Äischen

Vu Wikipedia
Äischen
Bléck op Äischen (2010)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Eischen
de: Eischen
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Habscht
Buergermeeschter Serge Hoffmann (CSV)
Awunner 2.086
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 770,9664 ha
Héicht 298 m
Koordinaten 49° 41’ 03’’ N
      05° 52’ 41’’ O

Äischen ass déi gréisst Uertschaft an der Gemeng Habscht.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Äischen läit op der belscher Grenz am Dall vun der Äisch.

Äischen ass un de Verkéier ugeschloss iwwer den CR108 dee vu Stengefort kënnt, an iwwer den CR105 dee vun Habscht kënnt, an dann an d'Gäichel féiert. Bis 1967 gouf et eng Gare zu Äischen op der Atertlinn.

Am Zentrum vun der Uertschaft leeft d'Bech an d'Äisch, an am Osten dovun d'Millebaach.

Kleng geschichtlech Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Den 20. Abrëll 1880 kënnt an der Gare vun Äischen den éischte regulären Zuch vun der Atertlinn un.
  • Dat selwecht Joer gëtt an der Gare en Telegraphebüro opgemaach, an eng Postagence fir Päck.
  • 1888 grënnen d'Bridder Kahn vun Arel eng Händschefabréck zu Äischen, déi a gudden Zäite bis zu 75 Leit beschäftegt huet.
  • 1921: Äischen gëtt mat Stroum vun der Stengeforter Schmelz beliwwert.
  • 1923: D'Postkutsch gëtt ofgeschaaft. D'Autobusfirma Ruppert vun Habscht bekëmmert sech an der Gemeng ëm de Persounentransport op d'Gare, an transportéiert och Päck.
  • Den 30. Mäerz 1943 fält e britteschen Halifax-Bomber am Bësch bei Aechels erof.
  • 1950: De Lucien Thill baut eng Aluminium- a Koffergéisserei, déi bis zu 10 Aarbechter beschäftegt huet.
  • 1963: An de Gebaier vun der Koffergéisserei installéiert sech 'International Secutex Cie Eischen, déi Schutz-, Rettungs- a Sécherheetsgeschir produzéiert.
  • 1964: Den Autobusbetrieb Demy Schandeler baut eng Groussgarage.
  • Den 23. September 1967 fiert de leschte Persounenzuch aus der Gare vun Äische fort.
  • 1983: D'International Secutex mécht wéinst finanzielle Schwieregtkeeten de Buttek zou.
  • 1989: D'Firma Jobstar déi der Madame Hanzen vun Arel gehéiert, renovéiert d'Fabréckgebaier, a fänkt un Aarbechtsgezai ze produzéieren.

Veräinsliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Foussballclub Alliance Aischdall gouf den 30. Mäerz 2007 gegrënnt. De Club ass entstanen duerch d'Fusioun vun deenen zwéi Foussballveräiner FCO Aischen an CS Habscht.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

De Site Dräi Brécken iwwer d'Äisch steet zanter dem 30. Abrëll 2003 um Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äischen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]