Op den Inhalt sprangen

51 Pegasi

Vu Wikipedia
51 Pegasi
De roude Krees markéiert d'Positioun vum 51 Pegasi am Särebild Pegasus.
Stärebild:Pegasus (Peg)
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun22h 57m 27.981s
Deklinatioun+ 20° 46' 07.80"[1]
Daten
Visuell Magnitude+ 5,49 mag
Spektralklass:G2,5IVa
(G4-5Va)[1]
Astrometrie
Radialvitess:(-31,2 ± 2) km/s
Parallax(65,10 ± 0,76) mas[2]
Distanz(50,1 ± 0,6) Lj[2]
Absolut Hellegkeet+4,51 mag
Alter8 Mrd. Joer
Physikalesch Eegenschaften
Mass:1,06 M☉
Radius:1,15 bis 1,4 R☉
Liichtkraaft:1,30 L☉
Rotatioun:37 Deeg
Uewerflächentemperatur5665 K
Aner Bezeechnungen
Bonner DuerchmusterungBD +19° 5036
Bright Star CatalogueHR 8729
Flamsteed51 Pegasi
Henry-Draper-KatalogHD 217014
Hipparcos-KatalogHIP 113357
SAO-KatalogSAO 90896
Tycho-KatalogTYC 1717/2193/1
Aner BezeechnungenNLTT 55385
USNO-B1.0 1107-00589893

Den 51 Pegasi ass e sonnenänleche Stär am Stärebild Pegasus a läit ronn 50 Liichtjoer vun eis ewech. Seng visuell Hellegkeet ass 5,49 mag, also just un der Grenz, wat eist fräit A ka gesinn. Den 51 Pegasi ass e gielen Zwerg, säin Alter gëtt op 8 Mrd. Joer geschat. Domat ass hien 3 Mrd. Joer méi al wéi eis Sonn. Seng Mass ass 4 bis 6 % méi héich wéi déi vun der Sonn a e besteet aus méi Metaller wéi d'Sonn, well seng Waasserstoffreserve lues a lues ausginn. Säi Spektraltyp ass G2.5V oder G4-5Va.

1995 hunn de Michel Mayor an den Didier Queloz vum Departement fir Astronomie vun der Universitéit Genf ëm den 51 Pegasi deen éischten Exoplanéit entdeckt. De Planéit mat der Bezeechnung 51 Pegasi b huet 0,46 Jupitermassen a kreest ëm säi Stär a 4,2 Deeg op enger Distanz vun nëmmen 0,05 astronomeschen Eenheeten (AE).

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 %20Pegasi SIMBAD-Datenbank
  2. 1 2 Hipparcos-Katalog