Diskussioun:Juddentum zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dësen Artikel gouf aus dem Artikel Juddentum (an där heite Versioun) erauskopéiert an als eegenen Artikel ugeluecht.

Auteure vu virum 9.Abrëll 2012, 19.00 GMT, sinn do am Versiounshistorique nozesliesen.

--Zinneke (Diskussioun) 19:14, 9. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]


D'Kapitelen "1933-1940" an "1940-1945" sinn aus dem fréiere Artikel Shoah zu Lëtzebuerg eriwwergeholl ginn. Deen Artikel ass elo e Redirect heihinner. Auteuren virum 9. Abrëll 2012, 21:30 GMT, sinn hei am Historique nozeliesen. --Zinneke (Diskussioun) 19:34, 9. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Jiddesch / Jüddesch[Quelltext änneren]

Moien,

Souwuel de LOD wéi de Lex Roth schénge sech op "jiddesch" geeenegt ze hunn. "Jiddesch" schéngt mir da fir d'Spooch ze bleiwen. --Jwh (Diskussioun) 08:02, 8. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Den LOD seet och: Synonym="jiddesch"
  • Den DFL seet judäaesch, jiddesch, jüdesch, a Juden.....;
  • D'Luxemburger Wörtebuch kennt nëmme jiddesch;
  • Den Zimmer kennt et iwwrerhaapt keent der dervun;
  • De Luxdico och net.
Dat mol just zu den Tatsaachen an den Dictionnairen, an d'lb:Wiki hat sech op jiddesch' gëeenegt souwäit wéi ech dat an Erënnereng hunn. Ech mengen och datt d'Sprooch vun de Judden net JiddeschHebräesch ass.
De Lex Roth huet keng Dictionnairesfunktion, a sou laang wéi den LOD net offiziell ofgeseent ass an nach all dräi Woche seng Meenung ännert (net nëmme vu mir festgestallt), gleewen ech deem nëmme wat aner Dicoe konfirméeieren. Aus all menger Korrespendenz mam LOD fannen ech just eraus datt do net vill kapabel Leit setzen, datt se keng Linn hunn, mä wëlle jiddwrengem et gerecht maachen, bei de Prioritéite sech net de Kapp zerbriechen wat eventuell méi lëtzebuergesch kléngt, virum allem feelt en u Wierder (sou gutt am Dictionnaire, wéi och fir en ordentlech Äntwert ze ginn). Déi ëmmer erëm ernimmt Recommandatioune vum Sproochekommitee sinn néirens opzedreiwen. Den LOD ass just gutt fir Leit déi guer kee Lëtzebuergesch kënnen, an et ass menger Meenung déi trauregst Aarbecht déi op Käschte vum Staat gemaach gëtt. Déi sinn lo zwielef Joer am Gaang an nach net fäerdeg. Ech hunn aleng eng Minilëscht vun 200 banale Wierder (vu méi spezielle scho guer net ze schwätzen) déi ech iwwerhaapt net an deem Dictionnaire erëmfannen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:09, 8. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]
Moien, ech gesinn och kee Grond, firwat d'Wuert "Jiddesch" (dat morphologesch méi lëtzebuergesch ass wéi "jiddesch" oder "jüdesch") net déi zwou Bedeitunge soll hunn: 1) adjektivesch Referenz op "Juddentum" (als Relioun oder Kultur); 2) d'Sprooch Jiddesch. Woubäi ech just dem @Les Meloures seng Ausso heidriwwer wollt preziséieren, datt Jiddesch an Hebräesch zwou grondverschidde Sprooche sinn: Hebräesch ass déi semitesch Sprooch, déi vun de Judden am Noen Oste geschwat gouf, respektiv dat, zu deem se no der Schafung vum Staat Israel ausgebaut ginn ass, iwwerdeems Jiddesch eng germanesch Sprooch ass (déi wéinst Diphtonge wéi "éi" e gewësse Glach mam Lëtzebuergeschen huet) an déi a Mëttel- an Osteuropa geschwat gouf (an z.D. nach hei an do gëtt). --Zinneke (Diskussioun) 09:21, 8. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]
PS: Wat opschlossräich wier, erauszefannen, wéi déi betraffe Leit selwer soen, wann se vun hirer Relioun/Kultur schwätzen.
@ Zinneke: Merci fir d'Prezisioun am Zesummennhank mat der Sprooch ech hat guer net doru geduecht :-( --Les Meloures (Diskussioun) 09:32, 8. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]
Ma da losse mir et mol dobäi, ech hat de Synonym och iwwersinn. Mat "Jiddesch" hunn ech den Dialekt gemengt, also dëst, net dat wat an Israel geschwat gëtt. --Jwh (Diskussioun) 09:33, 8. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]