Liichttuerm
| Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

E Liichttuerm ass e Begrëff aus der Nautik a bezeechent e Séizeechen a Fom vun engem Tuerm, deen duerch Liichtfeier de Schëffer de Wee weist, an hinnen erméiglecht hir Positioun festzestellen, an op déi Manéier d'Navigatioun an nidderegem Waasser oder op geféierleche Plazen erlaabt.
Et gëtt am Allgemengen tëscht véier Zorte vu Liichttierm ënnerscheet. Déi éischt sinn déi ganz liichtstaark Tierm, déi d'Festland oder virgelagert Inselen uweisen. Déi zweet weise grouss Schëffskanäl (z. B: Äermelkanal) oder sougenannt Faarten un. Déi drëtt weisen d'Entréeë vun Häfen un an déi véiert si méi kleng Feieren déi Jetéeën (de:Pier) uweisen.
Fir hir Aufgabe kënne richteg z'erfëllen, musse se kënne vun de Schëffer mat Zäiten erkannt ginn, an d'Kapitäne musse se vuneneen ënnerscheede kënnen. Dofir huet all Tuerm säi codéiert Liichtsignal, deem seng Liichtstärk, souwéi d'Héicht vun der Lanter dovun ofhänken, op wat fir enger Distanz e soll erkannt ginn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Mével, Xavier, Phares de France 160 Säiten, Éditions du Chasse-Marée, Douarnenez, 2007, ISBN 978-2-298-00048-1
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Liichttierm – Biller, Videoen oder Audiodateien |