Stolpersteine

Vu Wikipedia
Ee "Stolperstein" vu 55.000 gëtt gesat: Erënnerung un een Affer vu 6 Milliounen
De Gunter Demnig (2012).
Dräi "Stolpersteng" an der Uelzechtstrooss zu Esch-Uelzecht
Stolpersteng fir d'Famill Finkelstein zu Déifferdeng
D'Stolperschwell zu Ettelbréck
Stolpersteng zu Léck an der Rue Edouard Remouchamps

Stolpersteine ass e Projet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig. Et si kleng Commemoratiounsplacken, déi u Leit erënneren, déi an der Zäit vum Nationalsozialismus ermuert, deportéiert, verdriwwen oder an de Suizid gedriwwe goufen. D'„Stolpersteine“ si bëtongs Wierfele vun 10 cm Längt. Uewendrop ass eng messengs Plack, wourop den Affer hiren Numm agravéiert ass, sou wéi och de Joergang, a markant Statioune vun hirem Liewen. Si gi wéi Paweesteng do, wou déi Leit fir d'lescht fräi gewunnt hunn, ier se „ofgeholl“ goufen, an de Buedem gesat.

Dem Demnig seng Motivatioun ass et, den Affer vum Nationalsozialismus, déi an de Konzentratiounslageren zu Nummeren degradéiert goufen, hir Identitéit erëmzeginn. Och kréien sou déi abstrakt Zuele vu Millioune vun Doudegen duerch eenzel, individuell Schicksaler eng konkreet Bedeitung. Datt ee sech muss bécken, fir d'Steng kënnen ze liesen, soll och e symbolescht Vernäipe virun den Affer sinn. Well d'Steng dezentral, matzen a Wunngebidder sinn, maache s'och däitlech, datt d'Affer Leit aus der Mëtt vun der Bevëlkerung waren. Anescht wéi 'zentral' Commemoratiounsplazen kann een hinnen net sou einfach aus de Féiss goen[1].

D'Steng leie riicht am Buedem, soudatt d'„Trëllen“ ((de)Stolperen) symbolesch gemengt ass: Den Demnig zitéiert dacks e Schüler dee sot, et géif een net fir richteg drun hänkebleiwen a sech vertrëppelen, mä „mam Kapp a mam Häerz“[2].

Den 29. Dezember 2019 gouf de 75.000. Steen zu Memmingen geluecht[3]. Et gëtt d'„Stolpersteine“ virun allem an Däitschland, ma och an der Belsch, an Éisträich, Finnland, Frankräich, Griicheland, Italien, Kroatien, Lettland, zu Lëtzebuerg, a Litauen, Holland, Norwegen, Polen, an der Republik Moldau, a Rumänien, Russland, der Schwäiz, der Slowakei, a Slowenien, Spuenien, Tschechien, der Ukrain an an Ungarn. Zanter 2017 gëtt et och eng Stolperschwelle an Argentinien. Fir 2020 sinn déi éischt Steng a Schweden an Dänemark virgesinn[4].

Pro Joer kommen ongeféier 440 nei Steng bäi[5]. Si ginn haut meeschtens op Demande vun enger Associatioun, oder der Famill vun den Affer, gemaach, nodeem deenen hir perséinlech Donnéeë recherchéiert goufen. Finanzéiert gi se duerch Privatdonen[6].

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg hunn d'Stolpersteine bal ëmmer eng Opschrëft op Lëtzebuergesch. Als Beispill steet op engem vun hinnen:

HEI HUET GEWUNNT
MINNA SARAH
FREYMANN
JG. 1925
INTERNÉIERT ANGERS
DEPORTÉIERT 1942
AUSCHWITZ
ËMBRUECHT JULI 1942

Et gëtt der zu Bieles, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, um Gréiweknapp, zu Gréiwemaacher, Iechternach[7], Munneref, Réimech an zu Schëffleng.

  • Zu Esch-Uelzecht goufen den 22. Oktober 2013 14 „Stolpersteine“ vum Gunter Demnig, virun den Haiser vun den Affer, wou si fir d'lescht gewunnt hunn, geluecht. Et sinn dat all Affer vun der Shoah, ma méi spéit sollen och sou Gedenksteng fir Resistenzler nokommen[8];
  • zu Déifferdeng goufen den 28. Oktober 2014 15 „Stolpersteine“ a Presenz vum Gunter Demnig geluecht. De 5. November 2015 koumen der 23 neier derbäi-[9];
  • zu Bieles an zu Munneref goufen de 6. November 2015 een, respektiv 11, Stolpersteng geluecht[10];
  • zu Réimech goufen de 24. Juni 2016 17 Stolpersteng geluecht[11];
  • zu Gréiwemaacher goufen den 10. Mäerz 2017 siwe Stolpersteng vum Demnig geluecht;
  • an der Gemeng Helperknapp goufen de 4. Mäerz 2019 vum Demnig jee ee Steen um Gréiweknapp an een um Bill geluecht[12];
  • de 27. Juni 2019 huet den Demnig am Ganzen 20 Stolpersteng zu Iechternach geluecht;
  • de 24. Abrëll 2021 goufen zu Esch-Uelzecht weider 17 Stolpersteine geluecht, a 4 zu Schëffleng[13];
  • den 11. Juni 2021 koumen nach 7 Steng zu Iechternach derbäi[14];
  • den 12. September 2021 goufe 15 Stolpersteng zu Jonglënster als Undenken un Zwangsrekrutéiert, déi am Krich ëmkoumen, an un ermuerte Judde verluecht[15];
  • den 1. Oktober 2021 goufen der zu Munneref eng weider 15 geluecht[16].

Schonn de 25. Januar 2013 gouf zu Ettelbréck an der Foussgängerzon eng „Stolperschwelle“, och vum Demnig, geluecht. Déi ass sou breet wéi 8 Steng an erënnert, am Géigesaz vun de „Stolpersteine“, net un eenzel Persounen, mä kollektiv un déi 127 Judden aus där Stad, déi deportéiert goufen, a vun deenen an der Folleg der 105 ëm d'Liewe koumen, déi meescht a KZer[17].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg.

An der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch goufen déi éischt „pavés de mémoire“ 2009 zu Antwerpen an zu Bréissel geluecht.

Zu Léck goufen am August 2010 „Stolpersteine“ an der rue Matrognard um N°7 an an der rue Edouard Remouchamps op N° 27a geluecht, an den 20. Juli 2011 koumen der nach 19 dobäi, dovu verschiddener zu Léck an anerer a Bréisseler Gemengen.

De 5. Mäerz 2012 goufen der zu Bréissel nach eelef op Initiativ vun der Association pour la Mémoire de la Shoah (AMS) geluecht. De 4. Mee 2012 gouf e Pawee virun der leschter Wunneng vum Léon Fajnznaider zu Uccle geluecht, engem Jugendleche vu 16 Joer, deen op Auschwitz verschleeft an do ëmbruecht gouf.

Am noen Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

  • Zu Dillingen am Gleisdreieck (Hüttenwerkstraße) fir Alice an Dr. Paul Cahn an an der Heiligenbergstraße N°21 fir Johanna a Lion Levy.
  • Zu Diefflen an der Düppenweilerstraße N° 35 fir Julia, Martha a Moritz Weiler
  • Zu Pachten In der Lach N° 5 fir Flora, Rosine a Simon Levy.

Film[änneren | Quelltext änneren]

Dörte Franke: Stolperstein. 2008.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Rauchs, 2021. Quand un Juif rencontre un autre Arabe. d'Lëtzebuerger Land vum 12. November 2021, S. 13.
  • Joachim Rönneper (Hrsg.), 2010: Vor meiner Haustür. 'Stolpersteine' von Gunter Demnig. Ein Begleitbuch. Arachne-Verlag, Gelsenkirchen. ISBN978-3-932005-40-4.
  • NS-Dokumentationszentrum der Stadt Köln (Hrsg.), 2007: Stolpersteine. Gunter Demnig und sein Projekt. Emons, Köln, ISBN 978-3-89705-546-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stolpersteine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Obermayer German Jewish History Award. Pressemitteilung zur Preisverleihung 2005 (de).
  2. Geschichte auf arte: „Mit Kopf und Herz stolpern“ / Stolpersteine gegen das Vergessen Gearchiveerd op 2009-05-12. Gekuckt de(n) 2013-10-31.
  3. Zwei Steine zum Jubiläum am Luxemburger Wort vum 30. Dezember 2019, S. 48
  4. op stolpersteine.eu, gekuckt den 30. Juni 2019
  5. "Technik" op stolpersteine.eu.
  6. "'Steuerprüfung ’04 bis ’08 – Eine gute und eine weniger gute Nachricht" op stolpersteine.com
  7. Anne-Aymone Schmitz, Mahnmal im Bürgersteig, Luxemburger Wort vum 29./30. Juni 2019, S. 48
  8. "Stolpersteine in Esch/Alzette verlegt." wort.lu, 23.10.13 07:07; Nicolas Anen, Steine zum Stolpern und zum Nachdenken, Luxemburger Wort, 23.10.2013, S. 20-21.
  9. "23 'Stolpersteine' fir d'Erënnerung." rtl.lu, 05.11.2015, 18:30:52.
  10. Chronik op Stolpersteine.eu.
  11. Artikel an De Buet, Juni/Juli 2016, S.24-25.
  12. Eine Mahnung in Messing gestanzt: In Helperknapp werden Stolpersteine verlegt op tageblatt.lu
  13. "Esch und Schifflingen - Neue Stolpersteine gegen das Vergessen: Kurzbiografie der Opfer." tageblatt.lu, 24.04.2021.
  14. Volker Bingenheimer, „Innehalten und nachdenken“, Luxemburger Wort 16.06.2021, S. 27
  15. "Stolpersteng zu Jonglënster". De Journal vun der Télé, rtl.lu, 28. Juni 2021.
  16. "Erënnerung un d'Affer vun der Nazi-Deportatioun." rtl.lu, 01.10.2021.
  17. "Stadt Ettelbrück verlegte die landesweit erste „Stolperschwelle“ zu Ehren der Shoah-Opfer." mywort.lu, 26.01.2013.