Häerz-Jesu Pateren

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Gebaier vun der fréierer École apostolique zu Clairefontaine

D' Häerz-Jesu-Pateren sinn eng kathoulesch Kongregatioun, déi vum franséische Geeschtleche Léon Dehon (1843-1925) am Joer 1878 gegrënnt gouf.

  • An anere Sproochen
    • am Däitschen: Herz-Jesu-Priester oder Dehonianer
    • am Franséischen: Prêtres du Sacré-Coeur-de-Saint-Quentin oder Prêtres du Sacré-Coeur, heiansdo och prêtres dehoniens.

D'Ofkierzung vun der Kongregatioun ass: S.C.J. (= Congregatio Sacerdotum a Sacro Corde Jesu).

Iwwer 2300 Häerz-Jesu-Patere liewen an 42 Länner op véier Kontinenten (ausser an Australien)

Den hierarcheschen Opbau vun der Kongregatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Pater Generol[änneren | Quelltext änneren]

De Pater Generol gëtt vum Generolkapitel fir sechs Joer gewielt. En däerf net méi wéi 12 Joer op deem Poste bleiwen. D'Generolkapitel ass eng Versammlung vu gewielten Häerz-Jesu-Pateren an de Cheffe vun alle Provënzen, déi net nëmmen de Leeder vun der Kongregatioun bestëmmt, mä och iwwer aktuell Themaë beroden an d'Haaptlinne vun der Kongregatioun festleet.

Op dem Generolkapitel vun 2003 zu Roum gouf de Pater José Ornelas Carvalho, de Pater Provinzial vu Portugal, zum Ieweschte gewielt. Päischten 2015 gouf den däitsche Pater Provinzial Heiner Wilmer zu sengem Nofolger gewielt.[1]

De Pater Provënziol[änneren | Quelltext änneren]

De Pater Provënziol gëtt fir dräi Joer gewielt, a kann eng Kéier erëmgewielt ginn. Hie gëtt no der Wal vum Pater Generol ernannt, an huet dann e Provënzrot mat véier anere Pateren ëm sech fir ze plangen a mat z'entscheeden.

De Pater Gérardy Lachivert ass den 1. Dezember 2005 fir dräi Joer fir déi Provënz ("EF") bestëmmt ginn, zu där Lëtzebuerg gehéiert. De Lëtzebuerger Pater Paul Birsens ass "'Éischte Conseiller" vun deem Provënzrot.

D'Häerz-Jesu-Pateren zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Paterskierfecht op der Pafemillen

D'Häerz-Jesu-Patere si virun allem bekannt wéinst der École apostolique zu Clairefontaine an der Belsch, an dem Klouschter Fünfbrunnen op der Pafemillen bei Ëlwen.

De bekanntsten Häerz-Jesu-Pater vu Lëtzebuerg war de Joseph Lorenzo Philippe, deen nom Doud vum Grënner Dehon, vum 20. Januar 1926 bis de 24. Oktober 1935 zweete Pater-Generol war an 1935 Bëschof vu Lëtzebuerg gouf.

E prominente Schüler vun der Schoul zu Clairefontaine ass de fréiere lëtzebuergesche Premierminister Jean-Claude Juncker (1967-1974). Och den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet e puer Joer zu Clairefontaine studéiert.

Missionären déi am Kongo ëmbruecht goufen[änneren | Quelltext änneren]

  • Zu Wamba bei der Simbarevolt:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • P. Joseph Famerée SCJ, P. Gerhard Valerius SCJ, P. Yves Ledure SCJ, etc.: Pater (Léon) Dehon [= eng ganz Nummer iwwer de Grënner vun den Häerz-Jesu-Priister (1843-1925), säi Wierk, asw.]; Heimat + Mission, Nr. 6 / (Clairefontaine) 1993; Ss. 1-28 (ronn 10 Kontributiounen).
  • (verschidden Auteuren), 100 Jahre Herz-Jesu-Priester ; Heimat + Mission, Nr. 7 / (Clairefontaine) 1978; Ss. 129-144.
  • (verschidden Auteuren), 100 Jahre Herz-Jesu-Priester (in) Clairefontaine ; Heimat + Mission, Nr. 6 / (Clairefontaine) 1989; Ss. 97-125.
  • P. N. (= Nicolas) Kayser SCJ, Clairefontaine ; Clairefontaine (Verlag Heimat + Mission), 1963; Drock: Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht; 160 S. (ill.).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Häerz-Jesu Pateren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nouveau Supérieur Général des Prêtres du Sacré-Cœur de Jésus, www.scjef.org, gekuckt den 11. November 2016; Archived by WebCite®