Flavius Josephus

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

De Flavius Josephus, eigentlech Iosip ben Mathithjahu, ëm 37 n. Chr. zu Jerusalem gebuer an ëm 100 gestuerwen, ass ee jiddisch-réimeschen Historiker.

Säi Liewen ass deels als eegestänneg Beschreiwung (Iôsepu Bios), deels als Unhang zum Wierk Jiddesch Antikitéiten (kuckt hei drënner!) iwwerliwwert.

Seng Wierker sinn all, wéi am ëstlechen Deel vum Réimerräich üblech, op Griechesch geschriwwe ginn. Just beim Buch De jiddesche Krich huele verschidde Spezialisten un, datt de Josephus eng éischt Versioun a senger Mammesprooch Aramäesch verfaasst hat.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Flavius Josephus war d'Kand vun enger héiger gestallte Famill aus Judäa, déi enk mam israeliteschen Tempelkult a Priistertum verbonne war. Hien huet alt - ouni Beweis - behaapt, datt hie mat der Famill vun den Hasmonäer verwandt wier, déi d'Herrscher vu Judäa tëscht dem Enn vum Makkabäeropstand 165 v. Chr. an der réimescher Eruewerung vu Jerusalem duerch de Pompeius 63 n. Chr. gestallt huet.

Entgéint der sozialer Positioun vu sénger Famill huet de Flavius Josephus sech de Pharisäer ugeschloss, enger Grupp déi souwuel politesch wéi och reliéis dem Vollék no stoung. 64-66 n. Chr. war e Member vun enger Gesandtschaft, déi op Roum geschéckt gouf. Et goung ëm d'Liberatioun vu jiddesche Priister, déi wéint Agitatioun géint d'Réimer vun der réimescher Verwaltung festgeholl gi waren. Well Roum u Fridden a sénge Provënzen intresséiert war, koumen déi betreffend Priister fräi, wat awer vun der jiddescher Säit als Schwächt gedeit gouf. A sou koum et geschwënn zu engem jiddeschen Opstand. An deem Kontext huet de Flavius Josephus de Kommando an der galiläescher Festung Iotapata iwwerholl. Onkloer ass, wéi hien zu de sougenannten Zelote stoung, déi als reliéis Aktivisten, ëntgéint dem Wonsch vun der Priisteraristokratie vu Jerusalem, offen zur Rebellioun géint d'Réimer opgeruff hunn. Wéi och ëmmer, d'Réimer hunn, ënner dem Feldhär an zukënftege Keeser Vespasian, d'Festung belagert a 67 ageholl. De Flavius Josephus gouf gefaang, mä e konnt sech d'Gonscht vum Vespasian doduerch sécheren, datt en deem de Keesertitel virausgesot huet. Wéi de Vespasian am Joer 69 tatsächlech zum Princeps erhuewe gouf, huet dee säi Krichsgefaangene fräi gelooss, an de Flavius Josephus huet sech zu Roum niddergelooss. Wéi dem Vespasian säi Jong, de Feldhär an zukënftege Keeser Titus, Jerusalem belagert huet, war de Flavius Josephus an deem séngem Ëmfeld an huet loyal op réimescher Säit gekämpft. Fir séng trei Déngschter krut e, wéi en zréck zu Roum war, dat réimescht Biergerrecht unerkannt. A wéint sénger Proximitéit zum Vespasian, aus der flavescher Dynastie, huet de fréiere Géigner a Krichsgefaangenen, deen d'Front gewiesselt hat, den Numm 'Flavius' ugeholl. De Flavius Josephus huet awer och eng zolitt järlech Rent an e Landgutt kritt, wat himm eng geséchert Zoukonft verschaaft huet. Hie schéngt sech véiermol bestuet ze hunn, déi leschte Kéier ëm 75, an dräi vu sénge Jongen hunn en iwwerlieft. Op Basis vu sénge Publikatiounen gëtt ugeholl, datt en ëm 100 gestuerwen ass. Wéint sénger éischter pro-réimescher Duerstellung, ass séng Geschicht iwwer de jiddesch-réimesche Krich laang an de jiddesche Kreeser ignoréiert ginn. Réischt mat der Rëmentdeckung vu Massada hunn d'Juddeen, respektiv d'Israeli, sech verstäerkt fir de Flavius Josephus a säi Wierk intresséiert.

Den Historiker[änneren | Quelltext änneren]

De Flavius Josephus huet säin historescht Wierk no 70/71 zu Roum, awer allemol op Griichesch, geschriwwen, och wann e sécher och Latäin konnt. Mä hie war nun emol aus dem ëstlechen, méi helleniséierten Deel vum Réimerräich. Hie gëtt iwwregens heiansdo als "griicheschen Titus Livius" bezeechent.

Ëm 80 koum säin éischt Wierk eraus, iwwer de sougenannte jiddesche Krich. Do kann een de Verlaf vum réimesch-jiddesche Konflikt vum Opstand vun de Judden am Joer 66 bis zum Fall vun der Festung Massada 73 noliesen, Episoden, déi de Flavius Josephus zu engem gudden Deel selwer erlieft hat. Als Historiker gëtt sech de Flavius Josephus éischter pro-réimesch a voller Respekt fir d'Flavier, an e behaapt, datt et net de Priisteradel vu Jerusalem war, deen zur Rebellioun opgeruff huet, mee verschidde reliéis Splittergruppe, virop d'Zeloten.

Dem Flavius Josephus säin zweet grousst Wierk betrëfft déi jiddesch Vergaangenheet, vun der Erschafung vun der Welt bis zum Joer 66 n. Chr., wéi de réimesch-jiddesche Krich ugefaangen huet. Doriwwer eraus huet en nach eng Zort Autobiographie verfaasst, an där e säi Verhalen am réimesch-jiddesche Krich an duerno rechtfäerdegt, mee grad déi Duerstellung huet e laang als suspekt bei sénge Glawensgenossen erschénge gelooss.

Well de Flavius Josephus en Zäitgenosse vum Jesus Christus war, ass säi Wierk allerdéngs am Mëttelalter eifrëg vun de Geléierten an der chrëschtlecher Welt verbreet a gelies ginn. An der Fréizäit vun der Buchdréckerei goufe schonn héich Oploen erreecht, well am Flavius Josephus séngem Wierk angeblech zwou Plazen ze fanne sinn, wou vum Jesus rieds geet. Dës zwou Plaze sinn awer antëscht eendeiteg als Interpolatioune vu spéidere Kopisten entlarwt ginn. Dat gesot dierf een awer de Wäert vum Flavius sénge Bicher fir d'Chrëschten net verkennen: si iwwerbrécken nämlech dat zäitlecht "Lach" tëscht dem alen an dem neien Testament a liwweren deemno Informatiounen, déi ee soss néierewou fënnt.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Perí tu Iudaïkú polému (ëm 80 n. Chr. erauskomm); op Däitsch: Der jüdische Krieg; an op Franséisch: La guerre des juifs, La guerre juive oder La guerre contre les juifs (je no Ausgab).
  • Historia tes Iudaïkes Archaiologias (93 n. Chr.); op Däitsch: Jüdische Altertümer; an op Franséisch: Antiquités juives => 20 Bicher zur jiddescher Geschicht, vun der Weltschöpfung bis zur persescher Dominatioun vum Noen Osten.
  • Iôsepu Bios (= Autobiographesch Donnéeë vum Flavius Josephus).

Editioune vu senge Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Otto Michel & Otto Bauernfeind, De bello judaico - Der jüdische Krieg; zweesproocheg Ausgab vun de siewe Bicher, 3 Bänn; München 1959-1969.
  • Pierre Vidal-Naquet: La guerre des juifs; Paräis (Éditions de Minuit), 1977.
  • Gerhard Werth (Uni Bonn): Der jüdische Krieg; München (Wilhelm Goldmann Verlag, Taschenbuch-Reihe 'Goldmann Klassiker mit Erläuterungen'), 1980 (1. Oplo); 703 Säiten. ISBN 3-442-07579-3.
  • Étienne Nodet (École biblique de Jérusalem): Antiquités juives; Paräis (Éditions du Cerf), zanter 1992 (Bicher I-III), 1995 (Bicher IV-V), asw. - ISBN 2-204-05394-5

De Flavius Josephus an der Bellettristik[änneren | Quelltext änneren]

  • Lion Feuchtwanger, Josephus, Romantrilogie: 1] Der jüdische Krieg (Berlin, 1932), 2] Die Söhne (1935) an 3] Der Tag wird kommen (1945).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • R. Laqueur, Der jüdische Historiker Flavius Josephus. Ein biographischer Versuch auf neuer quellenkritischer Grundlage; Darmstadt, 1970 (Neidrock vun der 2. Editioun, déi 1920 zu Gießen erauskoum).
  • Mireille Hadas-Lebel, Flavius Josèphe; Paräis (Fayard), 1989.
  • Z. Rogers, Making History. Iosephus and Historical Method; Leiden, 2007.
  • K.-St. Krieger, Geschichtsschreibung als Apologetik bei Flavius Josephus; Tübingen, 1994.
  • Arnaldo Momigliano, Hochkulturen im Hellenismus - Die Begegnung der Griechen mit Kelten, Römern, Juden und Persern; München (C. H. Beck, 'Beck'sche Schwarze Reihe', Band 190), 1979. - Op Franséisch ënner dem Titel Sagesses barbares beim Verlag Maspero (Paräis) erauskomm.