William Alfred Fowler

Vu Wikipedia
William Alfred Fowler
Gebuer 9. August 1911
Pittsburgh
Gestuerwen 14. Mäerz 1995
Pasadena
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
Ohio State University
Aktivitéit Astronom, Physiker, Universitéitsprofesser, Astrophysiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society, National Academy of Sciences

De William Alfred ("Willy") Fowler, gebuer den 9. August 1911 zu Pittsburgh, Pennsylvania a gestuerwen de 14. Mäerz 1995 zu Pasadena (Kalifornien), war en US-amerikaneschen Astrophysiker.

De Fowler huet säi Physikstudium op der Ohio State University (Bachelor als Physik-Ingenieur 1933) ugefaangen. 1936 krut hien am California Institute of Technology (Caltech) säin Doktorat an der Kärphysik. Seng Dissertatioun huet Kärreaktioune vu Protone mat liichten Elementer behandelt, déi fir d'Energiehierstellung a Stäre mat Hëllef vum CNO-Zyklus wichteg sinn.

Hie war bis u säi Liewensenn am W.K. Kellog Radiation Laboratory am CalTech. Seng bedeitendst Aarbecht, Synthesis of the Elements in Stars[1], zesumme mat der Margaret Burbidge, dem Geoffrey Burbidge am Fred Hoyle, gouf 1957 publizéiert. Déi dora vertrueden Theorie ass no den Ufanksbuschtawe vun de Verfaassernimm bekannt als B2FH-Theorie. Den Artikel erkläert d'Schafen an d'Verdeele vun de cheemeschen Elementer, d'Nukleosynthees, duerch Kärreaktiounen a Stären (mat Ausnam vun den allerliichtsten, déi am Urknall geformt goufen).

1939 gouf de Fowler Assistant Professer, 1942 Associate Professer an 1946 Professer am Caltech. 1970 gouf hien do Institute Professer. Vun 1985 un, war hie Professer Emeritus. 1954/55 an 1961/62 war hien als Guggenheim Fellow op der Universitéit Cambridge. 1966 war hie Gaaschtprofesser am Massachusetts Institute of Technology an 1963 op der University of Washington.

De Fowler krut 1983 den Nobelpräis fir Physik fir seng theoreetesch an experimentell Studien iwwer d'Kärreaktiounen, déi d'Verdeelung vun de cheemeschen Elementer am Universum bestëmmen.

De Fowler ass zu Lima opgewuess, engem Eisenbunnsknuet, wou et och d'LIMA Locomotive Works gëtt. Wärend sengem ganze Liewe war hie vun dampgedriwwene Lokomotive begeeschtert an ass mat de leschten Damplocke wéi den Transsib, gereest. Fir säi 60. Gebuertsdag krut hie vu Kolleegen a fréiere Studenten eng Modelllokomotiv geschenkt.[2]

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war zanter 1956 Member vun der National Academy of Sciences (wou hie vun 1971 bis 1974 President vum Secteur Physik war) an zanter 1946 Fellow vun der American Physical Society. Do war hien 1976 President.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. In: Reviews of Modern Physics, vol. 29, Issue 4, pp. 547-650.
  2. Fotografie