Felix Bloch

Vu Wikipedia
Felix Bloch
Gebuer 23. Oktober 1905
Zürich
Gestuerwen 10. September 1983
Zürich
Nationalitéit USA, Schwäiz
Educatioun ETH Zürich,
Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Physical Society, National Academy of Sciences

De Felix Bloch, gebuer den 23. Oktober 1905 zu Zürich an och do den 10. September 1983 gestuerwen, war e schwäizeresch-US-amerikanesche Physiker. Hien huet 1952 den Nobelpräis fir Physik kritt.

Nodeems hien e puer Joer zu Leipzig an zu Zürich op der Uni Assistent war, ass hien 1934 an d'USA ausgewandert wou e bis 1971 op der Stanford-Universitéit geschafft huet. Hien hat do als éischten de Léierstull fir theoreetesch Physik. 1939 gouf hien zum Amerikaner naturaliséiert.

HIen huet an den 1940er Jore wichteg Aarbechten zum Ferromagnetismus kënne maachen, an dozou, wat d'Miesse vu magnéitesche Momenter vun Atomkäre betrëfft. 1946 huet hien, onofhängeg vum Edward Mills Purcell an zesumme mam William Webster Hansen a mam Martin Packard d'Magnéitesch Kärresonanz (en: Nuclear Magnetic Resonance, NMR) entdeckt, mat där d'Zesummesetzung an d'Struktur vu Festkierrperen a Flëssegkeeten a cheemesche Verbindungen duergestallt kënne ginn, an déi d'Grondlag vun der Magnéitresonanztomographie ass. 1952 huet de Bloch zesumme mam Edward Mills Purcell fir déi Entdeckung den Nobelpräis fir Physik kritt.

De Bloch war 1954 bis 1955 Generaldirekter vum CERN zu Genf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Felix Bloch – Biller, Videoen oder Audiodateien