Millebaach (Äischen)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Millebach: enger Niewebaach vun der Äisch zu Äischen. Fir aner Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach.
Millebaach
D'Millebaach op der Fuert bei der Millen an der Gäichel
Längt ca 5,7 km
(BEL: 3,9 km; LUX: 1,8 km)
Originn
Originn Quell
Plaz Fruessem
Héicht 361 m
Koordinaten 49° 41’ 42.0’’ N
      05° 49’ 55.2’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Äisch
Plaz Äischen
Héicht 272 m
Koordinaten 49° 41’ 16.4’’ N
      05° 53’ 03.6’’ O
Geographie
Land Belsch
Lëtzebuerg
Uertschaften BEL: Fruessem, Gäichel
LUX: Gäichel, Felleschmillen, Äischen
D'Millebaach an der Gäichel.

D'Millebaach ass eng belsch-lëtzebuergesch Baach um Territoire vun de Gemengen Arel an Habscht.

Se huet hir Quellen op enger Héicht vun 361 Meter südëstlech vu Fruessem, an enger Zoch déi vu Seymerich kënnt a leeft vun do no Osten a Richtung Lëtzebuerg. Kuerz virun der Gäichel ännert se hire Wee no Süden, a gëtt och do um Stéck laanscht Geechelermillen, op der topographescher Kaart als Gäichelbaach gefouert.

Op der Millen an der Gäichel, op der belscher Säit, fiddert se de Milleweier, an huet och fréier d'Energie fir eng Seeërei geliwwert.

Virun der Mille leeft se iwwer de Wee, dee vun der Gäichel op Bunnert féiert, an deen op der N 882 vun Arel op Uewerpallen op der Giischer Kräizung, beim Haus genannt Beim Klénkebatti erauskënnt.

Op der Héicht vun der Gossemaark LB 099 um Flouer Aatz an der Gäichel leeft s'an d'Lëtzebuerger Land fir da laanscht d'Felleschmillen op Äischen ze lafen, wou se op enger Héicht vun 272 Meter, just nodeem se ënner dem Chemin repris CR105 erduercht ass, um Flouer Buuschten an d'Äisch leeft.