Bertolt Brecht

Vu Wikipedia
Bertolt Brecht
Gebuertsnumm Eugen Berthold Friedrich Brecht
Pseudonym Bertolt Brecht, Berthold Larsen
Gebuer 10. Februar 1898
Augsburg
Gestuerwen 14. August 1956
Ost-Berlin
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Däitsch Demokratesch Republik, Weimarer Republik, Éisträich
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Dramatiker, Liddertexter, Dréibuchauteur, Theaterregisseur, Dichter, Librettist, Literaturkritiker, Schrëftsteller, Filmregisseur, Regisseur
Member vun Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR
Famill
Bestuet mat Marianne Zoff, Helene Weigel

De Bertolt Brecht, och nach Bert Brecht, gebuer den 10. Februar 1898 zu Augsburg als Eugen Berthold Friedrich Brecht, a gestuerwen de 14. August 1956 zu Berlin, war en däitsche Schrëftsteller a Regisseur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Bertolt Brecht säi Studium vun den Naturwëssenschaften, der Medezin a virun allem der Literatur gouf 1918 duerch säin Déngscht als Sanitäter an engem Lazarett ënnerbrach. Wärend där Zäit gouf de Bertolt Brecht e fervente Krichsgéigner.

1918 huet de Bertolt Brecht säin éischt Wierk Baal, een anarchistescht-nihilistescht an expressionistescht Drama, geschriwwen.

1922 gouf Baal zu München, wou de Bertolt Brecht als Dramaturg geschafft huet, fir d'éischt gespillt. Mat dësem Stéck huet de Bertolt Brecht seng Renommée als Dramaturg kritt.

1924 bis 1926 huet de Bertolt Brecht als Dramaturg zu Berlin geschafft an de Marxismus intensiv studéiert.

1933 ass de Bertolt Brecht, deen an der Tëschenzäit en iwwerzeegte Sozialist gi war, zesumme mat senger Fra Helene Weigel aus Däitschland geflücht, an no Tëschestatiounen (ënner anerem zu Moskau (1935-1939)), 1941 an den USA ukomm.

Nom Zweete Weltkrich ass de Brecht, dem déi Alliéiert d'Arees an d'Westzone verweigert hunn op Ost-Berlin geplënnert.

1949 huet de Bertolt Brecht zesumme mat senger Fra de Berliner Ensemble gegrënnt. Dëse war eng wichteg Experimentéierbün an Europa.

D'Resignatioun am Bertolt Brecht senge Wierker déi nom Bau vun der Berliner Mauer entstane sinn ass onverkennbar.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Stécker (chronologesch)[änneren | Quelltext änneren]

Eenakter[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Kleinbürgerhochzeit,
  • Der Bettler oder Der tote Hund,
  • Er treibt einen Teufel aus,
  • Lux in Tenebris,
  • Der Fischzug,
  • Dansen,
  • Was kostet das Eisen?,
  • Die sieben Todsünden der Kleinbürger

Lyrik[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Hauspostille,

ausgewielt Gedichter a Lidder:

Choral vom Manne Baal, Ballade von den Seeräubern, Die Legende vom toten Soldaten, Der Schneider von Ulm, An die Nachgeborenen, Die Lösung, Mein Bruder war ein Flieger, Fragen eines lesenden Arbeiters, Erinnerung an die Marie A., Schlechte Zeit für Lyrik

Prosa[änneren | Quelltext änneren]

  • Bargan läßt es sein,
  • Geschichten vom Herrn Keuner,
  • Dreigroschenroman,
  • Flüchtlingsgespräche,
  • Kalendergeschichten,
  • Kinderkreuzzug,
  • Die Geschäfte des Herrn Julius Cäsar

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bertolt Brecht – Biller, Videoen oder Audiodateien