Dräi Brécken (Atertlinn)

Vu Wikipedia
déi "Dräi Brécken" am Summer 2011.

Déi sougenannt Dräi Brécken si fir richteg eng Bréck mat dräi Béi (dohier hiren Numm) bei Äischen.

D'Bréck gouf 1878 fir d'Atertlinn vu Péiteng op Ettelbréck, gebaut.

Déi dräi Béi hunn eng Spanwäit vu jee 7 m. Dee mëttelse Bou geet iwwer d'Äisch, deen nërdlechen iwwer den CR105 vun Äischen op Habscht.

Nodeem op der Eisebunnslinn den 23. September 1967 de Persouneverkéier an de 15. Mee 1969 de Marchandisëverkéier agestallt gouf, ass hiren Tracé an eng Vëlospiste ëmfunktionéiert ginn, iwwer déi haut d'PC 12 féiert.

D'Bréck gouf 2009 bis 2011 restauréiert.

Si steet zanter dem 30. Abrëll 2003 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dräi Brécken (Atertlinn) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).