Aage Niels Bohr

Vu Wikipedia
Aage Niels Bohr, Kopenhagen 1963

Den Aage Niels Bohr, gebuer den 19. Juni 1922 zu Kopenhagen an och do gestuerwen den 8. September 2009, war en dänesche Physiker an Nobelpräisdréier.

Hie war de Jong vum Niels Bohr. 1975 krut en zesumme mam Ben R. Mottelson a mam James Rainwater den Nobelpräis fir Physik „fir d'Entdeckung vun der Verbindung tëscht kollektiver a Partikel-Beweegung an Atomkären an d'Entwécklung vun der Theorie vun der Struktur vun den Atomkären déi op dëser Verbindung baséiert“.