Gabriel Lippmann

Vu Wikipedia
Gabriel Lippmann
Gabriel Lippmann2.jpg
Gebuer 16. August 1845
Bouneweg
Gestuerwen 13. Juli 1921
Atlanteschen Ozean
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure,
Lycée Henri IV,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Physiker, Erfinder, Fotograf, Professer
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino, Société astronomique de France
Wikidata-logo-without-paddings.svg
D'Gebuertshaus vum Gabriel Lippmann zu Bouneweg.
Plack um Gebuertshaus zu Bouneweg.

De Jonas Ferdinand Gabriel Lippmann, gebuer de 16. August[1] 1845 zu Bouneweg[2] (deemools Gemeng Hollerech, zanter 1920 Stad Lëtzebuerg), a gestuerwen den 13. Juli 1921 am Atlantik,[3] um Passagéierschëff France, op enger Réckrees vu Kanada no Frankräich, war e franséische Physiker an Erfinder. Hie krut 1908 den Nobelpräis an der Physik.

Mat 3 Joer ass de klenge Gabriel mat senger Famill vu Lëtzebuerg op Paräis geplënnert, wou hien an de Lycée Henri-IV an duerno op d'École normale supérieure gaangen ass. De Studium do huet en awer net ofgeschloss. Wat hien intresséiert huet, war d'Physik. Hie goung op Heidelberg an de Physikslaboratoire Kuhne und Kirchhoff schaffen, duerno op Berlin bei den Hermann von Helmholtz.

1876 huet en zu Paräis seng Doktoratsthes an den Annales de chimie et de physique publizéiert ënner dem Titel Relations entre les phénomènes électriques et capillaires. Si huet därmoossen Androck gemaach, datt hie vum Erzéiungsminister Duruy 1883 als Professer fir Mathematik op d'Sorbonne beruff gouf. 1886 war hie Professer fir experimentell Physik.

1886 gouf de Gabriel Lippmann an déi franséisch Académie des sciences opgeholl, 1896 an d'Londoner Royal Society an am Joer 1900 an d'Berliner Akademie der Wissenschaften.[4] Besonnesch innovativ Fuerschung huet hien am Beräich Fotografie gemaach, wou en e Procedé entwéckelt huet, deen et méiglech gemaach huet, fir mat der Interferenz vun de Liichtwelle faarweg Fotoen ze maachen. Heifir krut hien den 10. Dezember 1908 den Nobelpräis an der Physik.

De G. Lippmann war 1907 Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn.[5] Hie war och Éieremember, zanter 1892, vun der Société de photographie de Luxembourg.[6]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg sinn no him benannt:

  • d'Rue Gabriel-Lippmann (L-1943) zu Bouneweg, déi d'Verbindung mécht tëscht der Carignan-Strooss an der Auguste-Charles-Strooss. D'Strooss, déi am Volleksmond "Juddegaass", offiziell awer "Rue de la Montagne" (Bergstraße) geheescht huet, krut den Numm vum Lippmann an der Sitzung vum Stater Gemengerot vum 16. Mee 1925; am Krich hunn d'Nazien aus der Gabriel-Lippmann-Strooss d'"Eifelerstraße" gemaach.[7]
  • d'Rue Gabriel-Lippmann zu Nidderaanwen (L-6947)
  • de Centre de recherche public Gabriel-Lippmann: den 31. Mee 1999 ass de Centre de recherche public - Centre universitaire, deen am Juli 1987 gegrënnt gi war, nom Gabriel Lippmann ëmgenannt ginn.

De Fotograf Gabriel Lippmann[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gabriel Lippmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grégorius 1984, Massard 1997, S. 81s (de 17. August ass d'Kand op der Gemeng ugemellt ginn).
  2. Grégorius 1984, Massard 1997, S. 82.
  3. Gabriel Lippman, Scientist, Dies at Sea. The New York Times,14 July 1921.
  4. Lebon 1911, S. 18.
  5. Massard 1997, S. 88.
  6. Lebon 1911, S. 19.
  7. Massard 1987, S. 97.