Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir Physik
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Lëscht Nobelpräis Physik)
Dës Lëscht vun den Nobelpräisdréier an der Physik ass en Deel vun de Referenztabellen.
1901 - 1910
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1901 | Wilhelm Conrad Röntgen | "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hien duerch seng Entdeckung vun de Rëntgestralen geleescht huet." | ||
| 1902 | Hendrik Antoon Lorentz | "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht de si duerch hir Fuerschungen um Afloss vum Magnetismus op Stralungsphenomeener (Zeeman Effet) geleescht hunn". | ||
| Pieter Zeeman | ||||
| 1903 | Antoine Henri Becquerel | "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hien duerch seng Entdeckung vun der spontaner Radioaktivitéit geleescht huet." | ||
| Pierre Curie | "als Unerkennung fir déi aussergewéinlech Déngschter déi si duerch hir gemeinsam Fuerschung un der Radioaktivitéit, geleescht hunn ." | |||
| Marie Curie | ||||
| 1904 | John William Strutt, 3. Baron Rayleigh | "fir seng Ënnersich vun den Dichte vun de wichtegste Gasen a seng Entdeckung vum Argon" | ||
| 1905 | Philipp Eduard Anton von Lenard | "fir seng Aarbecht u Kathodestralen" | ||
| 1906 | Sir Joseph John Thomson | "als Unerkennung fir déi grouss Verdéngschter vu sengen theoreeteschen an experimentellen Ënnersich vum Leede vu Stroum an de Gasen" | ||
| 1907 | Albert Abraham Michelson | "fir seng optesch Prezisiounsinstrumenter an déi spektroskopesch a metrologesch Ënnersich déi domat gemaach goufen" | ||
| 1908 | Gabriel Lippmann | "fir seng Method, déi um Phenomeen vun der Interferenz baséiert, fir Faarwe fotografesch ze reproduzéieren" | ||
| 1909 | Guglielmo Marconi | "als Unerkennung fir hir Bäiträg fir d'Entwécklung vun der kabelloser Telegraphie" | ||
| Karl Ferdinand Braun | ||||
| 1910 | Johannes Diderik van der Waals | "Fir seng Aarbecht un der Zoustandsequatioun vu Gasen a Flëssegkeeten" (van der Waals Kraaft) |
1911 - 1920
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1911 | Wilhelm Wien | "fir seng Entdeckungen am Bezuch op d'Gesetzer vun der Hëtztstralung" (Wien Gesetz) | ||
| 1912 | Nils Gustaf Dalén | "fir seng Erfindung vun automatesche Regulateuren déi zesumme mat Gas-Akkue fir d'Beliichtung vu Liichttierm a Boje benotzt ginn" | ||
| 1913 | Heike Kamerlingh-Onnes | "fir seng Ënnersich vun den Eegenschafte vun der Matière bei niddregen Temperaturen, déi, ënner anerem, zur Produktioun vu flëssegem Helium gefouert hunn" | ||
| 1914 | Max von Laue | "fir seng Entdeckung vun der Streeung vu Rëntgestralen an de Kristaller" | ||
| 1915 | Sir William Henry Bragg | "fir hir Déngschter an der Analys vun der Kristallstruktur mat Hëllef vu Rëntgestralung" | ||
| 1916 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
| 1917 | Charles Glover Barkla | "fir seng Entdeckung vun der charakteristescher Rëntgestralung vun den Elementer" | ||
| 1918 | Max Planck | "als Unerkennung fir déi Déngschter déi hie fir de Fortschrëtt vun der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun den Energiequanten" | ||
| 1919 | Johannes Stark | "fir seng Entdeckung vum Doppler-Effet a Kanalstralen, an dem Splécke vun de Spektrallinnen a vun den elektresche Felder" (Stark Effet) | ||
| 1920 | Charles Edouard Guillaume | "als Unerkennung fir den Déngscht den hie fir d'Prezisiounsmiessungen an der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun Anomalien an Néckel-Stol-Alliagen" |
1921 - 1930
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1921 | Albert Einstein (den 9. November 1922 ugekënnegt, den 10. Dezember 1922 iwwerreecht) | "fir seng Déngschter fir theoreetesch Physik, a besonnesch fir seng Erklärung vum photoelektreschen Effet" | ||
| 1922 | Niels Henrik David Bohr | "fir seng Déngschter beim Ënnersiche vun der Struktur vun Atomer a vun der Stralung déi vun hinne fortgeet" | ||
| 1923 | Robert Andrews Millikan | "fir seng Aarbecht un der elementarer elektrescher Luedung an dem photoelektreschen Effet" | ||
| 1924 | Karl Manne Georg Siegbahn (1925 iwwerreecht) | "fir seng Entdeckungen an d'Fuerschung am Beräich vun der Röntgenspektroskopie" | ||
| 1925 | James Franck (1926 iwwerreecht) | "fir hir Entdeckung vun de Gesetzer déi den Impakt vun engem Elektron op engem Atom beschreiwen" | ||
| Gustav Ludwig Hertz (1926 iwwerreecht) | ||||
| 1926 | Jean Baptiste Perrin | "fir seng Aarbecht un der diskontinuéierlecher Struktur vun der Matière, a besonnesch fir seng Entdeckung vum Sedimentatiouns-Equilibrium" | ||
| 1927 | Arthur Holly Compton | "fir seng Entdeckung vun deem no him benannte Compton-Effet" | ||
| Charles Thomson Rees Wilson | "fir seng Method fir Trajectoirë vun elektresch geluedenen Deelercher duerch Kondensatioun vun Damp siichtbar ze maachen" | |||
| 1928 | Owen Willans Richardson (1929 iwwerreecht) | "fir seng Aarbecht um thermoionesche Phenomeen, a besonnesch fir d'Entdeckung vum Gesetz dat no him benannt gouf" | ||
| 1929 | Prince Louis-Victor Pierre Raymond de Broglie | "fir seng Enteckung vun der Wellennatur vum Elektron" | ||
| 1930 | Sir Chandrasekhara Venkata Raman | "fir seng Aarbecht un der Streeung vu Liicht, a fir d'Entdeckung vum no him benannten Effet (Raman-Streeung)" |
1931 - 1940
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1931 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
| 1932 | Werner Karl Heisenberg | "fir d'Grënnung vun der Quantemechanik, hir Uwendung, déi ënner anerem, zu der Entdeckung vun allotropesche Forme vum Waasserstoff gefouert huet" | ||
| 1933 | Erwin Schrödinger | "fir d'Entdeckung vun neie produktive Forme vun der Atomtheorie" | ||
| Paul Adrien Maurice Dirac | ||||
| 1934 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
| 1935 | James Chadwick | "fir seng Entdeckung vum Neutron" | ||
| 1936 | Victor Franz Hess | "fir seng Entdeckung vun der kosmescher Stralung" | ||
| Carl David Anderson | "fir seng Entdeckung vum Positron" | |||
| 1937 | Clinton Joseph Davisson | "fir hir experimentell Entdeckung vun der Streeung vun Elektronen an de Kristaller" | ||
| George Paget Thomson | ||||
| 1938 | Enrico Fermi | "fir säi Bewäis vun der Existenz vun neie radioaktiven Elementer déi duerch Neutronebestralung entstane sinn, a fir seng domat verbonnen Entdeckung vun duerch lues Neutronen ausgeléist nukleare Reaktiounen" | ||
| 1939 | Ernest Orlando Lawrence | "fir d'Erfindung an d'Entwécklung vum Zyklotron a fir d'Resultater déi domat erziilt goufen, a besonnesch am Bezuch op kënschtlech radioaktiv Elementer" | ||
| 1940 | (keen Nobelpräis verginn) |
1941 - 1950
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1941 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
| 1942 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
| 1943 | Otto Stern (1944 iwwerreecht) | "fir säi Beitrag zur Entwécklung vun der Molekularstral Method a senger Entdeckung vum magnéitesche Moment vum Proton" | ||
| 1944 | Isidor Isaac Rabi | "fir seng Method mat Resonanz magnéitesch Eegenschafte vun Atomkären ze moossen" | ||
| 1945 | Wolfgang Pauli | "fir d'Entdeckung vum Ausschléissungsprinzip, deen och Pauli-Prinzip genannt gëtt" | ||
| 1946 | Percy Williams Bridgman | "fir d'Erfindung vun engem Apparat fir extreem héijen Drock ze produzéieren, a fir seng Entdeckungen déi hien am Beräich vun der Physik vum héijen Drock gemaach huet" | ||
| 1947 | Sir Edward Victor Appleton | "fir seng Ënnersich vun der Physik vun der ieweschter Atmosphär, a besonnesch fir d'Entdeckung vun der sougenannter Appleton-Schicht" | ||
| 1948 | Patrick Maynard Stuart Blackett | "fir seng Entwécklung vun der Wilson Dampkummer a seng Entdeckungen am Beräich vun der Nuklearphysik vu kosmescher Stralung" | ||
| 1949 | Hideki Yukawa | "fir seng Virausso vun der Existenz vu Mesonen, déi op senger theoreetescher Aarbecht iwwer nuklear Kräfte baséiert " | ||
| 1950 | Cecil Frank Powell | "fir seng Entwécklung vun der fotografescher Method fir nuklear Prozesser ze studéieren a seng, mat där Method gemaachten Entdeckungen am Bezuch op d'Mesonen" |
1951 - 1960
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1951 | Sir John Douglas Cockcroft | "fir hir Pionéieraarbecht un der Transmutatioun vun Atomkären duerch kënschtlech beschleunegt atomar Deelercher" | ||
| Ernest Thomas Sinton Walton | ||||
| 1952 | Felix Bloch | "fir hir Entwécklung vun neie Methode fir nuklear magnéitesch Prezisiounsmiessungen an déi domat verbonnen Entdeckungen" | ||
| Edward Mills Purcell | ||||
| 1953 | Frits Zernike | "fir säi Beweis vun der Phasekontrastmethod, a besonnesch fir seng Erfindung vum Phasekontrastmikroskop" | ||
| 1954 | Max Born | "fir seng fundamental Fuerschung an der Quantemechanik, a besonnesch fir seng statistesch Interpretatioun vun der Wellefunktioun" | ||
| Walther Bothe | "fir d'Koinzidenzmethod a seng Entdeckungen déi hien domat gemaach huet" | |||
| 1955 | Willis Eugene Lamb | "fir seng Entdeckunge wat d'Feinstruktur vum Waasserstoffspektrum ugeet" (Lamb shift) | ||
| Polykarp Kusch | "fir seng prezis Bestëmmung vum magnéitesche Moment vum Elektron" | |||
| 1956 | William Bradford Shockley | "fir hir Fuerschungen un Hallefleederen an hir Entdeckung vum Transistoreffet" | ||
| John Bardeen | ||||
| Walter Houser Brattain | ||||
| 1957 | Chen Ning Yang | "fir hir déifgrënneg Ënnersichunge vun de sougenannte Paritéitsgesetzer, wat zu wichtegen Entdeckungen am Bezuch op elementar Deelercher gefouert huet" | ||
| Tsung-Dao Lee | ||||
| 1958 | Pavel Alekseyevich Cherenkov | "fir d'Entdeckung an d'Interpretatioun vum Cherenkov-Vavilov Effet" | ||
| Ilja Frank | ||||
| Igor Tamm | ||||
| 1959 | Emilio Gino Segre | "fir hir Entdeckung vum Antiproton" | ||
| Owen Chamberlain | ||||
| 1960 | Donald Arthur Glaser | "fir d'Erfindung vun der Blosekummer" |
1961 - 1970
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1961 | Robert Hofstadter | "fir seng Pionéieraarbecht bei den Ënnersich vun der Streeung vun Elektronen an Atomkären, an déi dobäi erreecht Entdeckungen am Bezuch op d'Struktur vun den Nukleonen" | ||
| Rudolf Ludwig Mössbauer | "fir seng Fuerschungen un der Resonanzabsorptioun vu Gammastralung a seng domat verbonnen Entdeckung vum Effet de säin Numm dréit" (Mössbauer Effet) | |||
| 1962 | Lev Davidovich Landau | "fir seng pionéierlech Theorie fir kondenséiert Matière, besonnesch flëssegen Helium" | ||
| 1963 | Eugene Paul Wigner | "fir seng Bäiträg zu der Theorie vun Atomkären an elementaren Deelercher, besonnesch duerch d'Entdeckung an d'Uwendung vu fundamentale Symmetrie Prinziper" | ||
| Maria Goeppert-Mayer | "fir hir Entdeckunge wat d'nuklear Schuelestruktur ugeet" | |||
| Johannes Hans Daniel Jensen | ||||
| 1964 | Charles Hard Townes | "fir fundamental Aarbecht am Domän vun der Quantenelektronik, déi zur, um Prinzip vum Maser-Laser baséierend, Konstruktioun vun Oszillatoren a Verstäerkere gefouert huet" | ||
| Nicolay Gennadiyevich Basov | ||||
| Alexander Prochorow | ||||
| 1965 | Richard Feynman | "fir hir fundamental Aarbecht an der Quantenelektrodynamik, mat déifgrënnege Konsequenze fir d'Physik vun den elementaren Deelercher" | ||
| Julian Schwinger | ||||
| Sin-Itiro Tomonaga | ||||
| 1966 | Alfred Kastler | "fir d'Entdeckung an d'Entwécklung vun optesche Methode fir Hertzresonanzen an Atomer ze studéieren" | ||
| 1967 | Hans Albrecht Bethe | "fir seng Bäiträg zu der Theorie vun nukleare Reaktiounen, a besonnesch seng Entdeckungen am Bezuch op d'Energieproduktioun an de Stären" | ||
| 1968 | Luis Walter Alvarez | "fir seng entscheedend Bäiträg zu der Physik vun den elementaren Deelercher, a besonnesch d'Entdeckung vun enger grousser Zuel vun Resonanzzoustänn, erméiglecht duerch seng Weiderentwécklung vun der Technik fir Waasserstoff-Bullekummeren ze benotzen an der Datenanalys" | ||
| 1969 | Murray Gell-Mann | "fir seng Bäiträg an Entdeckunge wat d'Klassifikatioun vun den elementaren Deelercher an hiren Interaktiounen ugeet" | ||
| 1970 | Hannes Olof Gösta Alfvén | "fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen an der Magnéit-Hydrodynamik, mat fruchtbaren Uwendungen a verschiddene Beräicher vun der Plasmaphysik" | ||
| Louis Eugene Félix Néel | "fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen am Bezuch op Antiferromagnéiten a Ferrimagnéiten, déi zu wichtegen Uwendungen an der Festkierperphysik gefouert hunn" |
1971 - 1980
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet | |
|---|---|---|---|---|---|
| 1971 | Dennis Gabor | "fir seng Entdeckung an Entwécklung vun der holografescher Method" | |||
| 1972 | John Bardeen | "fir hir zesummen entwéckelt Theorie vun der Superleedung, och dacks BCS-Theorie genannt" | |||
| Leon Neil Cooper | |||||
| John Robert Schrieffer |
|
||||
| 1973 | Leo Esaki | "fir hir experimentell Entdeckungen am Bezuch op Tunnelphenomeener an Hallef- a Superleederen" | |||
| Ivar Giaever | |||||
| Brian David Josephson | "fir seng theoreetesch Virausso vun den Eegenschafte vun engem Superstroum duerch eng Tunnelbarrière, a besonnesch déi Phenomeener déi allgeméng als Josephson Effet bekannt sinn" | ||||
| 1974 | Sir Martin Ryle | "fir seng Observatiounen an Erfindungen, besonnesch vun der Ëffnungs Syntheesen Technik" | "fir hir pionéierlesch Fuerschung an der Radio Astrophysik" | ||
| Antony Hewish | "fir seng entscheedend Roll an der Entdeckung vu Pulsaren" | ||||
| 1975 | Aage Niels Bohr | "fir d'Entdeckung vun der Verbindung tëscht kollektiver Beweegung a Partikelbeweegung an Atomkären, an d'Entwécklung vun der Theorie vun der Struktur vum Atomkär, déi op dëser Verbindung berout" | |||
| Ben Mottelson | |||||
| James Rainwater | |||||
| 1976 | Burton Richter | "fir hir Pionéieraarbecht bei der Entdeckung vun engem neie schwéieren Deelchen" (J Deelchen) | |||
| Samuel Chao Chung Ting | |||||
| 1977 | Philip Warren Anderson | "fir hir fundamental theoreetesch Ënnersichunge vun der elektronescher Struktur vu magnéiteschen an ongeuerdente Systemer" | |||
| Nevill Francis Mott | |||||
| John Hasbrouck Van Vleck | |||||
| 1978 | Pyotr Leonidovich Kapitsa | "fir seng fundamental Erfindungen an Entdeckungen am Beräich vun der Physik vun den niddregen Temperaturen" | |||
| Arno Allan Penzias | "fir hir Entdeckung vun der kosmescher Mikrowellen-Hannergrondstralung" | ||||
| Robert Woodrow Wilson | |||||
| 1979 | Sheldon Lee Glashow | "fir hir Bäiträg zu der Theorie vun de vereenegte schwaachen an elektromagnéiteschen Interaktiounen tëscht elementaren Deelercher, an och, ënner anerem, hiert Viraussoe vun de schwaachen neutrale Stréim" | |||
| Abdus Salam | |||||
| Steven Weinberg | |||||
| 1980 | James Watson Cronin | "fir d'Entdeckung vun der Violatioun vu fundamentale Symmetrie Prinziper am Zerfall vum neutrale K-Meson" | |||
| Val Logsdon Fitch | |||||
1981 - 1990
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1981 | Nicolaas Bloembergen | "fir hire Bäitrag zu der Entwécklung vun der Laser-Spektroskopie" | ||
| Arthur Leonard Schawlow | ||||
| Kai Manne Börje Siegbahn | "fir säi Bäitrag zu der Entwécklung vun der Héich-Opléisungs-Elektrone-Spektroskopie" | |||
| 1982 | Kenneth G. Wilson | "fir seng Theorie vu kritesche Phenomeener a Verbindung mat Phaseniwwergäng" | ||
| 1983 | Subrahmanyan Chandrasekhar | "fir seng theoreetesch Studie vun de physikalesche Prozesser, déi vu Wichtegkeet an der Struktur an an der Evolutioun vu Stäre sinn" (Chandrasekhar Limit) | ||
| William Alfred Fowler | "fir seng theoreetesch an experimentell Studie vun den nukleare Reaktiounen, déi vun Wichtegkeet beim Entstoe vu cheemeschen Elementer am Universum sinn" | |||
| 1984 | Carlo Rubbia | "fir hir entscheedend Bäiträg zum grousse Projet, deen zu der Entdeckung vun de W an Z Deelercher gefouert huet, déi Felder déi d'schwaach Interaktioun vermëttelen" | ||
| Simon van der Meer | ||||
| 1985 | Klaus von Klitzing | "fir d'Entdeckung vum Quanten-Hall-Effet" | ||
| 1986 | Ernst Ruska | "fir seng fundamental Aarbecht an der Elektronen Optik a fir den Entworf vum éischten Elektronemikroskop" | ||
| Gerd Binnig | "fir hiren Entworf vum Rastertunnelmikroskop" | |||
| Heinrich Rohrer | ||||
| 1987 | Johannes Georg Bednorz | "fir hire wichtegen Duerchbroch duerch d'Entdeckung vun der Superleedung a Keramik Materialien" | ||
| Karl Alexander Müller | ||||
| 1988 | Leon Max Lederman | "fir d'Neutrinostral-Method an dem Noweis vum Muon-Neutrino" | ||
| Melvin Schwartz | ||||
| Jack Steinberger | ||||
| 1989 | Norman Foster Ramsey | "fir d'Entdeckung vun der separated oscillatory fields Method an hir Benotzung an Atom-Aueren" | ||
| Hans Georg Dehmelt | "fir d'Entwécklung vun der Ione Fall Technik" | |||
| Wolfgang Paul | ||||
| 1990 | Jerome Isaac Friedman | "fir hir Pionéierinvestigatiounen am Bezuch op déif inelastesch Streeung vun Elektronen u Protonen a gebonnenen Neutronen, déi vun enormer Wichtegkeet fir d'Entwécklung vum Quark Modell an der Deelchephysik waren" | ||
| Henry Way Kendall | ||||
| Richard Edward Taylor |
1991 - 2000
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 1991 | Pierre-Gilles de Gennes | "fir d'Entdeckung datt Methoden, déi fir d'Studéiere vun Uerdnungsphenomeener an einfache Systemer entwéckelt goufen, och kënne fir méi komplex Forme vun Matière verallgemengert ginn, a besonnesch fir flësseg Kristaller an Polymeren" | ||
| 1992 | Georges Charpak | "fir seng Erfindung an Entwécklung vun Detektoren an der Deelchephysik, a besonnesch d'Villkabel-Proportionalkummer" | ||
| 1993 | Russell Hulse | "fir d'Entdeckung vun engem neien Typ vu Pulsar, eng Entdeckung déi nei Weeër an der Gravitatiounsfuerschung erméiglecht huet" | ||
| Joseph Hooton Taylor, Jr. | ||||
| 1994 | Bertram Brockhouse | "fir d'Entwécklung vun der Neutrone-Spektroskopie" | ||
| Clifford Shull | ||||
| 1995 | Martin Lewis Perl | "fir d'Entdeckung vum Tau Lepton" | ||
| Frederick Reines | "fir d'Entdeckung vum Neutrino" | |||
| 1996 | David Morris Lee | "fir hir Entdeckung vun der Superfluiditéit am Helium-3" | ||
| Douglas Dean Osheroff | ||||
| Robert Coleman Richardson | ||||
| 1997 | Steven Chu | "fir d'Entwécklung vu Methode fir Atomer mat Laserluucht ofzekillen an anzefänken" | ||
| Claude Cohen-Tannoudji | ||||
| William Daniel Phillips | ||||
| 1998 | Robert Betts Laughlin | "fir hir Entdeckung vun enger neier Form vu Quantefluid mat fraktionell geluedenen Excitatiounen" (Fraktionellen Quanten Hall Effet) | ||
| Horst Ludwig Störmer | ||||
| Daniel Chee Tsui |
|
|||
| 1999 | Gerardus ’t Hooft | "fir d'Opklärung vun der Quantestruktur vun den elektroschwaachen Interaktiounen an der Physik" | ||
| Martinus J. G. Veltman | ||||
| 2000 | Jores Alfjorow | "fir d'Entwécklung vun hallefleedenden Heterostrukturen déi an der Héich-Vitess- an Optoelektronik benotzt ginn" | ||
| Herbert Kroemer | ||||
| Jack Kilby | "fir säin Deel un der Entdeckung vum integréierte Schaltkrees" |
2001 - 2010
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
|---|---|---|---|---|
| 2001 | Eric Allin Cornell | "fir Realisatioun vum Bose-Einstein-Kondensat a verdënnte Gase vun Alkali Atomer, a fir fréi fundamental Studie vun den Eegenschafte vum Kondensat" | ||
| Wolfgang Ketterle | ||||
| Carl Edwin Wieman | ||||
| 2002 | Raymond Davis junior | "fir pionéierlech Bäiträg zu der Astrophysik, a besonnesch fir den Noweis vu kosmeschen Neutrinoen" | ||
| Masatoshi Koshiba | ||||
| Riccardo Giacconi | "fir Pionéier-Beiträg an der Astrophysik, déi zur Entdeckung vu kosmesche Rëntgestralequelle gefouert hunn " | |||
| 2003 | Alexei Abrikossow | "fir Pionéierbäiträg an der Theorie vu Superleederen a Superfluiden" | ||
| Witali Ginsburg | ||||
| Anthony James Leggett | ||||
| 2004 | David Gross | "fir d'Entdeckung vun der asymptotescher Fräiheet an der Theorie vun der staarker Interaktioun" | ||
| David Politzer | ||||
| Frank Wilczek | ||||
| 2005 | Roy Jay Glauber | "fir säi Bäitrag zu der Quantentheorie vun optescher Koherenz" | ||
| John Lewis Hall | "fir hir Bäiträg zu der Entwécklung vun, op Laser baséierend, Prezisiouns-Spektroskopie; déi optesch Frequenzkamm-Technik abegraff" | |||
| Theodor Hänsch | ||||
| 2006 | John Cromwell Mather | "fir hir Ënnersichung vun der kosmescher Hannergrondstralung" | ||
| George Smoot | ||||
| 2007 | Albert Fert | "fir de Risemagneto-Widderstandseffet" | ||
| Peter Grünberg | ||||
| 2008 | Yōichirō Nambu | "fir d'Entdeckung vum Mechanismus vun der spontaner Symmetriebriechung an der Elementardeelchephysik" | ||
| Makoto Kobayashi | "fir d'Entdeckung vum Ursprong vun der gebracher Symmetrie, déi d'Existenz vu mindestens dräi Quarkfamillje virausseet" | |||
| Toshihide Masukawa | ||||
| 2009 | Charles Kuen Kao | "fir bunnbriechend Erfolleger um Gebitt vun der Liichtleedung mat Fiberoptik fir d'optesch Kommunikatioun" | ||
| Willard Boyle | "fir d'Erfanne vum CCD-Sensor" | |||
| George Elwood Smith | ||||
| 2010 | Andre Geim | "fir grondleeënd Experimenter mat dem zweedimensionale Material Graphen" | ||
| Konstantin Novoselov |
2011 - 2020
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet | |
|---|---|---|---|---|---|
| 2011 | Saul Perlmutter | "fir d'Entdeckung vun der beschleunegter Expansioun vum Universum duerch Beobachtunge vu Supernovae déi wäit ewech waren" | |||
| Brian P. Schmidt | |||||
| Adam Riess | |||||
| 2012 | Serge Haroche | "fir Entwécklung vu revolutionären experimentelle Methoden, déi et erméiglechen, Quantensystemer ze manipuléieren." | |||
| David Wineland | |||||
| 2013 | François Englert | "fir déi theoreetesch Entdeckung vum Higgs-Mechanismus, deen zu onsem Verständnis vum Ursprong vun der Mass vu subatomaren Deelercher bäidréit, an dee kierzlech duerch d'Entdeckung vum virausgesoten Elementardeelchen duerch d'ATLAS- an CMS-Experimenter am Large Hadron Collider vum CERN bestätegt gouf" | |||
| Peter W. Higgs | |||||
| 2014 | Isamu Akasaki | "fir d'Erfindung vun effiziente, bloe, Liicht ausstralenden Dioden, déi hell an energiespuerend Liichtquellen erméiglecht hunn“ | |||
| Hiroshi Amano | |||||
| Shuji Nakamura | |||||
| 2015 | Takaaki Kajita | "fir d'Entdeckung vun den Neutrino-Oszillatiounen, déi weisen datt Neutrinoen eng Mass hunn" | |||
| Arthur McDonald | |||||
| 2016 | David J. Thouless | "fir theoreetesch Entdeckunge vun topologesche Phaseniwwergäng an topologesche Materiephasen“ | |||
| F. Duncan M. Haldane | |||||
| John M. Kosterlitz | |||||
| 2017 | Rainer Weiss | "fir entscheedend Bäiträg fir de LIGO-Detekter (Laser Interferometer Gravitational-Wave Observatory) an d'Observatioun vu Gravitatiounswellen" | |||
| Barry Barish | |||||
| Kip Thorne | |||||
| 2018 | Arthur Ashkin | "fir d'Entwécklung vun optesche Pincetten an hir Benotzung an der Biologie". | "fir fortschrëttlech Erfindungen am Beräich vun der Laserphysik" | ||
| Gérard Mourou | "fir d'Entwécklung vun enger Method, mat där sech héichenergetesch, ultrakuerz optesch Pulser maache loossen" | ||||
| Donna Strickland | |||||
| 2019 | James Peebles | "fir theoreetesch Entdeckungen an der physikalesche Kosmologie“. | |||
| Michel Mayor | „fir d'Entdeckung vun engem Exoplanéit, dee ronderëm e sonnenänleche Stär kreest“. | ||||
| Didier Queloz | |||||
| 2020 | Roger Penrose | „fir d'Entdeckung, datt d'Bildung vu schwaarze Lächer eng robust Prognose vun der allgemenger Relativitéitstheorie ass“ | |||
| Reinhard Genzel | |||||
| Andrea Ghez | |||||
2021 - 2030
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Begrënnung |
|---|---|---|---|---|
| 2021 | Syukuro Manabe | |||
| Klaus Hasselmann | ||||
| Giorgio Parisi | ||||
| 2022 | Alain Aspec | |||
| John Clauser | ||||
| Anton Zeilinger | ||||
| 2023 | Pierre Agostini | |||
| Ferenc Krausz | ||||
| Anne L'Huillier | ||||
| 2024 | John Hopfield | |||
| Geoffrey Hinton | ||||
| 2025 | John Clarke | |||
| Michel Devoret | ||||
| John M. Martinis | ||||
| 2026 | ||||
| 2027 | ||||
| 2028 | ||||
| 2029 | ||||
| 2030 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nobelpräisdréier fir Physik – Biller, Videoen oder Audiodateien |

