse in Luxemburg unter der Vormundschaft des Deutschen Bundes. Lëtzebuerg 1998 (mam Gast Mannes)
  • Politik - Literatur – Industrie. Miersch 2011 (mam Germaine Goetzinger an dem Pierre Marson)
  • Familien der Oberschicht in Luxemburg (1850-1900): Elitenbildung und Lebenswelten. Tréier 2011
  • Politische Eliten in Luxemburg - Die Rekrutierung der Minister in der zweiten Hälfte des 19. Jahrhunderts ; in: forum, Nr. 314, Januar 2012; Ss. 21-24 (ill., Bibliogr.).
  • Den Emmanuel Servais an d'Fro vun der nationaler Onofhängegkeet ; Virtrag, gehalen am CNL (Miersch), de 15. Februar 2012.
  • Familien der Oberschicht in Luxemburg – Elitenbildung und Lebenswelten 1850-1900. Éditions Binsfeld, 2013, 608 S., ISBN 978-2-87954-264-5.