Dräi Brécken

Vu Wikipedia
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.
Dräi Brécken zu Klengbetten

Dräi Brécken ass den Numm vun zwou Bréckekonstruktiounen zu Lëtzebuerg iwwer d'Äisch.

U sech sinn et keng eenzel Brécken, mä all Kéier eng Bréck déi aus dräi Béi besteet.

Am franséischsproochegen Ausland fënnt een den Toponym Troisponts oder Trois-Ponts och dacks erëm. Dobäi kann et sech och ëm eng Bréck mat dräi Béi dréinen, oder awer eng Uertschaft wéi z. B. Trois-Ponts an der Belsch wou dräi verschidde Brécken der Uertschaft den Numm ginn hunn, an zwar déi iwwer d'Amblève, déi zweet iwwer d'Salm, an déi drëtt iwwer de Ruisseau du Baleur.

Bekannt ass och noch de Bréckekomplex Trois Ponts beim Tunnel de la Gulpe um Y vun der Montzenstreck an der fréierer Linn 38 zu Hindel bei Montzen. Grad wéi bei den Trois Mousquetaires stëmmt den Numm net richteg well et sinn der véier an zwar dräi Brécken iwwer d'Strooss fir op Sippenaeken an eng fir de Gleisuschloss an Direktioun Hombourg.

Nach e puer: