Masada

Vu Wikipedia
Masada
Lag op der Kaart

Masada (v. Hebräesch: Mezadá מצדה - "Festung"), ass eng fréier Festung an eng archeologesch Ausgruewungsplaz am Südweste vum Doudege Mier an Israel.

Si gouf, an hire gréissten Deeler, vum Kinnek Herodes de Groussen tëscht 40 v. Chr. a 30 v. Chr. op der Plaz vun enger fréierer, en ettlech Joerzéngte méi aler, klenger Festung gebaut. Si ass deemools als eng Befestegung betruecht ginn, déi kee kéint erueweren. D'Festung louch nämlech op engem Plateau, mat géie Fielse ronderëm a war nëmmen iwwer 3 schmuel Pied zougänglech.

Den Herodes huet aus deem Bierg eng Festung maache gelooss, wéi hien de Plateau mat enger Kasemattemauer mat 40 Tierm ofgeséchert huet. An der Festung selwer gouf et eng Rei Gebaier, Päerdsställ, Lagerraim, Gemaacher fir Leit ënnerzebréngen a Paläst.

Belagerung[änneren | Quelltext änneren]

Den Herodes ass am Joer 4 v. Chr. gestuerwen. Ëm d'Joer 70 n. Chr. gouf d'Festung beim jiddeschen Opstand géint déi réimesch Besatzung, belagert. De jiddesch-réimeschen Historiker Flavius Josephus huet d'Belagerung vu Masada a sengem Wierk "De Krich vun de Judden" beschriwwen. Him no hu sech an de Jore 70 bis 73 n. Chr., no der Zerstéierung vum Tempel zu Jerusalem, zu Masada 973 Judde géint eng Iwwermuecht vu 15.000 réimesche Legionären ënner dem Kommando vum Flavius Silva gewiert. Schliisslech ass et de Réimer no groussen Ustrengunge gelongen, d'Festung ze stiermen. Dem Flavius Josephus no hu se do nëmme méi 7 lieweg Persounen, 2 Fraen a 5 Kanner, virfonnt. Déi aner alleguer hate virgezunn, sech selwer ëmzebréngen a sech sou der Gefaangenschaft z'entzéien. Sou ass Masada e Symbol vum Fräiheetswëlle vun de Judde ginn.

Nodeems se gefall war, ass d'Festung net méi opgebaut ginn. Am 5. an am 6. Joerhonnert ass de Bierg vu chrëschtleche Mënche besidelt ginn. Si hunn eng Kierch gebaut, déi zu de fréiste Kierchen am südleche Judäa gehéiert. Reschter dovu si bis haut erhalen.

Masada haut[änneren | Quelltext änneren]

2001 gouf Masada op d'Lëscht vun de Weltkultur- an Naturierfschaften vun der UNESCO gesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flavius Josephus: Geschichte des jüdischen Krieges (De bello Judaico), Marixverlag, Wiesbaden, 2005, Eng Iwwersetzung, Aleedung a Kommentare vum Heinrich Klementz. Mat Nimm-Regëster a Paragraphenzielung no der Flavii Josephi Opera recognovit Benedictus Niese (ed. minor), Berlin 1888 - 1895. 688 Säiten.
  • Yigael Yadin; Joseph Naveh, Yaacov Meshorer: Masada I: The Yigael Yadin Excavations 1963-1965 Final Reports, Biblical Archaeology Society, 1989, 232 Säiten.
  • Nachman Ben-Yehuda: Masada Myth: Collective Memory and Mythmaking In Israel, University of Wisconsin Press, 1995, 384 Säiten. E kritesche Bléck op de "Mythus" Masada. 384 Säiten

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Masada – Biller, Videoen oder Audiodateien