Op den Inhalt sprangen

51 Pegasi b

Vu Wikipedia
51 Pegasi b
Stärebild Pegasus (Peg)
Allgemeng Donnéeën
Rektaszensioun 22h 57m 27.98s
Deklinatioun + 20° 46' 7,8"
Orbitdaten
Zentralstär 51 Pegasi
Grouss Hallefachs 0.0527 ± 0.0030 AU
Exzentrizitéit 0.013 ± 0.012
Ëmlafdauer 4.230785 ± 0.000036 d
Physikalesch Eegenschaften
Mass 0,46 ME
Distanz an lj 47,92
Geschicht
Entdecker Michel Mayor, Didier Queloz
Entdeckungsjoer 1995


51 Pegasi am Pegasus.

Den 51 Pegasi b (inoffiziell och: Bellerophon genannt) ass een Exoplanéit, deen de sonnenänleche Stär 51 Pegasi am Stärebild Pegasus ëmkreest. Hie gouf 1995 als éischte Planéit an engem aneren Sonnesystem entdeckt. Et war den éischten Himmelskierper deen den Typus vum „Hot Jupiter“ krut.

De 5. Oktober 1995 hunn zwéi Schwäizer Professeren, de Michel Mayor a säi Mataarbechter Didier Queloz vum Departement fir Astronomie Universitéit Genf um „9th Cambridge Workshop on Cool Stars, Stellar Systems and the Sun“ zu Florenz, den éischten Exoplanéit bekannt ginn, deen ëm ee sonnenänleche Stär kreest.

De Planéit gouf mat Hëllef vun engem héichopléisende Spektrograph entdeckt. Et goufen eng liicht, reegelméisseg Verännerung vun der Radialvitess vum Stär erkannt. Dës Schwankungen hunn drop higedeit, datt a kuerzer Noperschaft ee schwéieren Himmelskierper de Stär beaflosst huet. Si hu festgestallt, datt ee jupitergroussen Objet op nëmme 7 Millioune Kilometer Distanz vum 51 Pegasi dréint.

7 Deeg drop, (12. Oktober 1995) bestätegt den Dr. Geoffrey Marcy vun der San Francisco State University an den Dr. Paul Butler vun der University of California, Berkeley duerch en Hamilton-Spektrograph am Lick-Observatoire bei San Jose a Kalifornien d'Existenz vun deem ongewéinlechen Trabant.

Dës Entdeckung vum éischten Exoplanéit gëllt als Meilesteen an der astronomescher Fuerschung.

Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

51 Pegasi b huet 0,46 Jupitermassen an dréit a 4,2 Deeg op enger Distanz vun 0,05 astronomesch Eenheeten (AE) eemol ëm de Stär. Dëst entsprécht dem Zwanzegstel vun der Distanz tëscht der Äerd an eiser Sonn (= 1 AE) oder ongeféier e Sechstel vun der Distanz tëscht der Sonn an dem Merkur (= 0,39 AE). D'Uewerflächentemperatur vum Planéit gëtt op 1255 K (982 °C) berechent.

Portal Astronomie