Hans Bethe

Vu Wikipedia
Hans Bethe
Gebuer 2. Juli 1906
Stroossbuerg
Gestuerwen 6. Mäerz 2005
Nationalitéit Däitscht Räich, USA
Educatioun Universitéit vu München,
Goethe-Universitéit Frankfurt,
Universitéit vu Cambridge,
Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Philosophical Society, American Astronomical Society, American Physical Society

Den Hans Albrecht Bethe, gebuer den 2. Juli 1906 zu Stroossbuerg, a gestuerwen de 6. Mäerz 2005 zu Ithaca New York, war en US-amerikanesche Physiker vun däitscher Ofstamung an 1967 Nobelpräisdréier fir Physik.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Hans Bethe huet ënner dem Arnold Sommerfeld Physik studéiert, an huet bis 1933 zu Frankfurt am Main, Stuttgart, München an Tübingen enseignéiert. Nodeem d'Nationalsozialisten 1933 un d'Muecht koumen an hien, wéinst senge jüdeschen Originnen, keng Plaz méi op enger Universitéit krut, ass en an d'USA emigréiert.

Seng Fuerschungen an der Atomphysik hunn et him erlaabt, e wichtege Mataarbechter beim Bau vun der Atombomm a vun der Waasserstoffbomm um Atomfuerschungzentrum zu Los Alamos an New Mexico ze ginn, wou hie vun 1943 bis 1946 Direkter vun der Abteilung fir Theoreetesch Physik war.

De Bethe war och bedeelegt un der Fuerschung wou et 1934 ëm d'Bremse vun Elektronen duerch Matière gaangen ass (Bethe-Heitler-Former). De Kuelestoff-Stéckstoff-Zyklus bannent massive Stären krut wéinst dem Bethe senge Berechnungen 1939 den Numm Bethe-Weizsäcker-Zyklus.

1955 krut hien d'Max-Planck-Medail iwwerreecht. Hie war Member vun der National Academy of Science (Washington) an der International Academy of Science.

Nobelpräis[änneren | Quelltext änneren]

1967 krut hien den Nobelpräis fir Physik an als éischte Physiker fir en Theema aus der Astrophysik fir seng Aarbechten iwwer d'Energieëmwandlung an de Stären aus dem Joer 1938.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Bethe, Hans A.: The Road from Los Alamos, NY, Simon and Schuster, 1991.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hans Bethe – Biller, Videoen oder Audiodateien