Op den Inhalt sprangen

Toshihide Masukawa

Vu Wikipedia
Toshihide Masukawa
Gebuer 7. Februar 1940
Nagoya
Gestuerwen 23. Juli 2021
Kyoto
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Japan, Dai-Nippon Teikoku
Aktivitéit theoreetesche Physiker, Professer, Physiker
Gielercher Nobelpräis fir Physik

Den Toshihide Masukawa (Japanesch: 益川 敏英, Masukawa Toshihide; och alt als Maskawa romaniséiert), gebuer de 7. Februar 1940 zu Nagoya, an der Prefektur Aichi, a gestuerwen den 23. Juli 2021 zu Kyoto[1], war e japanesche Physiker. Hie gouf wéinst sengen Aarbechten an der Theorie vun der CP-Verletzung bekannt, a krut 2008, zesumme mam Makoto Kobayashi an dem Yōichirō Nambu, den Nobelpräis fir Physik.

 Commons: Toshihide Masukawa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Toshihide Masukawa, 2008 Nobel laureate in physics, dies at 81." [japantimes.co.jp, 2021-07-30.