Michel Mayor

Vu Wikipedia
Michel Mayor
Gebuertsnumm Michel Gustave Édouard Mayor
Gebuer 12. Januar 1942
Lausanne
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Genf,
Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Astrophysiker, Astronom, Physiker
Member vun Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino, International Astronomesch Unioun

De Michel Gustave Édouard Mayor, gebuer den 12. Januar 1942 zu Echallens am Schwäizer Kanton Vaud ass Professer am Departement fir Astronomie vun der Universitéit Geneva.

Hien huet den éischten extrasolare Planéit am Stärebild Pegasus entdeckt.

Mat Hëllef vu sengem Mataarbechter Didier Queloz konnt hien 1995 mat engem héichopléisende Spektrograph e jupiteränleche Planéit noweisen, deen ëm de Stär Pegasus 51 rotéiert.

D'Existenz vum Pegasus 51b, sou den Numm vum Planéit, gouf den 12. Oktober 1995 vun den US-amerikanesche Wëssenschaftler Geoffrey Marcy a Butler bestätegt a gëllt domat als Meilesteen an der Geschicht vun der Astronomie.

No sengem Physikstudium op der Universitéit Lausanne doktoréiert de Mayor 1971 um Observatoire Genf am Fachberäich Astronomie. Hie bleift, mat Ausnam vu Presenzen um Observatoire Cambridge, am Europäesche Südobservatoire (ESO) am Chile an um Observatoire Hawaii bei där Institutioun beschäftegt. Bis 2005 verfaasst hie méi wéi 300 wëssenschaftlech Publikatiounen.

Vun 1989 bis 1992 presidéiert hien de Wëssenschaftleche Bäirot vun der ESO, vun 1988 bis 1991 d'Kommissioun vun der galaktescher Struktur bei der Internationaler Astronomescher Unioun a vun 1990 bis 1993 déi Schwäizer Gesellschaft fir Astrophysik an Astronomie.

Zanter der Entdeckung vun Pegasus 51b war de Michel Mayor mat sengem Fuerscherteam u ville weideren extrasolare Planéitenentdeckunge bedeelegt. 2013 huet de Queloz zu de Favoritte fir den Nobelpräis gezielt[1]. Hie krut dunn 2019, zesumme mam Didier Queloz, den Nobelpräis fir Physik „fir d'Entdeckung vun engem Exoplanéit, dee ronderëm e sonnenänleche Stär kreest“.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 2013 Predictions bei Thomson Reuters (sciencewatch.com); gekuckt de 25. September 2013