Léon Dehon

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Léon Dehon (1920)

De Léon Dehon, gebuer zu La Capelle, an der Thiérache, enger Géigend am Nordoste vum Département Aisne (Nordfrankräich), de 14. Mäerz 1843, a gestuerwen zu Bréissel, den 12. August 1925, ass e franséische kathoulesche Geeschtlechen, deen d'Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Pateren gegrënnt huet.

Jugend a Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • De 14. Mäerz 1843 kënnt de Léon Dehon als dat drëtt Kand vun enger zimlech räicher, biergerlecher Koppel zu La Capelle op d'Welt. Dat éischt Kand, op den Numm Léon gedeeft, ass dee Moment schonn am Alter vu véier Joer un enger Méningite gestuerwen. De Papp, e gudde mä strenge Meeschter, huet sech scho méi laang vun der reliéiser Praxis distanzéiert; dofir ass d'Mamm, gebuer Fanny Vandelet, eng fréier Schülerin vun den Häerz-Jesu Nonne vu Charleville, eng extrem duuss a fromm Fra mat engem groussen Afloss op de klengen "Ersatz"-Léon.
  • De Léon Dehon mécht seng Secondairesstudien am Kolléisch vun Hazebrouck (Département Nord) am franséischen Deel vun der historescher Grofschaft Flandern.
  • Mat 16 Joer ass e Bachelier-ès-lettres vun der Fakultéit vun Douai.
  • Op Wonsch vum Papp bereet de Léon Dehon sech zu Paräis op de Concours fir d'École polytechnique vir, wiesselt awer dunn op Droit iwwer. Dee Moment ass hie scho sozial engagéiert, ë. a. an der Kathechees fir déi Aarm vu senger Par an an de Conférences de Saint Vincent de Paul. Mat 19 Joer mécht de Léon Dehon seng Lizenz am Droit; mat 21 ass hien Docteur en droit a gëtt als Affekot op d'Cour impériale de Paris genannt (1864).
  • No enger laanger Orientrees trëtt de Léon Dehon 1865 zu Roum an de Séminaire français an a fänkt e Studium vun der Philosophie a vun der Theologie op der Gregorianescher Universitéit un.
  • Den 19. Dezember 1868 gëtt hien an der Lateran-Basilika zu Roum zum Priister geweit.
  • De Léon Dehon verfollegt d'Aarbechte vum I. Vatikanesche Konzil als Stenograph.
  • Den 1. August 1871 gëtt de Léon Dehon zum Dokter an der Theologie an am kanoneschen Droit proklaméiert.

Priister mat enger sozialer Oder[änneren | Quelltext änneren]

  • De Léon Dehon, deen eigentlech bei d'Assomptionnisten antriede wollt, geet provisoresch an den Déngscht vu sengem Heemechtsbistum Saint-Quentin. Den 8. November 1871 gëtt e Kaploun an der Basilika vu Saint-Quentin. Dat entsprécht zwar net deem, woufir hie sech beruff gefillt huet, nämlech engem Liewen an der Zréckgezunnenheet an am Studium, mä hie realiséiert, datt a senger industrialiséierter Regioun vill am Beräich vun der Pastoral vum Aarbechtermilieu ze maachen ass. 1872 grënnt hien ee vun den éischte Patronage vu Frankräich, a kuerz duerno e Cercle ouvrier deen 1875 ronn 140 Memberen zielt. 1876/77 grënnt hien och eng Schoul, de Collège Saint-Jean, zu Saint-Quentin. De Léon Dehon sicht net nëmmen de Kontakt zu Leit, wéi den Albert de Mun oder de René de la Tour du Pin, déi Spezialisten an der sozialer Aktioun sinn; hie versicht och am Patronat Verständnes an Ënnerstëtzung ze fannen. 1874 lancéiert hien deemno eng Zeitung, Le Conservateur de l'Aisne, an eng Zäitschrëft, d'Revue des questions sociales et ouvrières. 1876 schonn huet de Léon Dehon eng Rei vun Industriedirekteren op senger Säit, déi sech dozou engagéieren, d'Lous vun den Aarbechter ze verbesseren. Op ville Kongresser uechter Frankräich versicht de Léon Dehon, net ouni Erfolleg, den Diozesanklerus fir d'sozial Problematik ze bewegen.
  • 1877 grënnt de Léon Dehon d'Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Priister oder Pateren.

D'Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Priister[änneren | Quelltext änneren]

  • Schonn zu Roum, wéi hien op der Gregorianescher Universitéit Student war, war d'Häerz-Jesu fir de Léon Dehon de Fixstär ginn, deen d'Direktioun vu sengem Liewenswee sollt virginn. Mä de jonke Priister, dee vum reliéise Liewen an enger Kongregatioun ugezu war, huet net dat fonnt, wat sengem Ideal entsprach huet: d'Veréierung vum Häerz-Jesu am Geescht vun der Léift a vun der Wiedergutmachung (Réparatioun). Dofir huet hie seng eege Kongregatioun gegrënnt, an zwar den 28. Juni 1878, duerch e feierlecht Bekenntnes fir e Liewen am Aarmut, an der Keuschheet an am Gehorsam. D'Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Priister sollt zwee grouss Ziler verfollegen: den Enseignement an d'Missiounsaarbecht, dat Ganzt am Geescht vum Häerz-Jesu a vum sozialen Engagement.
  • D'Wierk vum Pater Léon Dehon huet net onbedéngt vill Begeeschterung ausgeléist: vill Bëschofen a Weltpriister ware géint e soziaalt Apostolat. Der Kierch hir sozial Léier sollt eréischt 15 Joer méi spéit, 1891, mat der Enzyklika Rerum Novarum vum Poopst Leo XIII. formuléiert ginn. Mä de P. Léon Dehon huet, nieft dem Opbau vu senger Kongregatioun dapper virugeschafft a fir d'Grënnung vu Caisses rurales, Familljekeesen, Economaten a sozial Versëcherungsorganisme plaidéiert. Seng Chance war, datt vill Seminaristen a Laien, wéi z. B. de Marc Sangnier, säi Message verstan an opgegraff hunn. De P. Léon Dehon huet och schonn un eng chrëscht-kathoulesch Organisatioun vun der Demokratie geduecht, an där d'Aarbechter hir Plaz hätten, net am Geescht vum Klassenkampf vun de Sozialisten, mä mam Ziil vun der Harmonie an der sozialer Gerechtegkeet. An deem Kontext huet hie sech vun engem René de la Tour du Pin, dee virun allem e Royalist war, distanciéiert. Geméiss dem Poopst sengem Wonsch huet hie sech souguer dofir agesat, datt d'Katholike sech mat der Republik versöhnt hunn. Wann ee weess, wéi antireliéis d'franséisch Regierungen tëscht 1880 an 1905 waren, kann een nëmme feststellen, datt de P. Léon Dehon vill Courage a Wäitbléck hat.
  • Am Ufank war dem P. Léon Dehon seng Entreprise als Grënner vun enger neier Kongregatioun alles anescht wéi einfach. 1878 stellen d'Dokteren eng Schwindsucht (fr: phtisie) bei him fest a ginn him manner wéi sechs Méint ze liewen. Hien iwwerlieft awer; mä dofir gëtt seng Grënnung, d'Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Pateren, den 8. Dezember 1883 vu Roum (!) ofgeschaaft, allerdéngs nëmme bis zum 28. Mäerz 1884! Den Hellege Stull konnt den Undrang vun neie Confratres an zukënftege Pateren net bremsen...
  • Nei Fondatiounen entstinn: Schoule, Porhaiser, Retraite-Haiser, Noviziaten (Watersleyde, 1883, z. B.) a Scholastikaten (Lille, 1884, z. B.).
  • Déi éischt Missionäre ginn eraus an déi grouss, wäit Welt: Ecuador, Zentralafrika (ë. a. Belsche Kongo), Nord-Brasilien, Kanada, Kamerun, Vereenegt Staate vun Amerika, Südafrika, Indonesien...
  • An Europa entstinn allméiglech Anstalte vun den Häerz-Jesu Pateren: a Frankräich, an Holland, an der Belsch (z. B.: d'École apostolique de Clairefontaine, 1889, oder spéider - 1933 - den Institut du Sacré-Coeur zu Burnot-Profondeville ), an Däitschland, a Spuenien, am Groussherzogtum Lëtzebuerg (Fünfbrunnen, Houwald, d'Kierch am Garer Quartier vun der Stad).
  • A Frankräich kënnt et, ënner Leit wéi Jules Ferry (1879), Waldeck-Rousseau (1901) a Combes (1905) zu ëmmer méi antikonfessionnell Gesetzer. 1906 gëtt d'Séparatioun vu Kierch a Staat ëmgesat. D'Häerz-Jesu Patere si schonn 1903, ouni Entschiedegung, aus hirem Haaptsëtz zu Saint-Quentin verdriwwe ginn. D'Mutterhaus vun der Kongregatioun gëtt deemno zu Bréissel nei ageriicht. D'Haus zu Saint-Quentin sollt vum franséische Staat zwar liquidéiert ginn, mä et huet sech keen afonnt, fir et ze kafen. Spéider huet de P. Léon Dehon et selwer zréck konnte kafen.
  • Während dem Éischte Weltkrich ass de P. Léon Dehon zréck op Saint-Quentin gaangen, bis déi Däitsch Besatzer 1917 den Uerder ginn hunn, d'Stad z'évacuéieren.
  • De P. Léon Dehon huet säi Liewensowend a senger Communautéit zu Bréissel verbruecht. Am Summer 1925 gouf hie vun enger ueger Gastro-Entérite befall. Den 11. August huet säi Generalassistent an Nofolger un der Spëtz vun der Kongregatioun, de Lëtzebuerger Joseph Philippe, him d'Stierfsakrament iwwerreecht. Den Dag duerno ass de P. Dehon am Alter vun 82 Joer gestuerwen. Seng stierflech Iwwerreschter goufen op Saint-Quentin transféréiert an an de Caveau vun der Kongregatioun geluecht. Spéider koum de P. Léon Dehon an d'Église Saint-Martin, déi hien nach gegrënnt hat, an een einfache schwaarze Marmorsarkophag. Zanter 1997 ass de P. Léon Dehon zu Roum am Gespréich, fir eventuell séileg gesprach ze ginn.

Séilegspriechung[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1939 koumen déi éischt Bestriewunge fir eng Séilegspriechung vum Dehon. Et huet awer bis 1997 gedauert bis datt d'Saach richteg un d'Rulle koum, wéi d'Kierch d'Heelung vun engem brasilianeschen Elektriker als Wonner unerkannt huet. De Mann hat sech a senge Gebieder un den Dehon adresséiert a gouf sou geheelt.

De Poopst Jean-Paul II. huet dunn d'Zeremonie op de 24. Abrëll 2005 festgeluecht, ma leider ass dee Poopst jo e puer Deeg virun deem Termin gestuerwen, soudatt en neien Datum huet misse fonnt ginn.

Mëttlerweil waren awer och Kritike géint den Dehon erhuewe ginn. Notamment huet e franséischen Historiker him virgeworf a senge Schrëfte géint d'Judde gewiedert ze hunn an domat d'Séilegspriechung vun engem Antisemit a Fro gestallt.

Dem Jean-Paul II. säin Nofolger, de Benoît XVI. huet doropshin am Juni 2005 d'Prozedur ofgebrach an eng Kommissioun chargéiert dem Dehon seng Wierker mol grëndlech ze studéieren. A jiddesche reléise Kreesser gouf dem Poopst seng Decisioun begréisst an als Zeeche vun der Verbesserung vun de kathoulesch-jiddesche Relatioune bewäert.[1][2]

Vu kathoulescher Säit sinn déi Virwërf awer och hefteg kontestéiert ginn. D'Zitater wieren aus dem Kontext gerappt an dem Dehon seng Kritik wier net géint Judde geriicht gewiescht, mä géint de Finanzkapitalismus am Allgeméngen.[3]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • (a Collaboratioun), Manuel social chrétien ; tëscht 1892 an 1894 rédigéiert; ganz séier 5 Editiounen an och nach eng erweidert Ausgab; a 6 Sproochen iwwersat, inklusiv Arabesch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Yves Ledure, Le Père Léon Dehon (1843-1925) - Entre mystique et catholicisme social ; Paräis (Éditions du Cerf), 2005; 230 Säiten; ISBN 2-204-07737-2
  • (ënner der Leedung vum Pater Yves Ledure), Catholicisme social et question juive - Le cas Léon Dehon (1843-1925) ; Paräis (Lethielleux & DBB), 2009.
  • R. Berthier & Yves Ledure SCJ, Le Père Dehon: au coeur du monde, au coeur de Dieu ; Paräis (Éditions Univers-Média; collection Les grandes heures des chrétiens), 1983.
  • G. Kanters, Le T.R.P. Léon Dehon - Esquisse biographique ; Bruges (Beyart) & Paräis (Beauchesne), 1930.
  • H. Dorresteijn SCJ, Vie et personnalité du Père Dehon ; Malines / Mechelen (H. Dessain), 1959.
  • R. Prélot, L'oeuvre sociale du chanoine Dehon ; Paräis (Éd. Spes), 1936.
  • Albert Schmit SCJ, Esquisse de la vie du Père Léon Dehon pour le 150e anniversaire de sa naissance 1843-1993 ; Clairefontaine / L - Äischen (Heimat und Mission Verlag; Drock: Imprimerie Linden, Stad Lëtzebuerg), 1993.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léon Dehon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vatikan: Seligsprechung von Dehon fraglich? Radio Vatikan, 11. Juni 2005.
  2. Pope Halts Beatification of French Priest, washingtonpost.com 16. Juni 2005.
  3. Catholicisme social et question juive. Une nouvelle étude sur le Père Dehon Blog vum Jean-Jacques Flammang SCJ um Site vun de Prêtres du Sacré-Coeur de Jésus, 9. Januar 2010