Suizid

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Suizid versteet een den Doud vun engem Mënsch, dee sech selwer ëmbréngt ouni friem Awierkung.

Grënn fir Suiziden[änneren | Quelltext änneren]

Déi relativ dackst Ursaach fir e Suizid bzw. Suizidversuch gëtt an enger psychescher Krankheet gesinn. En héije Prozentsaz vun alle Suiziden an de westleche Gesellschafte ginn dorop zréckgeféiert. Virun allem bei Persounen, déi un Depressioune leiden ass de Suizid méi heefeg.

Suchtkränkten a chronesch Péng ginn och den Ulass zu Suiziden, heiansdo och de wirtschaftleche Ruin, z. B. duerch Verloschter um Spilldësch.

Forme vu Suiziden[änneren | Quelltext änneren]

  • Neierdéngs gewielte Methoden (Schwäiz: 1969-2000)
    • Duerch de Strack 25 %
    • Erschéissen 24 %
    • Vergëftung duerch fest oder flësseg Substanzen 14 %
    • Erofsprangen 10 %
    • Erdrénken 9 %
    • Iwwerfueren duerch en Zuch 7 %
    • Vergëftung duerch Gasen 6 %
    • Mat spatze Géigestänn 2 %

De Suizid an der Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Massesuiziden[änneren | Quelltext änneren]

Ausser dem duebele Suizid, wou z. B. Mann a Fra oder zwee Verléifter sech zesummen ëmbrengen (Fall vum Dichter Heinrich von Kleist), gëtt och nach de Massesuizid.

  • Zu engem historesch bekannte Massesuizid koum et 70 n. Chr. zu Masada an der réimescher Provënz Judäa dem haitegen Israel, wéi d'Stad vu réimeschen Truppe belagert gouf. De Flavius Josephus erzielt, datt déi méi wéi 900 belagert Persounen an hirer Situatioun ouni Aussiicht, fräiwëlleg an den Doud gaange sinn, fir als fräi Mënschen ze stierwen.
  • Staark kommentéiert gouf och a rezenter Zäit (1994) de Massesuizid vun 61 Memberen vun de Sonnentempler an der Schwäiz.

Suiziden zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg huet de STATEC an de Joren 2000 bis 2005 all Joer tëscht 53 (2003) an 99 (2002) noweisbar Suiziden erfaasst. Et fält op, datt d'Suiziden zu Lëtzebuerg bei de Männer ongeféier 4-mol sou dacks si wéi bei de Fraen. Ausserdeem wäicht d'Aart a Weis wéi Männer sech ëmbréngen (Erschéissen, Strack) staark vun der Manéier, wéi Fraen sech suizidéieren, (Medikamenter, Erdrénken, Erofsprangen) of. Et ass rar zu Lëtzebuerg datt eng Fra sech erschéisst oder op de Strack zréckgräift. Oft ass et och, datt Persounen, déi sech suizidéiere wëllen, vun der Neier Bréck erofsprangen. Dobäi ass et allerdéngs eng Kéier virkomm, datt eng Persoun, déi net an der Mëtt vu der Bréck erofgesprongen ass, an engem Bam gelant ass, a schwéier blesséiert iwwerlieft huet.

Ee vun de bekannte Fäll ass de Suizid vum veianer Schrëftsteller a Lycéesprofesser René Engelmann (1880-1915).

Statistik iwwer d'Suiziden zu Lëtzebuerg 2005
Aart a Weis
Zuel
Medikamenter, chem. Prod.
10
Gas
4
Strack
25
Erdrénken
4
Erschéissen
7
Erofsprangen
11
Schaarf Géigestänn
2
Aner Manéier
3
Total   
66

dovu 51 Männer a
15 Fraen

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Durkheim, Émile: Le suicide, PUF, Éischt Editioun: 1897 (gouf puermol nei opgeluecht)
  • Als, Georges: Le suicide au Luxembourg, Institut grand-ducal, section des sciences morales et politiques, 1979.
  • Als, Georges: Le suicide au Luxembourg. L'évolution séculaire des suicides au Luxembourg. Variables socio-personnelles du suicide, an : Luxemburger Wort, Jg. 131(1978), n° 123, p. 3 ; n° 124, p. 3 ; n° 126, p. 3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Suizid – Biller, Videoen oder Audiodateien