Geoffrey Marcy

Vu Wikipedia
Geoffrey Marcy
Gebuer 29. September 1954
St. Clair Shores
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles,
Universitéit vu Kalifornien zu Santa Cruz
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society

Den Geoffrey W. Marcy, gebuer den 29. September 1954, ass en US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Marcy huet 1976 säi Physik- an Astronomiestudium op der University of California, Los Angeles mat summa cum laude ofgeschloss. 1982 huet hien op der University of California, Santa Cruz am Beräich vun der Astronomie an Astrophysik promovéiert. No enger Assistenz bei der Carnegie Institution of Washington (1982-1984) gouf hien ausseruerdentleche Professer a Physik an an Astronomie op der San Francisco State University. Zanter 1999 huet hien och nach e Léierstull an der Astrophysik op der University of California, Berkeley.

Hie gouf duerch seng Entdeckunge vun extrasolare Planéiten international bekannt. Vun deenen éischten 100 bekannten Exoplanéiten huet hien der 70 entdeckt. De Marcy bestätegt och dem Michel Mayor an dem Didier Queloz hir Entdeckung vum éischten Exoplanéit am System vum 51 Pegasi.

Am Joer 2005 kruten de Marcy an de Michel Mayor fir hir Aarbecht dee mat 1 Millioun Dollar dotéierte Shaw-Präis fir Astronomie.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie