Synagog Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Déi zweet Escher Synagog (2009)
Déi éischt Escher Synagog (uganks 1900)

D'Synagog vun Esch Uelzecht gouf tëscht 1953 an 1954 vum Escher Entreprener N. Moia no Pläng vum Lëtzebuerger Architekt Christian Scholl gebaut. De Grondstee gouf den 30. Abrëll 1953 geluecht; de 17. Oktober 1954 gouf se ageweit. D'faarweg Fënstere si vum Atelier Linster vu Munneref.

Si steet an der Kanalstrooss, um Eck mat der Dicksstrooss, e puer honnert Meter vun där Plaz ewech, wou déi éischt Escher Synagog stoung.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Escher Synagog gouf den 28. Juli 1899 ageweit. De Grondstee war den 21. Juli 1898 geluecht ginn, d'Pläng ware vum Charles Arendt. Si stoung op der Vinzenz-Plaz an hat bannena Plaz fir 150 Leit.

Den 3. Juni 1941 gouf se vum nationalsozialisteschen Okkupant dem Äerdbuedem gläichgemaach. D'Plaz, déi zanterhier eidel stoung, gouf 1985 a Place de la Synagogue ëmbenannt. 2004 gouf do e Monument opgeriicht, dat un déi Escher Judden erënnert, déi an d'Vernichtungslageren deportéiert an do ermuert goufen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mémorial de la déportation juive Esch-Uelzecht.

Escher jiddesch Communautéit[änneren | Quelltext änneren]

D'Communautéit vun Esch-Uelzecht beschreift sech selwer als eng ganz villfälteg Gemeinschaft. Hei begéine sech deemno traditionalistesch Judden, déi virun allem vun Esch selwer kommen, liberal Judden, haaptsächlech aus der Stad, expatriéiert oder international Judden, awer och interreliéis Koppelen, wou ee Partner Judd ass an deen aneren net. De grousse Succès vun dëser Gemeinschaft erkläert sech duerch hir Sproochevillfalt, dorënner virun allem frankophon an anglophon Aflëss.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Antoinette Reuter: Die Synagoge, Historisches und Archtektonisches Esch (68), tageblatt 4./5.Juli 2020, S. 28 // tageblatt.lu
  • Georges Buchler: Esch 1940-1944, Synagoge, Historisches und Archtektonisches Esch (68), tageblatt 28 . Juni 2020 // tageblatt.lu
  • Paul Cerf, Isi Finkelstein: Les Juifs d'Esch - Déi Escher Judden. Chronique de la Communauté juive de 1837 à 1999. Édition des Cahiers Luxembourgeois, 1999.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Synagog Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der Escher Communautéit, gekuckt 2013-11-06.